Lokal Ekonomie

Haff Delia vu Méchelbuch

Veröffentlicht: 22/09/2026 - 11:52
Aktualisiert: 28/09/2026 - 15:25
4 Minuten

Den Haff Delia zu Méchelbuch bei Viichten gëtt schonn an der siwenter Generatioun vun der Famill Delia bedriwwen. Haut féieren d'Marie-Lou an de John de Betrib an hir 3 Kanner mat vill Leidenschaft. Besonnesch wichteg ass hinnen den direkte Kontakt mat hire Clienten. Dofir hu si viru 7 Joer en Haff-Buttek opgemaach. An dësem Interview gi si eis en Abléck an hiren Alldag um Bauerenhaff. 

Wat produzéiert Dir um Haff?

Mir si virun allem e Mëllechbetrib. Donieft hale mir Fleeschkéi vun der Rass Aubrac. Mir baue Weess fir Miel an Hartweizen fir Nuddelen un, déi un d'Klengbettener Mille geliwwert ginn. Eis fräilafend Hinger leeë fläisseg Eeër an eemol am Joer bidde mir Zoppenhinger un. Donieft produzéiere mir Stroum mat eise Photovoltaikanlagen a loossen eis eegen Drëppe brennen.

Wéi vill Leit schaffen um Haff mat? 

Mir féieren de Betrib zu zwee. D'Marie-Lou këmmert sech ëm d'Hinger, d’Källwer, den Haff-Buttek an d'Bürosaarbecht, wärend de John fir dat grousst Véi an d'Feldaarbecht zoustänneg ass. Eis Kanner an hir Partner hëllefen och ëmmer nees mat aus.

Wee sinn Är Clienten? 

Eis Mëllech geet komplett un d'Luxlait. Donieft hu mir bal 400 Privatclienten, déi 3-4x d’Joer op Virbestellung Fleeschkëschte kréien. De Rescht vum Fleesch gëtt iwwer professionell Vermaartungsweeër verkaaf. D‘Eeër verkafe mir all an eisem Haff-Buttek.

Firwat ass Iech d'Direktvermaartung esou wichteg? 

Mir wëllen no bei eise Clientë sinn an hinnen e klengen Abléck an d'Liewen um Bauerenhaff ginn. Eis Clientë genéissen déi perséinlech Atmosphär, a mir versichen eisersäits, sou wäit wéi méiglech, op hir Wënsch anzegoen.

Op wat leet Dir bei Ärer Produktioun besonnesch Wäert?

Eis éischt Prioritéit ass, dass et den Déiere gutt geet. Mir leeë grousse Wäert drop, dass alles esou naturno wéi méiglech ofleeft. Wann eis Zoppenhinger emol e bësse méi kleng sinn, dann ass dat eben esou.

Wéi gesäit e ganz normale Schaffdag op Ärem Haff aus? 

Mir sti géint 6 Auer op a plangen als éischt den Dag. De John këmmert sech dono ëm d'Kéi, wärend ech Bürosaarbecht maachen. No engem gemeinsame Kaffi geet et an de Stall an op d'Feld. Mëttes iesse mir zesummen, an duerno geet d'Aarbecht am Stall oder um Feld weider. Ech kontrolléieren och dräi- bis véiermol den Dag eise Buttek, wou bis zu 30 Clienten den Dag laanschtkommen. Feierowend ass, jee no Saison an Aarbecht, tëscht 19 an 22 Auer. Samschdes gëtt nogeholl, wat an der Woch leie bliwwen ass, a sonndes gëtt dat nogeholl, wat samschdes leie bliwwen ass! Trotzdeem ass sonndes meeschtens méi roueg, och wann natierlech all Dag no de Béischten an dem Buttek muss gekuckt ginn. 

Vakanz gëtt also schwiereg?

Jo, effektiv, well wa mir wëlle fortfueren, musse mir ëmmer zwou Persoune fannen, déi eis Aarbecht iwwerhuelen. Déi lescht Kéiere sinn eis Kanner an hir Frënn agesprongen. Mir sichen eis eng Zäit eraus, wou um Haff net ze vill lass ass. Méi wéi dräi Deeg am Joer gi mir awer net fort.

Mat wéi engen Erausfuerderunge sidd Dir haut als Bauer konfrontéiert?

D'Pabeieraarbecht hëlt vill Zäit an Usproch. Fir ëmmer à jour ze sinn, kann ee gutt zwou Stonnen den Dag dofir arechnen. Eng weider grouss Erausfuerderung ass, dass ee permanent funktionéiere muss – och wann ee midd oder krank ass. Mam Alter spiert een dat natierlech ëmmer méi. Dobäi kënnt, dass een op alles virbereet muss sinn: op d'Laune vum Wieder, d‘Krankheete vun den Déieren, Präisschwankungen … Als Bauer muss een ëmmer op Zack sinn.

Äre Beruff tausche géift Dir awer trotzdeem net?

Nee, op kee Fall. Den Haff ass eist Liewen, mir maachen d’Aarbecht mat Häerz a Séil. Et ass e schéint Gefill, Liewensmëttel ze produzéieren, déi mir alleguer all Dag brauchen. Ausserdeem genéisse mir et, vill dobaussen an der Natur ze schaffen. An eisen eegene Chef ze sinn, huet natierlech och säi Charme!

Kontakt

Haff Delia
2, rue de Bissen
L-9173 Michelbouch
Tél. : 621 378 622

Haff Buttek
Bezuelt: Wero a cash

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Wirtschaft

Lokal Ekonomie

Wako

13/05/2026

Aktuelle Nachrichten