Wandpark Kanton Réiden

Wandpark Kanton Réiden – Aweiung mam Premier

Veröffentlicht: 27/10/2026 - 16:54
Aktualisiert: 27/10/2026 - 17:09
2 Minuten
Foto: SOLER

No zéng Joer Zesummenaarbecht tëscht Soler, dem Syndicat Kanton Réiden an de Gemenge vum Réidener Kanton ass et endlech esou wäit: De Wandpark Kanton Réiden ass komplett a Betrib!

Insgesamt fënnef Wandrieder dréinen elo an de Gemenge Rammerich, Ell a Réiden a produzéiere grénge Stroum. De Wandpark besteet aus véier Wandrieder vum Typ Enercon E-138 mat jeeweils 4,26 MW an engem Wandrad vum Typ Enercon E-115 mat 4,2 MW. Zesumme komme si op eng Leeschtung vu ronn 21 MW.

Foto: SOLER

An d'Zuele kënne sech weise loossen: Mat enger geschater Joresproduktioun vu 47,55 GWh kéint de Wandpark esou vill Stroum produzéieren, wéi 42.250 Persounen an engem Joer verbrauchen. Dat ass bal duebel esou vill wéi d'Awunnerzuel vum Réidener Kanton, wou den 1. Januar 2026 insgesamt 21.701 Leit gewunnt hunn.

Foto: SOLER

Den 23. Oktober 2026 gouf de Wandpark offiziell ageweit. D'Wieder huet dobäi perfekt zum Thema gepasst: Reen a kräftege Wand! Dat huet de Premier Luc Frieden an d'Ministere Lex Delles (Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus) a Serge Wilmes (Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit) awer net dovun ofgehalen, bei der Aweiung dobäi ze sinn.

Och Vertrieder vum Syndicat Kanton Réiden, d'Politiker vun den dräi betraffene Gemengen, d'Ekipp vu Soler an hir technesch Partner waren op der Plaz, fir dëse wichtege Moment zesummen ze feieren.

D'Awunner aus der Regioun waren och invitéiert, sech d‘Wandrad bei Rammerich méi genee unzekucken. Eng besonnesch Geleeënheet: Si konnten ee vun de risege Wandrieder vu bannen entdecken an den Experte vu SOLER hir Froe stellen. Esou krute si en interessanten Abléck an d'Technik an d'Funktiounsweis vun der Wandenergie.

Foto: Charles Reiser
Foto: Charles Reiser
Foto: Charles Reiser
Foto: SOLER
Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Umwelt

Aktuelle Nachrichten