Lokal Ekonomie

Nei Apdikt zu Réiden

Veröffentlicht: 18/08/2026 - 09:41
Aktualisiert: 18/08/2026 - 10:09
2 Minuten

No enger provisorescher Installatioun an de fréiere Raimlechkeete vum Restaurant L’Inouï ass d’Apdikt vu Réiden an e modulaart Gebai geplënnert, dat vis-à-vis vum Centre médical vu Réiden um Parking steet.

Déi nei Apdiktesch, d’Laurence Depienne, kennt d’Regioun gutt, well si selwer an eisem Kanton wunnt. Si schätzt dat ländlecht Ëmfeld an déi familiär Atmosphär am Duerf a freet sech, hir Erfarung an den Déngscht vun der Bevëlkerung ze stellen. Nom Doud vum Apdikter Marc Bruck am Mäerz 2024 ass d’Konzessioun fräi ginn. De Gesondheetsministère huet doropshin en Opruff fir d’Vergab vun dëser Konzessioun lancéiert. D’Laurence Depienne, déi bis elo d’Apdikt zu Gaasperech gefouert huet, krut schliisslech d’Konzessioun fir d’Apdikt zu Réiden ze iwwerhuelen.

Op dësem provisoresche Standuert beim Centre médical ass d’Apdikt vu méindes bis freides vun 8:00 bis 18:30 Auer duerchgehend op, souwéi samschdes vun 8:30 bis 12:30 Auer. Et gi Parkplazen an direkter dernieft, an d’Apdikt ass komplett accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit.

Mëttelfristeg wäert d’Apdikt definitiv an nei Raimlechkeeten an den Duerfkär vu Réiden plënneren, fir nach méi aktiv um sozialen Duerfliewe kënnen deelzehuelen. Déi nei Apdikt, där hir Ouverture fréistens an ongeféier engem Joer virgesinn ass, wäert den aktuellste Standarden a puncto Sécherheet an Accessibilitéit entspriechen. Si wäert ënner anerem en Accès fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit mat enger automatescher Dier an e liicht zougängleche Parking hunn.
 

Foto: Geoportail.lu

Adress

Réidener Aptikt
20, rue de la piscine 
L-8508 Redange
Tel. 621 812 255
 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Wirtschaft

Lokal Ekonomie

Wako

13/05/2026

Aktuelle Nachrichten