Lokal Ekonomie
Nei Apdikt zu Réiden
18/08/2026
D’Portraitsfotografin Alena Massen empfänkt Clienten an hirem Studio zu Platen. Si fotographéiert och Hochzäiten a bitt Shootingen dobaussen un. An hirer Aarbecht stinn Authentizitéit, perséinlechen Ausdrock an d’Déift hannert all Bild am Mëttelpunkt.
Ech sinn d’Alena Massen, Portraitsfotografin, a liewe mat mengem Mann an eisen zwee Jongen am Préizerdaul. Ech hunn a verschiddene Länner gelieft, an zënter 14 Joer ass Lëtzebuerg mäin Doheem. Dës Erfarungen hu mäi Bléck op d’Mënsche geformt an och d’Manéier, wéi ech haut Portraite fotograféieren.
Ech hu schonn ëmmer gär gezeechent, besonnesch Fraeportraiten, a probéiert eppes vun hirer déiwer Essenz festzehalen. Ursprénglech hunn ech Philosophie a Kultur studéiert a mech spéider als Coach forméiert. Nodeems ech Mamm gi sinn, huet mech d’Fotographie ëmmer méi ugezunn – als eng Méiglechkeet, Schéinheet, Gefiller an Eenzegaartegkeet zum Ausdrock ze bréngen.
Zu Lëtzebuerg ass dës Passioun lues a lues zu mengem Beruff ginn. Ech hunn um New York Institute of Photography studéiert, vill Workshops besicht a bilde mech kontinuéierlech weider.
2020 hunn ech mäin éischte Studio doheem opgemaach. Wéi meng Clientèle gewuess ass, sinn ech am November 2025 a mäin aktuelle Studio am Zentrum vu Platen geplënnert.
Fir mech geet et bei engem Portrait net nëmmen ëm dat Äusserlecht, mee virun allem dorëm, déi authentesch a perséinlech Säit vun enger Persoun ze erfaassen. Ech sichen no deem wat eng Persoun eenzegaarteg mécht, a probéieren dat mat Feigefill an Déift am Bild anzefänken.
E Fotoshooting ass e gemeinsame Prozess. Virum Shooting huelen ech mir Zäit, fir d’Wënsch vum Client ze verstoen – seng Inspiratiounen a säi Stil. Eng vertrauensvoll Verbindung ass entscheedend, fir datt de Client sech wuel fillt a sech opmaache kann.
Am Studio teste mir verschidde Stiler, mat enger Auswiel u Kleeder an, wa gewënscht, professionellem Make-up. Wärend der Sessioun leeden ech meng Clientë sou, datt si kënne lassloossen an de Moment genéissen. Esou e Shooting kann, besonnesch no schwéiere Liewenserfarungen, eng ganz stäerkend Erfarung sinn. Eng Sessioun dauert normalerweis ronn zwou Stonnen.
Ech hunn dee Moment gär, wann eng richteg Verbindung entsteet an d’Clienten ufänken, sech esou ze weisen, wéi se wierklech sinn. Hir Reaktioun ze erliewen, wa si hir fäerdeg Biller gesinn a sech freeën, ass immens beräicherend.
Als Fra iwwer 40 fillen ech mech mat dëser Liewensphas staark verbonnen. Vill Fraen ab deem Alter hunn d’Gefill, net méi wierklech gesinn ze ginn – dobäi gesinn ech an hinne sou vill Kraaft, Schéinheet an Déift. Et läit mir um Häerz, Portraiten ze schafen, déi genee dat weisen an de Fraen hëllefen, sech selwer mat neien Aen ze gesinn.
Mäi Schwéierpunkt läit op der Portraitsfotografie, besonnesch op Fraeportraiten. Ech fotograféieren awer och Männer, Kanner, Familljen, Schwangerschaften, Business- Portraiten an Hochzäiten.
D‘Clientë kënne bei mir héichwäerteg Fotobicher an aner gedréckte Produite bestellen. Virun all Sessioun huelen ech mir Zäit fir eng gratis éischt Consultatioun, an där mir Iddien zesummen entwéckelen an de Shooting ganz perséinlech plangen.
An enger Welt voller Selfien – firwat brauch et e professionelle Fotograf?
E professionelle Fotoshooting ass vill méi wéi just e Knäppchen drécken. En erlaabt engem, fir e Moment aus dem Alldag erauszetrieden, sech selwer mat aneren Aen ze gesinn an eppes Bewosstes a Bleiwendes ze schafen. Et ass eng ganz besonnesch Erfarung, bei där een net nëmmen e Bild mat heem hëlt, mee och e Stéck vu sech selwer nei entdeckt a festhält.
D‘Alena schwätzt e bësse Lëtzebuergesch, fillt sech awer méi wuel op Englesch. Dësen Interview gouf dowéinst op Englesch gefouert an op Lëtzebuergesch iwwersat.
Massen Photography
100, Rue Principale
L-8611 Platen
(+352) 621 25 14 21
portraits@massenphotography.lu
Lokal Ekonomie
18/08/2026
Lokal Ekonomie
18/06/2026
Lokal Ekonomie
18/06/2026
Lokal Ekonomie
13/05/2026
Lokal Ekonomie
08/04/2026
Wako
27/03/2026
Leader Wëlle Westen
18/08/2026
Kultur-Agenda
18/08/2026
Sport
18/08/2026
Lokal Ekonomie
18/08/2026
Vëlosummer 2026
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026