E Stopp fir de Mupp

3 Tonne Korke fir de gudden Zweck gesammelt!

Veröffentlicht: 28/10/2026 - 11:28
Aktualisiert: 28/10/2026 - 14:31
1 Minute

Beim Concours „E Stopp fir de Mupp“ hunn d’Awunner aus dem Réidener Kanton wärend dem Schouljoer 2025/2026 fläisseg Korke gesammelt – an dat mat engem beandrockende Resultat: 3.008 Kilo Korken, dat entsprécht ronn 860.000 Fläschen!

De Gewënner ass d’Gemeng Rammerich mat 678,5 Kilo (op der Foto vun der Éierung), virun der Gemeng Useldeng (528 Kilo) an Ell (333 Kilo).

Mat dëser Aktioun gouf net nëmmen e wäertvolle Bäitrag zum Recycling geleescht, mee och déi gutt Saach ënnerstëtzt: 900 Euro goufen un d’ASA (Amicale vun de Stëmmungs- an Assistenzhënn) gespent, déi sech fir Mënsche mat kierperlechen oder séilesche Beanträchtegungen asetzt.

All eis Gemengen, ausser der Gemeng Biekerech, maachen och dëst Schouljoer rëm mat. 

E grousse Merci un all d’Gemengen, Schoulen, Maisons Relais an Awunner, déi matgesammelt hunn, souwéi un d’Famill Ruppert vu Rammerich fir hiren Engagement!

Dëse Concours gouf vun der Maison Relais Préizerdaul organiséiert. Déi dreiwend Kraaft hannert der Aktioun war d’Arlette Hoffmann.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Gemeinden

Aktuelle Nachrichten