Restaurant « Am Schlass »

Veröffentlicht: 18/06/2026 - 15:00
Aktualisiert: 24/06/2026 - 09:17
1 Minute
Source: Restaurant « Am Schlass »

De Restaurant am Iewerlenger Schlass huet am Februar seng Dieren opgemaach. An dësem eenzegaartege, geschichtsträchtege Kader bitt de Gilles Siebenaller eng raffinéiert Kiche mat regionale Wuerzelen un. 

Kënnt Dir Iech wgl. kuerz virstellen?  

Ech sinn de Gilles Siebenaller, gebierteg vun Iewerleng. No mengem DAP als Restaurateur an Hotelier an der Hotelschoul zu Dikrech hunn ech op verschiddene Plaze wäertvoll Erfarunge gesammelt – vun der Maison Rouge zu Sëll, iwwer e renomméierten Hotel zu Paräis bis hin zu engem 5-Stärenhotel am Südtirol. 

Wéi ass d’Iddi vum Restaurant am Iewerlenger Schlass entstanen?  

D’Schlass gouf zënter 2018 fir Fester verlount, mee d’Iddi war ëmmer, hei e Restaurant opzemaachen. Wéi mir de Projet proposéiert gouf, hunn ech direkt zougesot. Et war ëmmer mäin Dram, en eegene Restaurant ze féieren – an an esou engem Kader ass dat eng eemoleg Chance. 

Wéi eng Aart vu Kiche bitt Dir un? 

Mir bidden eng Lëtzebuergesch-Franséisch Kichen un a leeë grousse Wäert op Qualitéit, Frëschheet a versiche sou vill wéi méiglech lokal Produiten ze verschaffen.  

Schafft Dir mat lokale Produzenten zesummen? 

Jo, mir bezéien eist Geméis, Eeër a Grompere vum Biohaff Kleer hei aus dem Duerf. Den Ueleg kréie mir vum Charly’s Oil vun Osper, an eis Drëppe vun der Distillerie Conter vu Sëll. Mir sinn dobäi, eis Gamme u lokale Produiten nach weider auszebauen.  

Wéi vill Persoune schaffe mat Iech zesummen?  

Eist Team besteet aus sechs Persounen: dräi an der Kichen, zwee am Service an eng Persoun fir d’Spull. 

Wéi géift Dir d’Atmosphär am Restaurant „Am Schlass“ beschreiwen? 

Mir ginn eist Bescht, fir eis Gäscht an engem rouegen, stilvolle Kader kulinaresch ze verwinnen, sou datt si fir e puer Stonnen dem hekteschen Alldag entfléie kënnen. 

Kann een och privat Evenementer bei Iech feieren? 

Jo, bei eis kënnt Dir Hochzäiten, Kanddafen, Kommuniounen a Gebuertsdeeg fir bis zu 50 Persoune feieren. 

Wat bedeit d’Gastronomie fir Iech perséinlech?  

D’Gastronomie ass meng grouss Passioun. Si erlaabt mir, meng Kreativitéit fräi auszeliewen an aus verschiddenen Zutaten eppes Besonnesches ze schafen. Am schéinsten ass et, wann d’Gäscht sech iwwer d’Resultat freeën a bei eis am Schlass e memorabele Moment erliewen. 

Restaurant am Schlass 
2A, rue Principale, 
L-8715 Everlange. 

Reservatioun: T. 26 64 65 oder reservation@amschlass.lu 

www.amschlass.lu  

Ëffnungszäiten:  
Mëttwoch bis Samschdeg 
12h00 – 13h30 | 18h30 – 20h30 
& Sonndeg vun 12h00 – 14h00 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Wirtschaft

Lokal Ekonomie

Wako

13/05/2026

Aktuelle Nachrichten