Lokal Ekonomie

Wako

Veröffentlicht: 13/05/2026 - 09:19
Aktualisiert: 22/05/2026 - 09:36
2 Minuten
Foto: Wako

Déi nei Produktiounshall vu WAKO an der Zone Solupla zu Réiden ass den 19. Mäerz a Präsenz vum Groussherzog Guillaume ageweit ginn.

Wat ass d’Geschicht vu WAKO?

WAKO ass 1930 zu Déifferdeng ënnert dem Numm Wagner & Koepches gegrënnt ginn. Am Ufank war d’Entreprise op d’Installatioun vu Jalousië spezialiséiert, huet sech awer no an no op d’Fabrikatioun vu Dieren a Fënsteren aus PVC an Aluminium orientéiert. Haut zielt de Grupp ronn 250 Mataarbechter, verdeelt op véier Sitten: Déifferdeng (Sëtz), Réiden (PVC-Produktioun) souwéi Suarlée an Zonhoven an der Belsch (Aluminium-Produktioun).

Foto: Wako

Wat produzéiert WAKO genee?

Eis Gamme ëmfaasst Fënsterkaderen aus PVC an Aluminium, Dieren a Schiebedieren aus PVC an Alu, Bannendieren an Trennwänn aus Aluminium (IDA), Vorhangfassaden a Verrièren, souwéi Pergolaen a Sonneschutzsystemer.

Un wie riichte sech Är Produiten?

Zu Lëtzebuerg schafft WAKO mat Promoteuren, Architekten an Entreprisen zesummen, riicht sech awer och u Privatleit, dank den eegene Montageekippen. Am Showroom zu Déifferdeng kann een eis ganz Gamme entdecken.

Foto: Wako

Wat fir Aktivitéite ginn zu Réiden duerchgefouert?

De Site zu Réiden ass ganz der Fabrikatioun vu PVC-Fënsterkaderen an Diere gewidmet. An der neier Hall ginn déi automatiséiert Schrëtt duerchgefouert: d’Schneide vun de Schüco-Profiler, d’Verstäerkung mat Stol, de Montage an d’Verschweesse vun den Elementer. D’Profiller kommen eran an d‘Hall mat enger Längt vu 6m a ginn als fäerdeg Fënsterkaderen erëm eraus, ier se an déi al Hall weidergeleet ginn.
Do erfollegen déi manuell Etappen, wéi d’Zesummesetze vum Ouvrant an Dormant, d’Asetze vum Glas, d’Finitiounen an de Montage vun Accessoiren (Schwellen, Jalousien, asw.). Hei ginn och speziell Commanden an d’Produktioun vu bannenzegen Aluminium-Dieren an -Trennwänn (IDA) realiséiert.

Foto: Wako

Wéi vill Leit schaffe bei Iech zu Réiden?

Zu Réiden schaffen ongeféier 80 Leit, dovunner ronn 50 an der Produktioun. 

Wat waren d’Ziler vun Ärer rezenter Investitioun?

Mir hunn zu Réiden en zweeten Atelier gebaut, fir eis Produktiounskapazitéit ze erhéijen an d’Qualitéit vun eise Produiten nach weider ze verbesseren. Dës Investitioun vun 8 bis 9 Milliounen Euro ëmfaasst en neit Gebai mat modernste Maschinnen, Solarpannoen an ee komplette Reamenagement vun der aler Hal.
Eis Kapazitéit ass domat verduebelt ginn a läit elo bei 50.000 Fënsterkaderen d’Joer. Dës Investitioun weist, datt WAKO un eng Reprise vum Marché gleeft a seng Positioun als zouverléissege Produzent weider stäerke wëll.

Foto: Wako

Wat fir Moossnamen ergräift Dir fir d‘Ëmwelt? 

De Site ass mat 730 Solarpannoen equipéiert an et gi Systemer agesat, fir den Energieverbrauch an d’Offäll ze reduzéieren. Zousätzlech ënnerstëtzt WAKO d’ONG „Graine de Vie“, déi schonn iwwer 800.000 Beem geplanzt huet – en Engagement a Richtung Klimaneutralitéit.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Wirtschaft

Aktuelle Nachrichten