Kanton Réiden Vivre Ensemble

Zesumme liewen, Kulturen deelen: Wat verbënnt eis?

Veröffentlicht: 27/10/2026 - 10:00
Aktualisiert: 27/10/2026 - 10:03
1 Minute
Foto: ChatGPT

Wat bréngt eis zesummen, a wéi kënne mir d’Zesummeliewen an eiser Regioun weider stäerken? Mat dëse Froen invitéiert de Service Vivre Ensemble am Kader vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen de 14. November vun 8:30 bis 12:00 Auer op e Workshop vun dräi Stonnen am ALR zu Réiden zum Thema „D’Kultur vum Zesummeliewen“.

Kultur ass vill méi wéi Konscht a Musek. Si weist sech och an eise Veräiner, eisen Traditiounen, eise Sproochen an an der Villfalt vun eise kulturellen Hannergrënn. Am Workshop wëlle mir zesummen entdecken, wéi dës Villfalt d’Zesummeliewe fërdere kann, wéi mir Brécke bauen a wéi mir méiglech Hindernisser zesummen iwwerwanne kënnen.

All Biergerin an all Bierger, onofhängeg vum Alter oder kulturellen Hannergrond, ass häerzlech wëllkomm. Och kleng Kanner kënnen natierlech matbruecht ginn. D'Sprooch ass Lëtzebuergesch, awer et gëtt simultan Iwwersetzungen op Franséisch, Englesch a Portugisesch.

Kommt mat diskutéieren, Är Erfarungen deelen an Iddien entwéckelen, fir e respektvollt a solidarescht Zesummeliewen an eiser Regioun ze stäerken.

Umeldunge w.e.g. u vivre-ensemble@kanton-reiden.lu

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Syndikat

Aktuelle Nachrichten