Albert Kerger

Dem Albert Kerger seng grouss Passioun fir de Sport

Veröffentlicht: 15/04/2026 - 15:56
Aktualisiert: 27/04/2026 - 17:40
5 Minuten
Foto: Collection privée Albert Kerger

Den Albert Kerger vu Foulscht ass mat sengen 88 Joer bemierkenswäert aktiv: Hie fiert Vëlo, leeft, schafft am Gaart an am Bësch. Iwwer säi ganzt Liewe gekuckt, ass hien eemol een Tour ëm d'Welt gelaf. Wéi et dozou koum, verréit de Papp vun 3 Kanner a Bop vun 2 Enkelkanner an dësem Gespréich. 

Wéini a wou sidd Dir op d’Welt komm?

Ech sinn den 31. August 1937 doheem zu Rammerich op d’Welt komm. 

Zielt eis bëssi aus Ärer Kandheet!

Mir waren zu 6 Kanner, ech war d’Nummer dräi. Mäi Papp war Schmadd zu Rued an hat niewelaanscht e klenge Bauerebetrib, mat enger Handvoll Kéi, Schwäin, Hinger an e puer Hektar Land, wou mir och Groumpere ugebaut hunn. Meng Mamm huet – wéi dat deemools üblech war – de Stot doheem gefouert. No der Primärschoul zu Rammerich sinn ech zwee Joer mam Vëlo an d’Beruffsschoul op Réiden gefuer. 

Foto: Collection privée Albert Kerger

Erënnert Dir Iech nach un de Krich?

Wärend der Ardennenoffensiv war ech 7 Joer al. Zu 23 Leit –  Famill an Noperen – hu mir eis an eisem verwëllefte Keller virun de Bombardementer geschützt. An Decke gewéckelt, louche mir nuets op de Groumperen ze baangen. 

E puer Deeg duerno sinn ech bei batterer Keelt ze Fouss mat mengem Pätter vu Rammerich op d’Gelt getrëppelt. Do hunn ech gesinn, wéi gefruere gefalen U.S. Zaldote vun engem Camion op een aner geluecht goufen, fir op Hamm transportéiert ze ginn. 

Dat sinn traumatesch Erliefnesser fir e klenge Jong … 

Jo, an et gouf nach aner brenzeleg Situatiounen. Eng Kéier wollt een däitschen Zaldot eng Flak nieft eisem Haus opstellen, fir op d’Amerikaner ze schéissen. Glécklecherweis huet hien dovun ofgesinn, soss hätte mir aus Angscht virun amerikanesche Géigeschëss eist Haus misse verloossen. 
Eng aner Kéier ass een Däitsche bei eis schelle komm, fir ze kontrolléieren, ob sech Amerikaner an eisem Haus verstoppt hätten. Mäi klenge Brudder huet wärend dem Besuch onschëlleg gefrot: „Sinn dat d’Preisen?“ Mäi Papp huet direkt geäntwert: „Sief dach nëmme roueg!“ Wat ware mir all frou, wéi dee schreckleche Krich eriwwer war! 

Foto: Collection privée Albert Kerger

Wéini ass d’Leidenschaft fir de Sport, besonnesch fir d’Lafen, entstanen?

Mat 17 Joer sinn ech reegelméisseg vu Rammerich op Uewerpallen bei meng Schwëster gelaf – mat normale Liedersschung, déi ëmmer frësch gewichst goufen!  Ech hunn do geschlof a si moies rëm heem gelaf. 

Beim Militär huet sech d’Leidenschaft fir d’Lafen du richteg entwéckelt. Mat 24 Joer hunn ech ugefaang zu Feelen Fussball ze spillen, duerno och zu Foulscht a Rammerich. 

Wat fir e Beruff hutt Dir geléiert, a wou hutt Dir geschafft?

Ech hu fir Schmadd-Schlässer geléiert. Dee Beruff huet mir awer nit gefall an ech sinn dowéinst nom Militär bei d’Eisebunn gewiesselt. Bei der CFL war ech fir d’éischt op der Stengeforter Gare am Asaz. 1967 hunn ech den Depart vum leschten Zuch vun der Atertlinn ginn, ier se suppriméiert gouf – e wierklech traurege Moment! Duerno sinn ech op d‘Stater Gare gewiesselt, als Aufsichtsbeamten an hunn ënner anerem de Schülertransport bei de Busse gereegelt. Ech hunn ëmmer gär geschafft, bis ech den 1. September 1994 an d’Pensioun gaange sinn. 

Foto: Collection privée Albert Kerger

Op wéi eng sportlech Laf-Erfolleger kënnt Dir haut zréckkucken?

Mat 45 Joer hunn ech ugefaang, Marathonen ze lafen. Ech sinn ënner anerem dräimol zu Berlin matgelaf, wou ech mat 2h 49min 57s meng Beschtzäit erreecht hunn. Donieft sinn ech zu Stockholm, Oslo, Iechternach an um ING-Marathon an der Stad gestart. Ech hunn och gär u Crossen a Stroosseleef deelgeholl. Mäi bescht Resultat war eng Zäit vu 37 Minutten um Rammericher Silvesterlaf.

An Dir hat och Ären eegene järleche „Pilger-Laf“?

Vun 1982 bis 2017 sinn ech vu Foulscht an d’Oktav gelaf. Ech sinn an der Nuecht um 2:45 gestart a sinn op der Haaptstrooss iwwer Hueschtert, Sëll, Koplescht an de Rollingergronn gelaf. No 35 Kilometer huet meng Fra um 5:30 do op mech gewaart – am Auto, mat enger Wäschschossel, Kostüm a Krawatt. Punkt 6:00 stounge mir wéi all aner Pilger an der Kathedral.

Foto: Collection privée Albert Kerger

War et fréier üblech lafen ze goen?

Absolut net. D’Leit hu mech dacks gefrot, ob ech soss näischt ze dinn hätt. De Lafsport ass hei eréischt vill méi spéit populär ginn.

Wat ass Äert Rezept, fir am héijen Alter fit ze sinn?

Ouni gesond Ernärung geet et net. Mir iesse vill Geméis aus eisem eegene Gaart a meng Fra ass eng exzellent Kächin. 
Zousätzlech hëlleft e gereegelt Liewen: net fëmmen, net ze vill Alkohol, zefridde sinn an ëmmer a Beweegung bleiwen. Nieft dem Sport, hale mech de Gaart, d‘Holzmaachen an den Haushalt op Trapp. Sou hunn ech mäi Gewiicht vun 63 Kilo zënter mengem 19. Liewensjoer bis haut kënne behalen.

Foto: Collection privée Albert Kerger

Laaft Dir och nach haut mat 88 Joer?

Jo, ech gi gemittlech fir mech lafen. Competitioune maachen ech keng méi. Beim ING-Marathon mat 81 Joer war ech esou um Enn, datt ech decidéiert hunn, et wier mäi leschte Marathon. Beim Réidener Wanterlaf sinn ech awer nach ëmmer derbäi. Pro Woch kommen ech op ronn 30 Kilometer – viru puer Joer waren et nach 50.

An den 1990er hutt Dir dunn och Är Léift fir de Vëlo entdeckt…

Jo, de Vëlo ass fir mech haut dat Schéinst! Ech hu mat grousser Freed bei ville Randonnéeën deelgeholl. Meng Liblingscourse ass d’Rominger Classic. Donieft verbannen ech och vill schéin Erënnerunge mat Coursë wéi der Trophée Jempy Schmitz, der Petite Crique, der „La Charly Gaul“, L’Ardéchoise an dem Biergzäitfueren „Mam Vëlo de Buurschter rop“. Ech fuere besonnesch gär Bierg a sinn dacks am Éislek ënnerwee. 

Wéi e Vëlo fuert Dir elo?

Ech hu mir mat 86 Joer mäin 1.Vëlo mat Batterie kaf – dee wäert mech nach déi nächst Jore begleeden!  

Wann Dir Iech nach e Wonsch kéint erfëllen – wat wier deen?

Ech wënsche mir, déi Joren, déi mir nach geschenkt ginn, zesumme mat menger Fra ze verbréngen an dobäi weider esou aktiv ze bleiwen.

Den Albert Kerger weist, datt Beweegung, Bescheidenheet a Freed um Alldag dat bescht Rezept fir e laangt a gesond Liewe sinn. Säi Liewenswee ass Inspiratioun a Motivatioun zugläich a mir soen him villmools Merci, dëse mat eis gedeelt ze hunn. 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Sport

Aktuelle Nachrichten