De Kanton Réiden Magazine
Merci fir Är Meenung! Hei sinn d'Resultater vun eiser Ëmfro.
29/09/2026
De Samschdeg, de 25. Abrëll 2026, huet d‘Bicherbox-Event „Literatur, déi verbënnt“ vum Service Vivre Ensemble vum Kanton Réiden an der aler Schoul zu Mäerzeg e grousse Succès gefeiert. Vun 14:00 bis 18:00 Auer hunn iwwer 100 Leit de Wee op d’Evenement fonnt, fir zesummen en agreabelen an inspiréierenden Nomëtteg ze verbréngen. Dëst mat der Hëllef vum Umbrella-Projet „Bicherboxen“ vum LEADER Wëlle Westen.
D’Visiteuren, Grouss a Kleng, konnten un enger Villfalt vun Aktivitéiten deelhuelen: spannend Liesunge fir Kanner an Erwuessener, eng Quiz-Rallye, Spiller ronderëm d’Thema Bicherboxen an Atelier, wou Kanner ënner anerem hiert eegent klengt Bichelchen erstallt hunn. Dobäi gouf et och d’Méiglechkeet, bei engem Stéck Kuch an engem Gedrénks gemittlech zesummenzesëtzen an sech auszetauschen. D’Evenement huet domat genee dat geschaf, wat et versprach huet: eng waarm a convivial Atmosphär, an där d‘Literatur Mënsche verbënnt.
Am Kader vum Projet „Kultur Mosaik Lëtzebuerg“ vun der ALDIC, dat mir als Element vun der intergenerationeller Initiativ JU-SE vum Service vum Vivre Ensemble ënnerstëtzen, goufen zousätzlech erfollegräich Interviewe mat Seniorinnen duerchgefouert, déi wäertvoll Ablécker an hir Liewensgeschichten an hir Bezéiung zur Literatur ginn hunn an och an engem Buch publizéiert solle ginn.
Besonnesch ervirzehiewen ass, datt dëst dat éischt literarescht Event vum Syndikat Kanton Réiden war: e wichtege Schratt, fir d’Bicherboxen nach méi als kulturell Treffpunkten an der Regioun ze verankeren.
Mir soen dem LEADER Wëlle Westen, der Gemeng Mäerzeg, alle Participanten a Matwierkenden ee grousse Merci fir dëse gelongenen Nomëtteg!
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
28/09/2026
Repair Café Kanton Réiden
28/09/2026
Deputéierten Kanton Réiden
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
OSCARE
02/10/2026
Kultur-Agenda
29/09/2026
Theater
29/09/2026
Gemeng Rammerich
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026