Albert Kerger
Dem Albert Kerger seng grouss Passioun fir de Sport
15/04/2026
1996 gegrënnt zielt den Dauler Fiederball haut iwwer 50 aktiv Memberen. Et ass deen eenzege Fiederball-Veräin am Réidener Kanton.
Mir sinn op fir Jonker ab 10 Joer an Erwuessener. Déi meescht si jonk Erwuessener, mee mir hunn och nach Memberen iwwer 60. Gruppen no Alter ginn et net – mir trainéieren alleguer zesummen.
Jo, dat ass ee wichtegen Deel. Verschidde Spiller hunn eng Competitiounslizenz a spille bei Masteren oder Landesmeeschterschafte mat. Fir Spiller mat Hobbylizenz ginn et ronn zéng Turnéieren d’Joer am Land. Selwer organiséiere mir véiermol d’Joer en Turnéier.
Nieft dem Training si vill vun eis och privat gutt Frënn, bal all Dag leeft eppes – eng Aktivitéit, ee Message oder e kollegiaalt Beieneesinn. Mir maachen Ausflich op Turnéier, ginn zesumme spadséieren oder Vëlo fueren a paken eng Hand u bei lokalen Evenementer wéi Ouschteren am Daul, Street Festival oder der Nuit du Sport.
Een Highlight war 2017, wou mir mat enger akademescher Seance an enger Publikatioun eis 20-Joer gefeiert hunn. Sportlech gesinn hu mir all Joer Erfolleger – iergendeng vun eisen Equipe steet sécher bei engem Masters um Podium. 2 vun eise Männer haten an hirer Kategorie 2025 d’Landesmeeschterschaft gewonnen.
Mir schaffen zesumme mat der Federatioun drun, eis Trainingen nei opzestellen. Déi zweet Erausfuerderung ass déi schlecht Siicht an der Sportshal: déi wäiss Bäll si virun der wäisser Rideau kaum ze gesinn. Hei hoffe mir op Ënnerstëtzung vun der Gemeng, fir eng méi däischter Rideau oder soss eng Léisung ze fannen.
Direkt Member gëtt een net. Fir d’éischt mellt een sech bei engem Comitésmember a kënnt 4–5 Mol schnupperen. Wann et engem gefält, froe mir eng Lizenz un an da gëtt de Joresbäitrag fälleg.
Dauler Fiederball
Mail: dauler.fiederball@gmail.com
Websäit: www.daulerfb.com
Telefon: 621 512 363 (Theo Ney)
Albert Kerger
15/04/2026
Cycling Team Atertdaul
17/02/2026
Atert Lycée Réiden
20/01/2026
Yoga
24/11/2025
Lafevents
24/11/2025
Sportlech Aktivitéiten
23/05/2025
Kultur-Agenda
30/04/2026
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
29/04/2026
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026