Schankemännchen
Theater fir Kanner - Schankemännchen 2026 - vum 22 bis den 25. Juli
30/06/2026
Mat „Koll an Aktioun“ steet och 2026 nees e besonnesche Kulturfestival am eenzegaartege Kader vum Schiefermusée zu Uewermaartel un. Vum 22. bis den 24. Mee 2026 verwandelt sech de Site an eng lieweg Plaz fir Musek, Konscht, Austausch a Genoss.
De Festival versteet sech als „Festival fir jiddereen“ a setzt op Oppenheet a Villfalt. E groussen Deel vum Programm ass fräi zougänglech: an ënnerschiddlechen Beräicher kënnen d’Visiteuren duerch e kreative Maart trëppelen, u Workshops deelhuelen, Liesungen a Performancen entdecken oder einfach de beandrockende Site genéissen.
Zousätzlech suerge vill Concerten mat lokale wéi och internationale Kënschtler fir musikalesch Héichpunkten. Stroossekonscht, Filmvirstellungen a vill Matmaach-Offere fir Grouss a Kleng maachen de Programm komplett.
Zanter iwwer zéng Joer steet „Koll an Aktioun“ fir Kreativitéit, Gemeinschaft a kulturell Diversitéit – a lued dozou an, Neies ze entdecken, Leit ze begéinen an zesummen e inspiréierende Weekend ze erliewen.
Organiséiert vun der Kollibri asbl mat Hëllf vum Musée de l’Ardoise an der Gemeng Rammerich.
Schankemännchen
30/06/2026
Kultur-Agenda
30/06/2026
Musikschoul
18/06/2026
E Concert tëscht Klassesch a Rock
18/06/2026
Musikschoul
29/05/2026
Kultur-Agenda
27/05/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Schiefermuseum
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026