Kanton Réiden Mobilité

Informatioune fir d’Frënn vum Vëlo

Veröffentlicht: 27/04/2026 - 18:17
Aktualisiert: 29/04/2026 - 09:09
2 Minuten

Dëst sonnegt Wieder ass perfekt fir mam Vëlo een Tour duerch eise Kanton ze fueren. Profitéiert vun eisem 230km laangen Vëlosnetz a léiert eis Regioun an hirer ganzer Schéinheet kennen! Sämtlech ausgeschëldert Vëlosweeër fannt Dir op geoportail.lu an op den Apps (Komoot, Outdooractive, …). 

Deviatioun Réiden

D'Administration des Ponts et Chaussées huet eis informéiert, datt si wéinst dem Camionsverkéier am Kader vum Chantier vun der Bréck an der Biekerecherstrooss zu Réiden d'Vëlospiste a Richtung Solupla nach weider verluecht wëlle behalen.

D'Vëlospiste ass net méi komplett ofgespaart; et ass also scho méiglech, se ze benotzen. Allerdéngs wëll Ponts et Chaussées verhënneren, datt et zu geféierleche Situatiounen um Chantier kënnt, a recommandéiert dowéinst weiderhin, d'Deviatioun iwwer d'Schleisschen ze huelen. Weekends, wann net um Chantier geschafft gëtt, ass de Passage natierlech ouni Problemer méiglech.

Sollt et zu enger Ännerung kommen, gi mir vun der Administration des Ponts et Chaussées informéiert.

Deviatioun Rammerich

An der Rue du Château zu Rammerich, wou och d‘PC17 driwwer verleeft, ass déi nächst 3 Wochen (bis den 18. Mee) e Chantier fir d’Waasserleitungen ze erneieren a Glasfaser ze leeën. 

D’Deviatioun verleeft iwwer d’Haaptstrooss an d’Rue de Roodt zu Rammerich.

Deviatioun Viichten

Wéinst Bëschaarbechten ass d’Vëlospist tëscht Béiwen/Atert a Viichten vum 4. bis de 6. Mee gespaart. D’Deviatioun verleeft iwwer de Viichtenerwee zu Béiwen.

Botze vu Vëlosweeër

Mir kruten eragemellt, dass verschidde Vëlosweeër net propper sinn an hunn déi concernéiert Gemengen doriwwer informéiert.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Mobilität

Aktuelle Nachrichten