Musikschoul

Porte ouverte an der Musikschoul Kanton Réiden: 16. Mee 2026

Veröffentlicht: 28/04/2026 - 11:47
Aktualisiert: 28/04/2026 - 11:55
1 Minute
Foto: EMCR

D’Musiksschoul Kanton Réiden invitéiert häerzlech op hir Porte Ouverte, déi e Samschdeg, de 16. Mee 2026 vun 11:00 bis 15:00 Auer stattfënnt. 
Interesséiert, Schüler a Familljen hunn d’Méiglechkeet, d’Musiksschoul an hirem ganze Spektrum kennenzeléieren. Am Laf vum Dag ginn et vill Concerten, Presentatioune vun Instrumenter an Ablécker an déi verschidde Klassen. Vun Ensembelen aus Bléiser, Sträicher a Perkussioun bis hin zu Gesang, Piano, Gittar an Theater – fir all Goût ass eppes dobäi. 

D’Visiteuren kënnen net nëmme nolauschteren, mee och selwer entdecken, Froen stellen an direkt mat den Enseignanten an de Schüler an den Austausch kommen. Och d’Musiksveräiner si present a suerge fir eng flott Atmosphär. Fir d’Wuelbefannen ass mat engem Foodtruck gesuergt. 
D’Porte Ouverte ass déi ideal Geleeënheet, fir nei Passiounen ze entdecken a sech iwwert d’Formatiounsofferen ze informéieren. D’Umeldunge fir nei Schüler si vum 16. Mee bis den 13. Juni 2026 méiglech.

Dir fannt de Programm vun eiser Porte Ouverte hei ënnendrënner:

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kultur

Aktuelle Nachrichten