Lafevents

 Fit an d’Joer 2026: Maacht mat bei de Lafevents am Kanton Réiden!

Veröffentlicht: 24/11/2025 - 15:56
Aktualisiert: 27/11/2025 - 14:19
2 Minuten
Foto: Réidener Wanterlaf asbl

No de Feierdeeg, wou gutt Iessen, Fondueowenter an de leckere Schockela Standard-Programm waren, gëtt et näischt Besseres, wéi nees richteg a Beweegung ze kommen. Mir hunn déi perfekt Léisung fir d’Iwwerschosskalorie lasszeginn an d’Joer mat engem sportlechen Zil unzefänken!

Ab Enn Dezember 2025 luede Lafevents Iech all an, egal ob Dir nach just ufänkt oder scho laagjäreg Leefer sidd. Dës Evenementer sinn eng super Geleeënheet, fir Iech z’erhalen, fir frësch Loft ze tanken an zesumme Spaass ze hunn.

42. Sylvesterlaf zu Rammerich, Mëttwochs den 31. Dezember 2025

Mëttwochs, den 31. Dezember fënnt den 42. Sylvesterlaf zu Rammerich statt. Organiséiert vun der Entente Sylvesterlaf '84, versprécht dësen traditionelle Laf e sportlechen a spannende Start an dat neit Joer.

De Startschoss fir den 10km Stroosselaf ass um 15h00 virun der Rammericher Gemeng.  
Verfleegung gëtt et bei 3,5km, 6,8km a am Zil. D’Pré-inscriptioun virum 26. Dezember kascht 15€, op der Plaz bis 14h00 20€.

Fir d’Kanner ginn et extra Strecken:

  • 5-9 Joer: 900m   Départ um 14h10 (ouni Chrono)
  • 10-13 Joer: 1800m Départ um 14h25 (mat Chrono)

De Kannerlaf ass gratis!

Méi Informatiounen an Umeldung ënner: www.sylvesterlaf.lu oder via E-Mail un info@sylvesterlaf.lu

De Réidener Wanterlaf, Sonndes de 4. Januar 2026

Sonndes, de 4. Januar fënnt déi 18. Editioun vum Réidener Wanterlaf zu Réiden am Atert-Lycée statt.  

Et gi 6, 10, 14 a 19 Kilometer ugebueden, déi entweeder kënne spadséiert (Depart: 8h45) oder gelaf (Depart: 10h00) ginn, alles ouni Chrono. Fir d'Verfleegung ënnerwee a bei der Arrivée ass beschtens gesuergt.

Pré-Inscriptioun bis de 28.12 iwwer www.chiplauf.de oder sur place, Samsdes 03.01 vu 14h00 bis 17h00 a Sonndes 04.01 ab 8h00. 

Méi Info an Umeldung : https://www.wanterlaf.lu/

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Sport

Aktuelle Nachrichten