Yoga

Kanner-Yoga – eng nei Offer vum Service Sports

Veröffentlicht: 24/11/2025 - 16:23
Aktualisiert: 27/11/2025 - 14:34
2 Minuten
Foto: Kanton Réiden

Zënter dësem Schouljoer bitt eise Service Sports een neie Cours un: Yoga fir Kanner tëscht 4 a 6 Joer. D’Mataarbechterin Monique Mille, déi sech am Summer zu München weidergebilt huet, erzielt am klengen Interview, wat Yoga de Kanner brénge kann.

Monique, wéi bass du op d’Iddi komm fir Kanner-Yoga unzebidden?

Ech praktizéiere scho laang Yoga a weess, wéi gutt et fir Kierper a Geescht ass. Dofir wollt ech de Kanner dës Erfarung méi nobréngen. Et ass och eng flott Ergänzung zu eise Sportcoursen.

Wat si positiv Effekter, dee Yoga bei Kanner an deem jonken Alter kann hunn?

Yoga verbënnt Beweegung, Entspanung an Achtsamkeet – genee dat, wat vill Kanner am hekteschen Alldag brauchen. D’Kanner entwéckele Gläichgewiicht, Konzentratioun a Selbstbewosstsinn – ganz ouni Leeschtungsdrock. 
D’Sessioune si kuerz, spilleresch a mat engem Mix aus Spaass a Rou. Déi Kleng léiere sech besser ze spieren, ze entspanen an hir Emotiounen ze verstoen. Ech weisen en och mol einfach Übunge fir den Alldag.

Wat gefält dir am beschten un der Aarbecht mat de Kanner beim Yoga?

Et gefält mir, datt all Kand säin eegene Rhythmus huet a jidderee matmaache kann, wéi e sech wuelfillt. Et ass schéin ze gesinn, wéi d'Kanner sech op d’Geschichten aloossen an alles ronderëm vergiessen. Heiansdo entwéckele mir d’Geschicht zesummen – d’Kanner bréngen esou vill Fantasie an Iddien eran. Et ass genial, wéi kreativ d’Kanner sinn! Am Grupp léieren ech d’Kanner ganz anescht kennen an et entsteet eng schéi Vertrautheet.

Wéi ënnerscheet sech Kanner-Yoga vum Erwuessenen-Yoga?

Beim Kanner-Yoga steet virun allem de Spaass am Mëttelpunkt. D’Positioune si wéi beim Erwuessenen-Yoga, mee si ginn op spilleresch Aart a Weis a Geschichten agebaut. D’Kanner ginn zu Déieren oder fantastesche Wiesen – fléie wéi e Päiperlek oder sti staark wéi e Bam – a léieren esou Yoga mat Fantasie, Freed an ouni Drock.

Wéi hunn d’Kanner reagéiert, wéi se déi éischte Kéier Yoga ausprobéiert hunn?

D’Kanner hu ganz gutt op déi éischt Yogastonn reagéiert. E puer hate schonn e bëssen Erfarung aus der Schoul oder vun den Elteren. No der Stonn hu si gesot, si géife sech zefridden a relaxéiert fillen – dat seet eigentlech alles.

Fir beim Cours matzemaachen, huet wgl. Kontakt mat Service Sports op. 


Kanton Réiden Service Sports
+ 26 621 705
sports@kanton-reiden.lu

Foto: Kanton Réiden
Foto: Kanton Réiden
Foto: Kanton Réiden
Foto: Kanton Réiden
Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Sport

Aktuelle Nachrichten