Atert Lycée Réiden
D’Theatergrupp „TheAtert“ bréngt en neit Stéck op d’Bün
25/03/2026
Den 18. Abrëll invitéiert den Atert-Lycée op seng Portes ouvertes, dëst vun 9 bis 13 Auer. De Lycée präsentéiert op deem Dag säi pädagogescht Konzept, seng verschidden Aktivitéiten an natierlech seng Infrastruktur.
All Stonn gëtt am Festsall eng Präsentatioun vun der Direktioun (ofwiesselnd op Lëtzebuergesch a Franséisch) ofgehalen a parallel dozou fanne Visitten duerch d’Gebai statt, wou d’Visiteure vu Schülerinnen a Schüler an engem Enseignant duerch d’Gebai gefouert ginn.
Am Hall vum Lycée fannen d’Visiteure Stänn vun de verschiddene Fächer a Servicer (SePAS, ESEB, Service éducatif) wou Dir mat Enseignanten, Educateuren a Psychologen an d’Gespréich komme kënnt an Är Froen zu de Programmer oder dem Encadrement beäntwert kritt.
Zil vum Dag ass et de Schüler aus dem Cycle 4 an hiren Elteren d’Spezifizitéite vum Atert-Lycée wéi FOLA-Stonnen, Übungsplang, COACH-Stonnen an eis grouss Parascolaire Offer mat de Mëttesaktivitéiten an den ALR-Talents virzestellen. Mä och fir Schüler déi schonns am Lycée sinn an iwwert e Wiessel an den ALR nodenken ass d’Portes ouvertes de richtege Moment fir e Bild vum Fonctionnement vum Lycée ze kréien a sech iwwert d’Viraussetzunge vun engem Wiessel ze informéieren.
Am Kader vun der Portes ouvertes ass och eng Visitt vum Internat méiglech, d’Educateure si präsent fir all Froen zum Dagesoflaf am Internat ze beäntwerten.
D’Enseignanten aus dem Sport an d’Membere vum Elterecomité suergen derfir, datt keen hongereg oder duuschtereg muss heem goen. Fir Leit mat klenge Kanner ass och eng Garderie sur Place organiséiert, wou eis Educateuren sech ëm déi kleng Kanner këmmeren, wann déi grouss Geschwëster mat den Elteren op der Visitt sinn.
Kommt den 18. Abrëll am Atert-Lycée laanscht, et lount sech!
Atert-Lycée Réiden
1, rue du Lycée
8508 Redange
T. 26 62 32 200
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
20/03/2026
Atert Lycée Réiden
27/02/2026
Réidener Jugendtreff
23/02/2026
Club Soroptimist Mosaik
19/01/2026
Youth & Work
08/01/2026
Wako
27/03/2026
Gemeng Réiden
27/03/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/03/2026
Kanton Réiden Mobilité
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Kultur- a Buergfrënn
24/03/2026