Atert Lycée Réiden

Relais pour la Vie am ALR

Veröffentlicht: 20/03/2026 - 09:49
Aktualisiert: 27/03/2026 - 09:56
1 Minute
Foto: ALR

De 6. Mäerz war grousse Rendez-vous um Site vum Atert-Lycée Réiden fir den „ALR goes Relais pour la Vie“. Vu moies 9 Auer u sinn esou 1500 Schüler mat hire Proffen, 250 Kanner vun der Réidener Grondschoul, dat ganzt Personal vum Lycée, Ekippe vun der Gemeng Réiden, vun der Schock an vun der Museksschoul Kanton Réiden souwéi eng sëllechen Elteren a Leit aus der Géigend um Parcours gestart.

Foto: ALR

De ganzen Dag sinn esou bei gudder Laun vill Spende gesammelt ginn. Alles an allem e grousse solidareschen Effort vun der ganzer Regioun, deen eis et erlaabt huet, en Don vu 50.000 Euro un d’Fondation Cancer ze maachen.

Mir freeën eis op d’nächst Joer, wann et neess heescht: Ensemble, relayons l’espoir

Foto: ALR
Foto: ALR
Foto: ALR
Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kinder und Jugend

Aktuelle Nachrichten