Gemeng Réiden

Aweiung vum Räicheler Rond-Point

Veröffentlicht: 27/03/2026 - 15:34
Aktualisiert: 27/03/2026 - 16:16
2 Minuten
Foto: Charles Reiser

De 25. Mäerz ass a Presenz vun der Ministesch fir Mobilitéit, Yuriko Backes, an dem Buergermeeschter vun der Gemeng Réiden, Heng Gerekens, souwéi ville Gemengepolitiker aus dem Kanton, Vertrieder vu Ponts et Chaussées an de Gemengeverwaltungen de Räicheler Rond-Point feierlech ageweit ginn.

De Site zu Räichel ass e strategesche Verkéierspunkt, wou d’Nationalstroossen N12, N22 an N23 zesummekommen an deen dacks fir Onsécherheet an och Accidenter gesuergt huet. Mat dem neie Rond-Point gouf dës oniwwersiichtlech Situatioun eliminéiert, d’Sécherheet däitlech verbessert an de Verkéiersfloss méi flësseg gestalt. 

Foto: Charles Reiser

2020 hat et den éischte Rendez-vous tëscht der Gemeng Réiden an dem deemolege Mobilitéitsminister François Bausch zu dëser Saach stattfonnt. D’Aarbechte fir de Projet hunn den 2. Abrëll 2024 ugefaangen. Nieft dem Bau vum Rond-Point selwer goufen och Trottoiren (fir Foussgänger a Vëlosfuerer), eng Vëlosverbindung Richtung Réiden a Parkinge realiséiert, d’ëffentlech Beliichtung erneiert an d’Netzer fir Waasser, Reewaasser an Elektrizitéit moderniséiert. 

Am Kader vum Chantier ass och d’Wiederstatioun, déi fir de Wanterdéngscht benotzt gëtt, verréckelt ginn. D’Konzeptioun an d’Koordinatioun vum Projet louchen an den Hänn vun der Ponts et Chaussées vun Dikrech.

Foto: Charles Reiser

Zousätzlech gouf d’Bréck iwwer d’Atert sanéiert an ëm eng nei Passerelle fir Vëlosfuerer ergänzt a bënnt déi zwee Deeler vu Räichel esou un eist Vëlosnetz un. Et heescht elo  nëmmen nach eng Léisung fir d’Vëlosverbindung vun der Passerelle bis bei d’Kierch ze fannen, e Bureau d’Etudes ass mat dëser Missioun beschäftegt. 

D’Gemeng Réiden huet sech un de Käschte fir d’Vëlosinfrastruktur an de Parking bedeelegt an och d’Gestaltung ronderëm de Rond-Point iwwerholl. An der Mëtt vum Rond-Point steet eng Skulptur vum Jans Assy, déi d’Verbonnenheet tëscht den néng Gemengen aus dem Kanton symboliséiert.

Foto: Charles Reiser

Nieft dem Rond-Point ass och en Tuerm fir Schmuewele vu SICONA installéiert ginn. Duerch modern Bauweise ginn et nämlech ëmmer manner natierlech Méiglechkeete fir dës Villercher ze bréien.

No de Riede vum Réidener Buergermeeschter an der Ministesch gouf de Site besichtegt an déi verschidden Elementer vum Projet erkläert.

Foto: Charles Reiser

Rezent goufen Zielungen op all Ausfaart vum Rond-Point gemaach. Hei sinn d’Resultater, baséiert op engem duerchschnëttleche Schaffdag am Januar 2026:

  • Räichel–Bettborn: 6.894 Gefierer a béid Richtungen 
  • Räichel–Osper: 2.796 Gefierer a béid Richtungen 
  • Räichel–Réiden: 6.754 Gefierer a béid Richtungen 
  • Räichel–Sëll: 7.330 Gefierer a béid Richtungen
Foto: Charles Reiser
Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Mobilität

Aktuelle Nachrichten