Atert Lycée Réiden
Portes ouvertes am ALR
25/03/2026
D’Theatergrupp TheAtert aus dem Atert Lycée Réiden – déi zanter 2019 mat groussem Succès beweist, wéi vill Talent a Kreativitéit an de Schüler:inne stécht – presentéiert dëst Joer hir Interpretatioun vum Nibelungenlied. Jo genee: déi legendär, bluddeg a mystesch Geschicht ronderëm de Siegfried, d’Kriemhild an d’Brünhild, duerchwuess vu Léift, Verrot a Revanche, huet bis haut näischt u Faszinatioun verluer.
Dës Produktioun ass Deel vum Talentfërderungsprogramm ALR Talents fir Schüler:inne vun der 4e un, déi mat vill Leidenschaft a Begeeschterung um Projet matwierken. Nieft der Theatergrupp selwer dréit och déi nei gegrënnten Danzgrupp ënner der Leedung vum Sejla Softic zur Atmosphär vum Stéck bäi – an dat ass nach net alles: Och aner ALR-Talents-Ekippe sinn involvéiert, mee hei wëlle mir nach net ze vill verroden … de gewënschten Iwwerraschungseffekt soll jo erhale bleiwen.
All Interesséiert – Elteren, Schüler:innen a Frënn vun der Schoul – si häerzlech invitéiert, sech vun dëser jonker an talentéierter Ekipp maträissen ze loossen.
D’Opféierunge fannen de 24. a 25. Abrëll 2026, all Kéiers um 19 Auer, am Festsall vum Atert Lycée statt.
Tickete kënnt Dir reservéieren op theater.alr@gmail.com
Präis: Jugendlecher (-14 Joer) 7€ / Erwuessener 10€.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.
Et spille mat: Leonor Alves Rios, Grace Baum, Beidler Lena, Lara Da Silva, Betty Goerens, Sam Gringmuth, Lisa Jans, Liz Lanners, Julie Leistico, Noémie Less, Lana Lucas, Alexia Lopes Duarte, Paula Yebga II, Dulce Pardal Codices, Mara Reuter, Noa Santinelli a Kyra Schaack.
Regie: Nora Lamberty a Carole Matgen, mat der Ënnerstëtzung vum Alain Adams.
Den Design vun der Affiche fir dëst Stéck ass vum Bob Schreurs (2CE).
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
20/03/2026
Atert Lycée Réiden
27/02/2026
Réidener Jugendtreff
23/02/2026
Club Soroptimist Mosaik
19/01/2026
Youth & Work
08/01/2026
Wako
27/03/2026
Gemeng Réiden
27/03/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Kanton Réiden Mobilité
25/03/2026
Kultur- a Buergfrënn
24/03/2026