RGTR
Reorganisatioun vum Pôle de mobilité zu Ettelbréck ab dem 10. Mee 2026
30/04/2026
De Service régional vun der Stroossebauverwaltung huet kierzlech nei rout Plaquetten op de Vëlosschëlder laanscht de nationale Vëlospisten installéiert.
Op strategesche Kräizungen ass zousätzlech uewen um Potto nach eng Nummer ubruecht ginn. Dës Kräizunge sinn déi sougenannte Knotepunkten, an d’Nummer uewen um Potto entsprécht dem jeeweilege Knotepunkt. Op de Wegweiser fannt Dir déi rout Plaquetten, déi d’Nummer vum nächste Knotepunkt an déi jeweileg Richtung uweisen.

E Knotepunkt-System ass e Navigatiounssystem fir Vëlosweeër. Dobäi ginn déi wichtegst Kräizungen (Knoten) mat enger Nummer markéiert. Dir kënnt Iech un dësen Nummeren orientéieren an esou Är eege Streck zesummestellen, andeems Dir vun engem Knotepunkt bei deen nächsten fuert. Natierlech hutt Dir och ëmmer d’Méiglechkeet, Iech un den Uertschaften ze orientéieren.
Dëse System ass besonnesch an der Belsch an an Holland wäit verbreet.
Fir d‘Knotepunkten aus eiser Regioun ze fannen, kënnt Dir dëse Link benotzen: http://g-o.lu/3/BEeVN
Virum Summer wäerten all Knotepunkten au dem Land nach offiziell kommunizéiert ginn.
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
27/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
23/12/2025
Vëlo
27/10/2025
Kanton Réiden Mobilité
25/08/2025
Kanton Réiden Mobilité
22/08/2025
Kultur-Agenda
30/04/2026
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
29/04/2026
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026