Kultur-Agenda
Mäerz 2026
27/02/2026
Op Initiativ vun der Gemeng Useldeng an ënnert dem Impuls vum deemolege Schäffe Gérard Anzia ass 2017 de Projet „ManuKultura“ entstanen, déi haut vum Veräin „Kultur- a Buergfrënn Useldeng a.s.b.l.“ verwalt gëtt.
D’Missioun vun der ManuKultura ass et ee flotten an ofwiesslungsräiche Programm fir jiddereen unzebidden, sou datt zu Useldeng eppes bougéiert an d’Leit sech net ëmmer wäit mussen deplacéieren. Mir wëlle jidderengem d’Méiglechkeet ginn, och selwer ee Cours unzebidden an dofir stinn eis Säll an eise Marketing den Acteure gratis zur Verfügung.
Eise Veräin ass eng asbl, déi vun der Gemeng Useldeng subventionéiert gëtt. Mir hunn zwou Persounen agestallt, d’Jil an d’Laura, déi jeeweils 20h fir d’asbl schaffen. D’Laura këmmert sech haaptsächlech ëm de Programm an d’Inscriptiounen.
Mir bidden eng breetgefächert Offer fir Kanner an Erwuessener un. D’Course si souwuel kreativ wéi och kulturell, dohier och den Numm: Manu fir déi méi manuell, handwierklech a kreativ Coursen a Kultura fir alles wat kulturell Aktivitéiten ofdeckt, sou wéi Concerten, Liesungen, Theater… Am beléiftste sinn eis Keramik- a Molcoursen, esou wéi de Réckegym an den Danzcours. Déi méi kleng Kanner an hier Elteren huelen och ganz gären um „Mi Ma mach Musik-Cours“ deel.
Mir si ganz houfreg, datt mir trei Acteuren hunn, déi säit Joren hir Course bei eis ubidden a mir all Joer mei Participanten an eise Course begréissen, déi aus allen Ecke vum Land bei eis kommen.
2024 ware 5.217 Persoune bei eis a mir hate 50 verschidde Workshops am Programm. Et gesäit elo scho ganz duerno aus, datt mir eis Zuele vun 2024 dëst Joer nach wäerten iwwertreffen.
Eis Erausfuerderunge sinn et genuch Säll fir eis Coursen ze hunn. Do si mir am enke Kontakt mat der Useldenger Gemeng, fir och mol op Centre-culturelen zeréckzegräifen. Et ass eis och wichteg, ëmmer nei Coursen unzebidden, mee do hu mir vill Chance, datt d’Leit op eis duerkommen a mir sou ëmmer eng nei Offer hunn. Esou konnte mir och elo nees d’Trendcourse Yoga a Pilates ubidden.
An der Zukunft wëlle mir esou weiderfueren an ëmmer mei grouss ginn, mam Gedanke weiderhin eng qualitativ héichwäerteg an ofwiesslungsräich Offer unzebidden.
Eise Programm kënnt 3x d’Joer eraus. Den nächste Programm kënnt am Januar eraus. Dir fannt all eis Coursen awer och op eiser Websäit an der Landakademie, op Facebook an Instagram.
Och dës Trimester huet d‘Manukultura erëm eng flott an ofwiesslungsräich Offer fir Grouss a Kleng zesummegestallt. Egal ob Dir eppes Neies ausprobéiere wëllt oder Är Passioun weider entwéckele wëllt, hei fannt Dir sécher eppes.
Fir Umeldungen oder weider Informatiounen: manukultura@useldeng.lu
Kultur-Agenda
27/02/2026
Amis du Prieuré
19/02/2026
Kultur-Agenda
28/01/2026
Musikschoul
08/01/2026
Kultur-Agenda
29/12/2025
Kultur-Agenda
27/11/2025
Wako
27/03/2026
Gemeng Réiden
27/03/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Kanton Réiden Mobilité
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026