Lokal Ekonomie
Fondation Autisme Luxembourg
08/04/2026
Den 19. Mäerz war an der Zone d’activités SOLUPLA zu Réiden eng méi lass, WAKO huet seng nei Produktiounshal a Presenz vum Grand-Duc Guillaume an dem Wirtschaftsminister Lex Delles ageweit. Fir dës Occasioun huet d’Entreprise hir Diere fir d’Invitéen opgemaach an de ganzen Nomëtteg iwwer guidéiert Visitten organiséiert, bei deenen déi verschidde Produktiounsetappen entdeckt konnte ginn.
Dës nei Produktiounsanlag fir PVC-Fënsteren an -Diere vu WAKO markéiert eng wichteg Etapp an der Entwécklung vun der Entreprise. Dës Extensioun, déi aus enger grousser neier Produktiounshal besteet, erlaabt et, d’Produktiounskapazitéiten däitlech ze erhéijen, besonnesch duerch e méi héijen Automatisatiounsgrad. Op laang Siicht kann d’Produktiounspotenzial souguer verduebelt ginn, gläichzäiteg gëtt d’Aarbechtsorganisatioun optiméiert.
WAKO ass eng Entreprise mat staarker Verankerung am Grand-Duché. Gegrënnt 1930 zu Déifferdeng ënnert dem Numm Wagner-Koepges, huet si sech lues a lues weiderentwéckelt a gëllt haut als e wichtegen Acteur an der Fabrikatioun vu Fënsteren an Dieren aus PVC an Aluminium. D’Entreprise beschäftegt ronn 130 Mataarbechter zu Lëtzebuerg, verdeelt op hir zwee Sitten zu Déifferdeng an zu Réiden. Um Réidener Site schaffe bal 80 Mataarbechter.
No der Faillite vun der Société Luxembourgeoise des Plastiques (Solupla) Enn den 1980er Joren huet WAKO d’Chance genotzt, en Deel vun den ale Produktiounshalen ze iwwerhuelen an dësem Industrie-Site neit Liewen zu ginn.
Haut spillt de Site zu Réiden eng zentral Roll, hei steet déi gréisste PVC-Fënsterfabrick vum Land. Déi nei Unitéit stäerkt dës Positioun nach weider a mécht et der Entreprise méiglech, nach besser op d’Nofro anzegoen, besonnesch déi vum internationale Marché. Ronn 85 % vun der Produktioun ginn haut nämlech exportéiert, wat et WAKO erméiglecht huet, de staarke Réckgang um lëtzebuergesche Wunnengsmaart – dee sech an de leschte Joren ëm ronn 50 % reduzéiert huet – ze kompenséieren.
D’Entreprise zeechent sech och duerch hiren Engagement fir den Ëmweltschutz aus. WAKO setzt op d’Recyclage vu Materialien, d’Entwécklung vun der Photovoltaik an ënnerstëtzt Reforestatiounsprojeten an Zesummenaarbecht mat „Graine de Vie“. Dës Approche spigelt sech och an der Konzeptioun vun der neier Produktiounshal erëm.
Mat dësem Investissement stäerkt WAKO net nëmmen hiren eegene Wuesstem, mee dréit och aktiv zur wirtschaftlecher Entwécklung vum Kanton Réiden bäi an zur Dynamik vun der Aktivitéitszon SOLUPLA, déi vum interkommunale Syndikat Kanton Réiden geréiert gëtt.
Lokal Ekonomie
08/04/2026
Lokal Ekonomie
23/03/2026
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Lokal Ekonomie
18/02/2026
Lokal Ekonomie
29/12/2025
Lokal Ekonomie
08/10/2025
Kultur-Agenda
30/04/2026
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
29/04/2026
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026