Kanton Réiden Tourisme
Recrutement coordinateur/trice d’animation touristique (CDD)
29/04/2026
De 17. Mäerz ass ee vun den dräi Flilleke vum Foulschter Wandrad vum Wäissenhaff, wou en temporär gelagert war, op säin definitive Standuert bei Foulscht transportéiert ginn.
Ënnerwee – besonnesch an de Kéieren – huet de Flillek mat vill Präzisioun ëmmer nees missen opgeriicht an duerno erëm ofgeluecht ginn, fir den Transport sécher ze garantéieren. Vill Leit si sech dëse Spektakel op Rammerich bei d’Gemeng ukucke komm, wou dëse besonneschen Transport mat Iessen a Gedrénks gefeiert gouf.
D’Anlag vu Foulscht (Enercon E115) ass eng vu fënnef, déi am Wandpark Kanton Réiden opgeriicht gëtt. Den transportéierte Flillek ass 57,5 Meter laang a ronn 19 Tonne schwéier. Hie gëtt op enger Héicht vun 149 Meter (Gondelhéicht) montéiert. Déi kleng Zacken uewen um Flillek déngen dozou, d’Geräischer ze reduzéieren, well doduerch manner Turbulenzen entstinn. Si sinn un de Flilleke vun den Eilen inspiréiert.
D’SOLER an de Syndikat Kanton Réiden sinn d’Promoteure vum Wandpark. Déi fënnef Wandrieder ginn an de Gemenge Rammerich (3), Ell (1) a Réiden (1) installéiert.
An de Wochen duerno sinn d’Flilleke vun deenen anere véier Wandrieder (all vum Typ E138) op hir Standuerter transportéiert ginn. Dës si mat 69 Meter nach e Stéck méi laang an och méi schwéier (ronn 23 Tonnen).
Wann de Wandpark Kanton Réiden Enn des Joers un d’Netz geet, wäert de Kanton esou vill Stroum produzéieren, wéi en op sengem Territoire verbraucht. Den Undeel vum Stroum um Gesamtenergieverbrauch ass aktuell mat ronn 20 % nach relativ kleng; de gréissten Deel gëtt nach ëmmer duerch fossil Energien (Diesel, Mazout, Gas, …) gedeckt. De Stroumundeel klëmmt awer kontinuéierlech, besonnesch duerch d’Verbreedung vu Wärmepompelen an Elektroautoen.
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
28/04/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/03/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
25/03/2026
Repair Café Kanton Réiden
24/03/2026
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Kultur-Agenda
30/04/2026
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
29/04/2026
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026