Youth & Work

Youth & Work vu Réiden stellt sech vir

Veröffentlicht: 08/01/2026 - 09:21
Aktualisiert: 27/01/2026 - 09:45
2 Minuten
Foto: Youth & Work

Zënter méi wéi 13 Joer ass Youth & Work zu Réiden eng wichteg Ulafstell fir jonk Leit aus dem Kanton, déi professionell Begleedung op hirem Wee an d’Beruffsliewe sichen. D’Ekipp hëlleft hinnen, hir Stäerkten ze erkennen, nei Perspektiven ze entwéckelen an déi éischt Schrëtt an d’Aarbechtswelt ze maachen.

U wee riicht sech Youth & Work? 

Youth & Work ass eng Organisatioun, wou Jonker tëscht 16 an 30 Joer, déi eng Orientéierung, Ausbildung, Léierplaz oder Aarbecht sichen, en Uspriechpartner fannen. Mir riichten eis u Jonker déi z.B. en Job sichen, en Diplom hunn awer keen Job fonnt hunn, d’Schoul ouni Diplom ofgebrach hunn an nei Weeër sichen, nei am Land sinn an eng Ausbildung sichen, keen Ausbildungsbetrib fannen oder sech ëmorientéiere wëllen.

Wat ass d’Haaptzil vu Youth & Work?

Eist Zil ass et, de jonke Leit Perspektiven opzemaachen a se op hirem Wee an d’Beruffswelt individuell ze beroden an ze begleeden.

Foto: Youth & Work

Wat kascht et?

Eise Service ass gratis fir déi Jonk.

Firwat ass dëse Service bei Jonken aktuell esou wichteg?

D’Jugendaarbechtslosegkeet läit zu Lëtzebuerg bei ronn 20%. Gläichzäiteg siche vill Betriber händeringend Personal. Vill jonk Leit fannen awer net déi passend Ausbildung oder Aarbechtsplaz. D’Grënn si villfälteg: Mangel un Orientéierung, u praktescher Erfarung oder un Ënnerstëtzung.

Wéi leeft Är Berodung oder Coaching of?

De Jonke bréngt seng eege Froen a Wënsch mat, mir definéieren zesummen d’Ziler an entwéckelen e konkrete Plang. Eise Coach begleet a beréit de jonke Mënsch bis d’Zil erreecht ass – an dat a sengem eegenen Tempo.

Foto: Youth & Work

Wat ass déi éischt Etapp fir déi Jonk?

Rufft eis un oder schreift eis eng Mail fir een éischt fräit Gespréich. Do schwätze mir iwwer Är Situatioun, Är Erwaardungen an déi nächst Schrëtt.

Wéi vill Jonken aus dem Kanton hutt Dir iwwer déi lescht 13 Joer gehollef?

Ronn 350 Jugendlecher hu sech aus eegener Initiativ bei eis gemellt a goufen duerch eis op hirem Wee an eng Ausbildung oder eng Aarbecht begleet.

Wéi finanzéiert Dir Iech?

Mir schaffen zanter ville Jore mat de Gemengen aus dem Kanton zesummen, deenen d’Zukunft vun de jonke Leit um Häerz läit. Si wëssen, wéi wichteg et fir déi Jugendlech ass, enger sënnvoller Aktivitéit nozegoen. Si finanzéieren de Coaching.

Wat motivéiert Iech bei Ärer deeglecher Aarbecht?

Fir d’Coache vu Youth & Work ass et eppes Besonnesches, jonk Leit op hirem Wee ze begleeden, ze gesinn, wéi si Schrëtt fir Schrëtt erausfannen, wie se sinn a wéi se hiert eegent Liewe gestalten. All Gespréich, all kleng Entdeckung hëlleft de Jonken, méi bewosst ze liewen an dat ze maachen, wat si wierklech glécklech mécht. D’Coachen zéien hir Kraaft aus der Freed, Wëssen, Erfarung mat Häerzblutt weiderzeginn a gläichzäiteg selwer ëmmer nees eppes Neies vum Liewen a vun de Jonken ze léieren.

Foto: Youth & Work

Kontakt

Youth & Work
11, Grand-Rue L-8510 Redange
T 26 62 11 41
info@youth-and-work.lu
www.youth-and-work.lu
Instagram, Facebook, LinkedIn

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kinder und Jugend

Aktuelle Nachrichten