Zone Industrielle Solupla
Was passiert zwischen Niederpallen und der Aktivitätszone Solupla?
28/09/2026
Ech sinn d’Florence Rausch, hunn als Teenie zu Sëll gewunnt, a si bis haut aktiv an der Amicale vun de Sëller Pompjeeën. Meng Léier hunn ech an der Gastronomie gemaach a war duerno a verschiddene Restauranten hei an der Géigend täteg. Virun néng Joer hunn ech de Café-Restaurant Sëller Stuff iwwerholl a mech domat selbststänneg gemaach.
Ech ka mir keen aner Beruff virstellen – ech si keent fir de ganzen Dag hannert dem Computer ze sëtzen. Och wann d’Deeg laang sinn, maachen ech et mat Freed, an dowéinst fillt et sech net wéi Aarbecht un. Mat der Frittebud Beim Flo, si mir en Team vu fënnef. Déi familiär Stëmmung mécht, datt jidderee gär op d’Aarbecht kënnt.
Mir hunn e Menu du Jour, mat 3 Entreeën an 3 Haaptplaten au Choix. Dënschdes bidde mir e Buffet à volonté fir 20€. Natierlech kënnen eis Gäscht och ëmmer à la Carte bestellen. Zousätzlech bedreiwe mir d’Frittebud Beim Flo; op béide Plazen ass Take-away méiglech.
Och fir Banqueten, Hochzäiten, Gebuertsdeeg, Betribsfeieren oder Kommunioune sidd Dir bei eis wëllkomm. Eise Sall bitt Plaz fir bis zu 45 Persounen, am Summer hu mir eng gemittlech Terrass. Am Wanter zerwéiere mir an eiser iwwerdeckter Terrasse mat Uewe gäre Fleesch um Steen oder Kéisfondue.
Kniddele mat Wäinzoossiss – mee och eis Tarte Flambée ass ganz beléift.
Op mannst eemol am Mount hu mir eng Soirée, z.B. Scampis oder Moules à volonté, Afterwork, Western Owend oder Kniddelowend.
Wéinst dem Chantier virun eiser Dierf hu mir ee Foodtruck gelount. Mëttlerweil si mir domat virun allem op grousse Fester ënnerwee. Et ass awer och méiglech, de Foodtruck fir privat Feieren ze lounen (ab 50 Gäscht).
FB: Sëller Stuff, D’Frittebud Beim Flo
1, Route d’Arlon, 7471 Saeul
T. 621 456 922
Zone Industrielle Solupla
28/09/2026
Lokal Ekonomie
22/09/2026
Lokal Ekonomie
18/08/2026
Lokal Ekonomie
04/08/2026
Lokal Ekonomie
18/06/2026
Lokal Ekonomie
18/06/2026
OSCARE
02/10/2026
Kultur-Agenda
29/09/2026
Theater
29/09/2026
Gemeng Rammerich
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026