
Kanton Réiden Economie
Eise Kümmerer vun eisen Aktivitéitszone stellt sech vir
30/06/2025
De Réidener Geschäftsverband gouf 1931 gegrënnt. Zënter 2009 steet d’Lotty Welfring u senger Spëtzt. Fir wat sech de Verband asetzt a wat seng gréisst Erausfuerderunge sinn, erzielt d’Presidentin am Interview.
Mir sinn eng Union commerciale et artisanale, an där all Betriber aus dem Kanton Réiden, och d’Handwierksbetriber, Member kënne ginn. Mir verschécke reegelméisseg Informatiounen un eis Memberen, organiséieren Austauschversammlungen a Fester a maache gemeinsam Reklamm – zum Beispill an der Zeitung oder um Radio.
Wéi bei deene meeschte Geschäftsverbänn am Land geet d’Zuel vun de Memberen zréck. De Moment hu mir nach 45 Member.
Zesummen si mir méi staark – dowéinst triede mir gemeinsam no baussen op. Mir wëllen déi lokal Geschäftswelt bekannt maachen, net nëmmen am Kanton, mee am ganze Land. Vill vun eise Cliente kommen aus allen Ecker vu Lëtzebuerg. Dat weist, dass eis Qualitéit an eise Service sech en Numm gemaach hunn. Mir probéieren och zesumme Léisungen ze fannen, wann et Problemer ginn, déi eis alleguer betreffen.
Jo, mir organiséiere reegelméisseg Fester, wéi zum Beispill de Fréijoersmaart oder d’Summerfest.
Am Moment si mir zu véier aktive Memberen am Comité: Lotty Welfring (Presidentin), Pit Mangen (Keessjee), Joy Linden (Sekretärin) an Doris Kwiatkowski.
Mir géifen eis freeën, wann nach aner Betriber géinge mathëllefen, well nëmmen zu méi kënne mir méi bewierken.
Eise Slogan ass Easy Shopping zu Réiden – also ouni Stress a mat kompetentem Service akafen. Mir leeë vill Wäert op perséinlech Berodung. Oft steet de Patron nach selwer hannert der Théik, dat schätzen d’Leit.
E groussen Abroch war, wéi vill Réidener Banken hir Guicheten zougemaach hunn. Vill Cliente kombinéieren hir Bankgeschäfter mam Akaf. D’Leit mussen elo op Miersch oder Ettelbréck fuere fir nach bei en oppene Guichet ze kommen. Domat ginn d’Leit um Land nach méi ofhängeg vum Auto.
Den Online-Handel ass eise gréisste Konkurrent. Mir géingen et gerecht fannen, wann den E-Commerce méi héich géing besteiert gi fir déi lokal Betriber net ze benodeelegen, déi Aarbechtsplaze mat korrekte Paien, Steieren an direkte Clientëservice garantéieren. A sinn all déi Liwwercamionnette wierklech nohalteg?
Mir si keen „normale“ Veräin - mir schafen Aarbechtsplazen, bezuele Steieren a beliewen d’Dierfer. Fir géint déi staark Konkurrenz am Online-Handel an déi modern Kommunikatiounswelt eng kleng Chance ze hunn, géinge mir eis iwwer méi finanziell Ënnerstëtzung freeën. Och e reegelméissegen Austausch iwwer déi aktuell Erausfuerderunge wier wichteg.
Mir wëllen eis Fester an eis Publicitéit nach méi zäitgeméiss gestalten a probéieren nei Memberen ze gewannen. Et wier och schéin, wann d’Geschäftsstrooss méi nach méi Geschäfter hätt.
Sidd selwer präsent am Geschäft a bereet, vill Stonnen z’investéieren. Gitt Äert Bescht fir e gudde Service ze bidden an Är Clienten esou laangfristeg ze fideliséieren.
Mir fannen et wichteg, dass et nach Geschäfter am ländleche Raum ginn, déi zum Duerfliewe bäidroen. Ausserdeem si mir iwwerzeegt, dass et nëmme Sënn mécht, zesummen iwwer eis Problemer a Léisungen ze schwätzen. Dofir setze mir eis mat vill Engagement an.
Kanton Réiden Economie
30/06/2025
Lokal Ekonomie
24/06/2025
Lokal Ekonomie
18/04/2025
Lokal Ekonomie
19/03/2025
Lokal Ekonomie
13/02/2025
Lokal Ekonomie
31/01/2025
Kultur-Agenda
26/08/2025
Réidener Jugendtreff
26/08/2025
Club Atertdall
25/08/2025
Kanton Réiden Mobilité
25/08/2025
Gemeng Rammerich
25/08/2025
Gemeng Réiden
25/08/2025