Kanton Réiden Economie

Eise Kümmerer vun eisen Aktivitéitszone stellt sech vir

Veröffentlicht: 30/06/2025 - 15:56
Aktualisiert: 10/07/2025 - 11:23
2 Minuten
Foto: Kanton Réiden

Zënter Mäerz 2025 beschäftegt de Syndikat Kanton Réiden, an Zesummenaarbecht mam Wirtschaftsministère, ee Kümmerer, deem seng Aufgab et ass, de Betriber aus eisen zwou Aktivitéitszonen d’Grondprinzippie vun der Economie circulaire méi no ze bréngen an d’Zesummenaarbecht tëscht dëse Betriber z’animéieren. De Bruno Domange huet dës ambitiéis Missioun ugeholl. 

Bruno, kanns de Dech an e puer Wierder virstellen?

Ech si 55 Joer al, bestuet, Papp vun zwee Kanner a wunnen an der Ëmgéigend vun Arel. Vu Beruff hir, sinn ech Ingenieur-Agronome an hu mech op Ëmweltfroe spezialiséiert.

Wéi war Däi beruffleche Parcours?

Ech hu bis elo e ganz diverse Parcours duerchlaf. Zënter bal 30 Joer sinn ech zu Lëtzebuerg täteg an hunn ënnerschiddlech Positiounen iwwerholl: Business-Ingenieur, Chef d‘entreprise, Responsabel fir Gesondheet, Sécherheet & Ëmwelt an Ingenieur spezialiséiert an der Kreeslafwirtschaft am Bausecteur. Déi verschidden Erfarungen erlaben et mir, d’Projeten esou ëmfaassend a breet wéi méiglech unzegoen.

Foto: Kanton Réiden

Wat ass Deng Missioun am Syndikat?

Als Kümmerer sinn ech dofir zoustänneg, Léisungen, Synergien a gemeinsam Servicer (Infrastrukturen, Mobilitéit, Animatioun) tëscht de Betriber aus de regionalen Aktivitéitszonen (ZAEr) Solupla an dem Riesenhaff z’entwéckele fir den Ëmweltimpakt ze limitéieren. Ech begleede si bei konkrete Moossnamen, déi et hinnen erlaben, d’Kreeslafwirtschaft ëmzesetzen. Schlussendlech sinn ech hire privilegéierten Uspriechpartner fir technesch Froen.

Kanns Du eis d’Kreeslafwirtschaft an e puer Wierder erklären?

Dat ass eng Wirtschaft bei däer grousse Wäert op d’Aspuere vun Ressource geluecht gëtt: d’Saache ginn esou laang wéi méiglech genotzt, mat anere Leit gedeelt, gefléckt a wa se net méi ze flécke sinn, ginn d‘Eenzelstécker recuperéiert, fir se ze recycléieren oder enzwousch soss anzesetzen. Dat verhënnert Verschwendung a verlaangt eng Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren, fir pragmatesch Léisungen ze fannen.

Foto: ChatGPT

Wat si wichteg Piste vun Denger Strategie?

D’Erweiderung vun den zwou Zone begleeden an dobäi Ëmwelt- a Sozialaspekter respektéieren: eng duerchduechten Implantatioun, eng gemeinsam Notzung vun Infrastrukturen, Reflexioune ronderëm d’Mobilitéit an eng progressiv Entwécklung hin zu enger kreeslaforientéierter Wirtschaft am Handwierk an an der Industrie.

Wéi eng Erausfuerderunge gesäis Du elo schonn?

Déi grouss Erausfuerderung besteet doran, eng positiv Kommunikatioun tëscht de Betriber opzebauen, déi zwar geographesch no beienee leien, mee dacks ënnerschiddlech Interessen a Wäerter hunn. Si vun de Virdeeler vun der Kreeslafwirtschaft z’iwwerzeegen, ass essenziell, fir Succès ze hunn.

Wéi gesäis Du Deng wirtschaftlech Visioun fir de Kanton Réiden?

Eng harmonesch Entwécklung, déi finanziell, sozial an ëmweltrelevant Aspekter vereenegt, fir nohalteg Aarbechtsplazen ze schafen an d’Zesummenaarbecht tëscht de lokalen Acteuren ze fërderen, esou dass déi wirtschaftlech Resilienz vum Kanton gestäerkt gëtt.

Wat méchs Du an Denger Fräizäit?

Ech engagéiere mech vill am Veräinsliewen zu Arel a schätze besonnesch d‘Konscht, d‘Kultur an Aktivitéiten dobaussen.

Wat ass Deng perséinlech Devise?

„Dat Onméiglecht geet ëmmer méi wäit ewech, wann een ëm méi nokënnt.” — Antoine de Saint-Exupéry

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Wirtschaft

Aktuelle Nachrichten