Lokal Ekonomie

Vintage Home and More stellt sech vir!

Veröffentlicht: 19/03/2025 - 09:14
Aktualisiert: 26/03/2025 - 09:18
3 Minuten

D’Annick Boltz huet sech 2016 entscheet, hir Passioun zum Beruff ze maachen: Al Miwwelen an Objete mat enger Geschicht neit Liewen ze schenken. An hirem Atelier, tëscht Hitten a Biekerech, kombinéiert si Kreativitéit, Nohaltegkeet an Handwierk op eng faszinéierend Manéier.  

Annick, kënnt Dir eis erzielen, wat Iech motivéiert huet, mam Recyclage a Relooking vu Miwwelen unzefänken?

Zënter menger Kandheet hu mech al Miwwelen a Saache mat enger Geschicht faszinéiert. Ech hat laang e Bürosjob, dee mech awer net wierklech erfëllt huet – ech wollt ëmmer eppes mat mengen Hänn maachen. 2016 hunn ech d‘Entscheedung geholl, meng Passioun zu mengem Beruff ze maachen. Säitdeem sinn ech net nëmme glécklech, mee och richteg erfëllt. 

Wat ass d‘Philosophie, déi Ären Alldag leet?

Den Upcycling vun ale Miwwelen ass meng Manéier, fir Offall ze vermeiden an den ekologeschen Impakt op eise Planéit ze reduzéieren. Ech wëll weisen, datt et net ëmmer néideg ass, eppes Neies ze kafen – mat e bësse Kreativitéit a Gedold kann ee gebrauchten Objeten an eppes ganz Besonnesches ëmwandelen. Esou verbannen ech Kreativitéit mat engem positive Bäitrag fir eng méi nohalteg Welt.

Wat sinn Är Liblingstechnike fir al Miwwel ze renovéieren?

Ech schaffen immens gäre mat Struktur a benotze verschidden Techniken, wéi Faarf (gepinselt, opgetuppt), Decoupagen, Schablounen a Motiver oder ganz schlicht.  

E Client huet e Miwwel, deen e wëll ëmänneren. Wat si seng Optiounen?  

Do ginn et dräi Méiglechkeeten: 

  • De Client kontaktéiert mech, ech gi mir de Miwwel ukucken a mir kucken zesummen wat de Wonsch vum Client ass. Wa mir eis eenz ginn, da bréngt de Client de Miwwel bei mech an den Atelier. Wärend de méi waarme Méint, wou d’Material besser dréchent, realiséieren ech déi meescht Renovatiounen, an no 1-2 Wochen kann de Client säi fäerdege Miwwel ofhuelen. 
  • De Client ka sech fir ee vu mengen Atelieren umellen (individuell oder am Grupp), wou hien ënnert menger Begleedung säin eegene Miwwel renovéiert.  
  • Am Buttik kréien d’Clienten eng Berodung, fir d’Renovatioun selwer doheem ze maachen, an d’Material kann direkt hei kaf ginn. 

Wat kritt een alles bei Iech am Buttik ze kafen?

Am Buttik fannt Dir eng grouss Auswiel u Kräidefaarwen, Acrylfaarwen, natierlechem Wichs, Decoupagen (de gréisste Choix am Land), Do-It-Yourself-Artikelen, eenzegaarteg Dekoartikelen an upcycelt Miwwelen.  Kommt am beschte laanscht a kuckt selwer, wat alles ze entdecken ass oder kuckt menger Facebooksäit oder Homepage!

Muss ee begaabt si fir säi Miwwlestéck selwer ze upcycelen?

Absolut net! Ech sinn ëmmer rëm begeeschtert, wéi wonnerschéi Resultater Participanten ouni Erfarung fäerdegbréngen. An et mécht mir grousse Pleséier, hir Freed ze gesinn, wa si eppes Eegenes geschafen hunn. Dobäi gëtt villen och bewosst, datt Saachen, déi s’an der Vergaangenheet ewechgehäit hunn, duerch Upcycling e komplett neie Look hatte kéinte kréien. 

Kontakt :      

Annick’s Furniture Art  
by VINTAGE HOME & MORE 
45 Dikrecherstrooss
L-8523 Beckerich, LUXEMBOURG 

Tel: +352 661 968 396 
vintagehomemore.lu 
Facebook: Vintage Home & More 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Wirtschaft

Aktuelle Nachrichten