
Lokal Ekonomie
Vintage Home and More stellt sech vir!
19/03/2025
Zënter Dezember empfänken d‘Isabel an de Philippe hir Gäscht am eenzegaartege Kader vum Groussbuusser Jaufferhaus, e fréiere Bauerenhaff vun 1570, dee mat vill Léift vum Besëtzer Henri Boulmont renovéiert gouf.
Mir sinn d‘Isabel an de Philippe. D’Isabel huet eng liewenslaang Erfarung an der Gastronomie an ass d’Kinnigin an eiser Kichen, déi hat ganz aleng féiert. Ech, de Philippe, këmmere mech mat grousser Freed ëm d’Wuelbefanne vun eise Gäscht a leeden d’Gestioun vun eisem Betrib.
No der fantastescher Renovatioun, ass dëst Gebai e richtege Bijou a bitt eng exzellent Visibilitéit. Wéi de Besëtzer, den Här Boulmont, eis ugebueden huet, fir eis hei nidderzeloossen, hu mir keng Sekonn gezéckt.
D’Isabel, mat hire portugisesche Wuerzelen, bréngt eng mediterran Touche mat an d’Kichen. Eise Fokus läit awer haaptsächlech op traditionelle Platen. D’Isabel leet grousse Wäert op frësch, qualitativ héichwäerteg Produiten, an alles ass hausgemaacht. De Fësch, dee frësch geliwwert gëtt, gëtt vun eis preparéiert an direkt duerno agefruer fir seng Frëschheet beschtméiglech ze erhalen.
Jo, mir bidde vu Méindes bis Freides mëttes en dräi-Gäng-Menü un. Freides stinn ëmmer Fësch oder Mieresfriichten um Menü.
Absolut! Mir bidde verschidde Raim un, déi all privat kënne gelount ginn. Ee vun eise Säll ass mat engem moderne Sound- a Beliichtungssystem ausgestatt, an d’Konferenzmaterial wäert geschwënn zur Verfügung stoen. Mat eiser All-Inklusiv-Formule kënne mir Eventer fir bis zu 60 Persounen organiséieren.
Am Rez-de-Chaussée hu mir e gemittleche Bistro mat zwee Billarddëscher, déi fir eng entspaanten Atmosphär suergen. Ausserdeem plange mir, Wäiprouwen unzebidden, déi vun Lëtzebuerger Wënzer encadréiert ginn. Uschléissend kënnt Dir Äre selektionnéierte Wäin beim Owesiessen degustéieren.
Jo, mir hunn och e Gite mat véier Zëmmeren am Haus, all mat enger eegener klenger Kichen equipéiert. D’Zëmmere leien no hannen aus a bidden absolut Rou. Geschwënn sinn d’Reservatiounen iwwer Booking.com méiglech, bis dohi kann ee per Telefon oder E-Mail reservéieren. Op Ufro bidde mir och e privatiséierte Früstück u fir de Gaspillage ze reduzéieren.
Jo, mir liwweren aus, mat enger maximaler Distanz vu 15 km ronderëm Groussbus.
Carpe Diem
13, rue d’Ettelbruck
L-9154 Grosbous
www.carpe-diem.lu
carpediemrestaurant21@gmail.com
Tel. 26 88 12 92 - 22 (restaurant)
Tel. 26 88 12 92 - 20 (Gîte et bistro)
Lokal Ekonomie
19/03/2025
Lokal Ekonomie
13/02/2025
De Kanton Réiden Magazine
30/12/2024
Lokal Ekonomie
13/11/2024
Lokal Ekonomie
13/11/2024
Kanton Réiden Economie
24/10/2024
Gemeng Biekerech
29/04/2025
Réidener Schwämm
25/04/2025
Gemeng Useldeng
23/04/2025
Gemeng Biekerech
21/04/2025
Projet Zäitrees
21/04/2025
Balade transfrontalière
17/04/2025