
Lokal Ekonomie
Brasserie du Kropemann
18/04/2025
D’Gemeng Viichten huet den ale «Café Différence», e fréiere Kult-Treffpunkt, renovéiert a vergréissert. Nieft der Brasserie gëtt et am Gebai och e klengen Hotel mat véier Zëmmer, enger Bäckerei Jos & Jean-Marie an enger Kinés-Praxis.
Ech sinn d’Manon Pochet, gebierteg vun Heinstert an der Gemeng Atert, an aktuell wunne mir zu Biebereg mat eise véier klenge Kanner. No mengen Etüden zu Arel hunn ech an diverse Restauranten Erfarung gesammelt, ënner anerem zu Pärel an zu Dol.
Ech sinn den Doriano Buscemi an hu meng Kandheet zu Monaco verbruecht an dono hei zu Dikrech d’Hotelsschoul ofgeschloss. Ech hunn och an e puer Restauranten an der Regioun geschafft, wéi z. B. dem Restaurant Roder, der Bauschelterstuff, dem Barnum an dem Restaurant Bissen.
Et war ëmmer eisen Dram, zesummen en eegene Restaurant ze féieren, wou mir alles op eis Manéier gestalten a plange kënnen. Haut fille mir eis bereet a genuch erfueren, fir dësen Dram Realitéit ginn ze loossen.
Mir bidden eng variéiert Kichen un, mat enger Mëschung aus traditionell lëtzebuergescher, italieenescher an enger Grimmel franséischer Kichen. Eis Kichen ass duerch eis Reesen inspiréiert an eise Motto ass: Qualitéitsprodukter zu engem faire Präis.
Jo, mir hunn all Woch en dräigängege Dagesmenü (Haaptplat: Fleesch, Fësch oder Vegetaresch).
Manon: Fir mech ass et de Burger Tarara, eise Burger mat Gewierzer vun der Île Maurice.
Doriano: Ech si besonnesch stolz op eis Spare Ribs, déi bei niddreger Temperatur véier Stonne laang gegaart ginn, mat engem exoteschen Touch vu Kümmel.
Absolut, mir schaffen esou vill wéi méiglech mat lokale Produiten. Eist Geméis kënnt vum Bauerebetrib vu Rëmmereg, den Ham vun der Metzlerei Meyer, de Kéis vun Hepperdang, an och de Bio-Haff Baltes liwwert eis Produkter. Eis Frellen këmmen aus der Our.
Am Moment net, vläicht an Zukunft, mee bis dohi bidde mir awer Platen à emporter un.
La Différence
37, rue principale
L-9190 VICHTEN
+352 26 200 139
ladifference.lu
Horaires d’ouvertures :
Mardi et dimanche :
11h30 - 14h00
Mercredi au samedi :
11h30 - 14h00 et 18h00 - 21h30
Lundi : fermé
Lokal Ekonomie
18/04/2025
Lokal Ekonomie
19/03/2025
Lokal Ekonomie
13/02/2025
Lokal Ekonomie
31/01/2025
De Kanton Réiden Magazine
30/12/2024
Lokal Ekonomie
13/11/2024
Gemeng Biekerech
29/04/2025
Réidener Schwämm
25/04/2025
Gemeng Useldeng
23/04/2025
Gemeng Biekerech
21/04/2025
Projet Zäitrees
21/04/2025
Lokal Ekonomie
18/04/2025