Lokal Ekonomie
LLAMA CORP
23/11/2026
Zënter dem 7. September 2026 kënnen d'Frënn vu Kebab, Döner, Tacos, Burger a Pizza sech beim Safila Kebab verwinne loossen. Hannendru stinn den Ahmet Yağbasan, e passionéierte Gastronom, seng Schwëster a säi Konseng. Den Ahmet huet no 16 Joer Erfarung an der Restauratioun decidéiert, säin Dram ze verwierklechen: en eegene Famillje-Restaurant opzemaachen.
Ech heeschen Ahmet Yağbasan. Ech sinn an der Tierkei gebuer an opgewuess an hu kurdesch Wuerzelen. Mat 18 Joer sinn ech op Lëtzebuerg komm a wunnen zënterhier hei. Ech schaffen elo zënter ronn 16 Joer an der Restauratioun, virun allem am Kebab-Beräich. Ech si bestuet a Papp vun dräi Kanner.
Dat war schonn zënter e puer Joer mäin Dram! Ech war op der Sich no engem passende Lokal, wéi ech dëse Standuert zu Réiden entdeckt hunn. Ech hunn direkt geduecht, datt dat eng flott Geleeënheet wier. Dunn hu mir decidéiert, de Schrëtt ze woen an eis an dës Aventure ze stierzen.
Mir sinn de Moment zu véier, mech mat abegraff. Mir sinn eng kleng, gutt agespillt Ekipp a ginn eis all Méi, fir eise Clienten e häerzlechen Empfang an e gudde Service ze bidden.
Virun allem op d'Frëschheet an d'Qualitéit vun den Ingredienten! Mir passen extra gutt op, wéi eng Produite mir auswielen, besonnesch beim Geméis. Eis Philosophie ass einfach: Mir bereeden all Plat mat där selwechter Suergfalt zou, wéi wa mir fir eis eege Famill géife kachen. Mir wëllen, datt et eise Clientë schmaacht an datt si gär erëmkommen!
Eis Kaart ass villfälteg: Pizzaen, Kebab, Wraps, Tacos, Burger a verschidden Tellere mat Bäilagen. Mir hunn net déi eng Liiblingsspezialitéit, mir preparéieren all eis Platen d'selwecht gär! Fir eis ass et wichteg, lecker Platen unzebidden, déi mat Suergfalt a frëschen Ingrediente preparéiert ginn.
Mir wëllen eis virun allem weider bekannt maachen an eng trei Clientèle opbauen. Donieft géife mir eis Kaart gär no an no erweideren an eise Betrib weiderentwéckelen. Dobäi wëlle mir awer dat behalen, wat eis am meeschten um Häerz läit: d'Qualitéit vun eise Platen an d'Zefriddenheet vun eise Clienten.
Safila Pizza & Kebab
4, Grand-Rue
L-8510 Redange
Tel : 27 52 18 40
WhatsApp: 691 778 007
Facebook: Safila Pizzakebab
Inst: safilapizzakebab
Iessen op der Plaz, fir matzehuelen oder Liwwerung heem.
Ëffnungszäiten:
Méindes bis samschdes vun 11:00 bis 23:00 Auer
Sonndes vun 12:00 bis 22:00 Auer
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Zone d'Activités Solupla
23/11/2026
Aktivitätszone Solupla
28/09/2026
Lokal Ekonomie
22/09/2026
Lokal Ekonomie
18/08/2026
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Atert Lycée Réiden
23/11/2026
Deputéierten Kanton Réiden
23/11/2026
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Alexis Schloesser
23/11/2026
Dart-Club
23/11/2026