Lokal Ekonomie
Safila Pizza & Kebab
23/11/2026
Llama Corp begleet Entreprisen an Institutioune bei hiren digitale Projeten. Internetsitten, Apps, digital Kommunikatioun oder d'Verbesserung vun der Benotzerfrëndlechkeet: D'Annabelle Buffart an hir Ekipp bidden individuell Léisungen un, déi op d'Besoine vun hire Clienten zougeschnidde sinn.
Ech sinn d'Annabelle Buffart, Grënnerin vu Llama Corp zu Houltz. Mäi beruffleche Parcours verbënnt Kommunikatioun, Webentwécklung an d'Verbesserung vun der Benotzerfrëndlechkeet. Zesumme mat enger Ekipp vu Spezialisten aus dem Design, der Entwécklung an der Strategie hu mir eng Missioun: déi digital Welt méi einfach, méi zougänglech a méi mënschlech ze maachen!
Mir hëllefe klengen a groussen Entreprisen, digital Outilen optimal ze notzen. Dozou gehéieren d'Schafe vun Internetsitten, Apps an Online-Servicer, awer och d'Verbesserung vun hirer digitaler Kommunikatioun. Mir organiséiere kreativ Workshoppen a begleeden Ekippen dobäi, Léisungen ze entwéckelen, déi wierklech op d'Besoine vun de Benotzer aginn.
De Lama ass e gesellegt a virwëtzeg Déier, dat gär an der Grupp lieft. Genee dësen Ekippegeescht wëlle mir och bei Llama Corp fërderen. Mir schaffen enk mat eise Clienten zesummen, fir digital Projeten esou einfach an zougänglech wéi méiglech ze gestalten. Dobäi brénge mir eist Fachwëssen an eis Kreativitéit mat an.
Mir schaffe souwuel mat klengen a mëttelgroussen Entreprisen an Handwierksbetriber wéi och mat groussen Entreprisen an Institutiounen zesummen. Fir méi kleng Betriber kënne mir déi ganz digital Kommunikatioun iwwerhuelen, vum Opbau vun enger Internetsäit bis zur Gestioun vun de soziale Medien. Mir sinn och en unerkannten Déngschtleeschter am Kader vum Programm „SME Packages Digital“. Dëse Programm erméiglecht et, ënner bestëmmte Konditiounen, eng staatlech Ënnerstëtzung vu bis zu 70 % vun den eligibele Käschten ze kréien.
Bei gréisseren Organisatioune këmmere mir eis ëm méi komplex Projeten: Internetsitte méi zougänglech maachen, digital Servicer vereinfachen oder Ekippen an neien Aarbechtsmethoden ausbilden.
Mir hunn e Coiffeurssalon iwwer zwee Joer begleet, fir seng digital Kommunikatioun opzebauen an d'Ekipp esou auszebilden, datt si duerno alles selbstänneg geréiere konnt. Donieft hu mir en Iddiemarathon vun 2 Deeg matorganiséiert, bei deem 14 Ekippen no Léisunge fir verschidden Erausfuerderungen am Energieberäich gesicht hunn. D'Participanten hu konkret Léisungen entwéckelt an dës duerno der Direktioun virgestallt.
Well ech selwer zu Houltz wunnen, war dat eng evident Wiel. De Kanton Réiden bitt e rouegt Liewensëmfeld an ass gläichzäiteg gutt geleeën, fir eis Projeten zu Lëtzebuerg an an der Belsch ze betreien. Wien am Technologiesecteur schafft, muss net onbedéngt an der Stad sinn. D'Rou an eiser Regioun fërdert d'Kreativitéit an hëlleft, mat e bëssen Ofstand iwwer strategesch Froen nozedenken. An d'Muhen vun de Kéi am Hannergrond begeeschtert eis Clienten wärend eise Videokonferenzen ëmmer erëm!
Mir wëllen nach méi kleng a mëttelgrouss Entreprisen an Handwierksbetriber aus der Regioun bei hirer digitaler Entwécklung begleeden, besonnesch andeems mir hinnen hëllefen, vun de finanzielle Bäihëllefen ze profitéieren. Gläichzäiteg wëlle mir eis Ekipp an eis Berodungsaktivitéite fir grouss Organisatioune weider ausbauen. Dobäi leeë mir besonnesche Wäert op d'digital Accessibilitéit. Eist Zil bleift dat selwecht: d'Technologie an den Déngscht vum Mënsch ze stellen.
Llama Corp
Site internet: https://llamacorp.lu/
Mail: annabelle@llamacorp.lu
+352 621 246 148
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Zone d'Activités Solupla
23/11/2026
Aktivitätszone Solupla
28/09/2026
Lokal Ekonomie
22/09/2026
Lokal Ekonomie
18/08/2026
Atert Lycée Réiden
23/11/2026
Deputéierten Kanton Réiden
23/11/2026
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Alexis Schloesser
23/11/2026
Dart-Club
23/11/2026