Deputéierten Kanton Réiden

Marc Hansen - Deputéierten aus dem Kanton Réiden

Veröffentlicht: 23/11/2026 - 16:45
Aktualisiert: 23/11/2026 - 17:06
6 Minuten
Foto: DP

De Marc Hansen ass zënter 2013 an der Landespolitik aktiv. Virdru war hie bal zéng Joer Member vum Gemengen- a Schäfferot vun der Useldenger Gemeng. 2013 ass hien an d’Chamber nogeréckelt, éier hien 2014 Staatssekretär an 2015 delegéierte Minister fir Héichschoul a Fuerschung gouf. Gläichzäiteg war hie bis 2018 Minister fir Wunnengsbau.

An der Legislaturperiod 2018–2023 war de Marc Hansen Minister fir d’Fonction publique an delegéierte Minister fir Digitaliséierung an administrativ Reformen. Haut sëtzt hie fir d’DP an der Chamber. 

Bestuet a Papp vun zwee Kanner, ass de Marc viru ronn 25 Joer op Useldeng geplënnert.

Foto: Commune d'Useldange

Wéi eng Theeme leien Iech fir den Norden a besonnesch fir de Kanton Réiden am meeschten um Häerz?

Am Fong geholl ass et ee grousst Thema wat mer besonnesch um Häerz läit: 
Mir mussen d’Liewensqualitéit, déi mir bei eis hunn, an deenen nächste Joren erhalen. 

An deem Sammelbegrëff vun der Liewensqualitéit si vill Theemen dran integréiert: Dat geet vun dem Wunne bis Gesondheet, vu Sécherheet bis Ëmweltschutz a vun Educatioun bis eriwwer bei Kultur, Fräizäitaktivitéiten a performant ëffentlech Servicer

Dozou gehéiert och eng gutt ausgebaut Mobilitéit, déi de Kanton besser mat den anere Ballungszentre wéi Miersch, Ettelbréck/Dikrech, der Stad an, firwat net, och Arel verbënnt.

Wou gesitt Dir déi gréissten Erausfuerderunge fir eis Regioun an de kommende Joren?

An deenen nächste Jore wäerten nach vill Leit bei eis an d’Regioun wunne kommen. Bei eise Planunge musse mir vill Wäert drop leeën, e gudden Equiliber tëscht Wunnen, Mobilitéit, neie Méiglechkeete fir Aarbechtsplazen „sur place“ ze schafen an der Natur ze fannen. Eis Natur ass ganz schéin, a mir hunn an de leschte Joerzéngte vill Initiative gestart, fir se ze schützen. Dat alles mécht déi Liewensqualitéit aus, vun där ech am Ufank geschwat hunn! 

Foto: Chambre des Députés

A wou läit Ärer Meenung no dat gréisste Potenzial fir d’Entwécklung vum Kanton Réiden?

Wa mir eis als Gemengen an als Awunner drop konzentréieren, zesummen ze kucken, wéi mir weiderkommen, läit doran e grousst Potenzial. De Kanton als politesch Struktur huet am Ufank probéiert, verschidden Dossieren zesummen unzegoen, fir datt net jidderee se selwer misst behandelen an dobäi onnéideg Geld an Energie géif verpolveren. Et brauch net all Gemeng eng Piscine an eng eege Museksschoul. Deen urspréngleche Gedanken, deen heiansdo bei verschiddenen Decisioune verluergaangen war, soll dat zentraalt Leitmotiv sinn. D’Bierger wëllen haut verschidde Servicer a sollen déi och am ländleche Raum kréien. Am Beräich vun der Energiepolitik, der Elektromobilitéit an der Energieproduktioun, wou de Kanton zënter jee eng vu senge Kärkompetenzen entwéckelt huet, kënne mir nach vill zesumme maachen an anere weisen, datt mir et kënnen: professionell a mat héijer Qualitéit!

Dir sidd Member vu ville Chamberskommissiounen, ënner anerem der Commission de la Défense an der Commission des Finances. Op wéi eng Resultater sidd Dir bis elo besonnesch houfreg?

„Houfreg“ ass vläicht dat falscht Wuert, mee ech si frou, datt ech mat véier aneren DP-Deputéierten am Summer en oppene Bréif un de belsche Premierminister an aner héichrangeg Politiker geschriwwen hunn, fir si drop opmierksam ze maachen, datt eng geplangt Vignette op de Stroossen an der Grenzregioun villes op d’Kopp géif geheien. Besonnesch fir eise Kanton, deen esou no un der Grenz läit a wou mir vill mat der Belsch ze dinn hunn, wier dat kontraproduktiv. Mir hunn eng Ausnam fir d’Grenzregioun gefrot.

Ech weess net, wat schlussendlech dobäi erauskënnt, mee näischt ze soen, wier keng Optioun gewiescht. 

Foto: DP

Wat schätzt Dir am meeschten un Ärer Aarbecht als Deputéierten? A wat ass déi gréissten Erausfuerderung?

Deputéierten ze sinn – an am Allgemenge Politik ze maachen – ass eng nobel Missioun. All Dag opzestoen an am Déngscht vun de Bierger Gesetzer ze maachen, déi hiren Alldag bestëmmen, ass ganz wichteg. Dobäi muss ee probéieren, den Interessi vum Land a vu senge Bierger all Dag am Bléck ze hunn. 
Dobäi kënnt, datt d’Mandat vum Deputéierten eng perfekt Form vu liewenslaangem Léieren ass. Et ass ofwiesslungsräich, an et léiert een a ville Fachberäicher immens vill bäi – duerch de Kontakt mat de ville Leit a mat Spezialisten aus alle Beräicher. Mee dat, wat et esou spannend mécht, ass gläichzäiteg déi gréissten Erausfuerderung: Et muss ee sech séier an déi verschiddenst Dossieren aschaffen an déi politesch Analys vu ganz komplizéierten Theme maachen.

Dat ass vill Aarbecht, mee dofir si mir jo do! 

D’Gemenge vum Kanton Réiden schaffen a ville Beräicher enk zesummen. Wéi kann déi national Politik regional Initiativen nach besser ënnerstëtzen?

Am Fong gëtt et hei just eng kloer Äntwert: mat méi Budget a méi Suen.

Do, wou gutt Saache gemaach ginn, déi funktionéieren, musse se och méi ënnerstëtzt ginn. 

Wann Dir ee Wonsch fräi hätt: Wéi ee Projet géift Dir direkt fir de Kanton Réiden respektiv den Norden ëmsetzen?

Dir fannt hei op dësen dräi Säiten och e méigleche Plang fir eng Tramslinn, déi an eiser Géigend agezeechent ass. Et ass keen definitiven Tracé, mee eng Iddi, déi nach net ausgeräift ass an als Denkustouss soll déngen. Ech wier frou, wa mir eng oppen Diskussioun iwwer dës Iddi féiere kéinten. Den Tram ass en Erfollegsmodell an e wichtege Faktor an der Mobilitéitsstrategie am Zentrum an en ass och a Richtung Süde geplangt. D’Mobilitéit mécht eis all Dag grouss Suergen. Dofir solle mir innovativ Weeër préiwen, fir ze kucken, ob a wéi si eis hëllefe kéinten.

Mat wéi enge Suergen, Wënsch oder Uleies kommen d’Awunner aus eisem Kanton am heefegsten op Iech duer?

Vun allem. Et komme vill Remarken iwwer d’Zukunft vun eisem Land, iwwer d’Ëmwelt an de Klimaschutz, iwwer déi geopolitesch Situatioun an d’Ängschten, déi d’Leit dowéinst an hirem Alldag hunn, iwwer de Steiersystem, iwwer Ongerechtegkeeten a verschiddene Gesetzer an och iwwer ganz individuell Suergen.

Wéi schalt Dir an Ärer Fräizäit of? Wat sinn Är Hobbyen?

Ech liese vill, gi gär spadséieren, si frou, mat Frënn an der Famill flott Owender ze verbréngen, méie gär meng Wiss a sinn zënter e puer Joer e passionéierte Golfer. Ausserdeem spillen ech reegelméisseg Padel.

Hutt Dir eng Liblingsplaz am Kanton Réiden? Wat mécht dës Plaz fir Iech esou besonnesch?

Meng Liblingsplaz am Kanton ass, nieft mengem Doheem, déi iewescht Plattform vum véiereckegen Tuerm vun der Useldenger Buerg. Do sollt Dir alleguer emol eropklammen; da verstitt Dir, firwat dës Plaz esou besonnesch ass. 

Kontakt:

Marc Hansen
marc.hansen@chd.lu

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Syndikat

Aktuelle Nachrichten