Alexis Schloesser

Den neien Direkter vum ALR stellt sech vir

Veröffentlicht: 23/11/2026 - 15:30
Aktualisiert: 23/11/2026 - 16:06
6 Minuten

Säit dem 1. September steet den Alexis Schloesser un der Spëtzt vum Atert-Lycée Réiden. Hien iwwerhëlt d'Direktioun vum Jeff Kohnen, deen an de Stater Jongelycée gewiesselt ass. Den ALR kennt hie wéi seng eege Boxentäsch, schliisslech ass hie säit ville Joren hei doheem. Mir hu mat him iwwer seng nei Aufgab, aktuell Projeten, d’Erausfuerderunge vun der Schoulwelt an och iwwer seng perséinlech Passioune geschwat. 

Wëllt Dir Iech kuerz virstellen?

Mäi Numm ass Alexis Schloesser, ech sinn 43 Joer al, gepacst, hunn ee Bouf, een Hond a wunnen zu Schieren. Ech si geléierte Geograph a Germanist an hunn no mengem Studium zu Freiburg an ënnerschiddlechen Erfarungen an der Beruffswelt decidéiert, an den Enseignement ze wiesselen: 2009 hunn ech hei am Haus ugefaangen. 2015 sinn ech ënnert dem Claude Boever Attaché à la direction ginn, 2020 Directeur adjoint an hunn den 1. September d'Direktioun vum Jeff Kohnen iwwerholl.

Wat bedeit Är nei Aufgab als Direkter fir Iech perséinlech?

Et ass natierlech eng Erausfuerderung. Déi lescht Joren hunn ech awer schonn enk mam Jeff zesummegeschafft an esou e wäertvollen Abléck an all d'Dossiere krut. Fir mech war et dofir och keng Fro, ob ech mech fir de Poste géif mellen, dofir läit mir den ALR einfach ze vill um Häerz! Eng sou grouss Schoul ze leede wäert och ëmmer eng Erausfuerderung bleiwen, där ech mech awer gären all Dag mat vill Motivatioun an Engagement stellen.

Foto: ALR

Wéi gesäit Är Visioun fir den ALR aus?

E Lycée lieft net vun der Visioun vun enger eenzeger Persoun, mee gëtt vun enger ganzer Ekipp geleet a vun enger grousser Communautéit gedroen. Dofir ass et mir wichteg, jidderee mat op de Wee ze huelen, fir d'Erausfuerderunge vun eiser Zäit esou zesummen ze meeschteren. Ech wëll och den ALR net op d'Kopp dréinen, schliisslech sinn ech mat deem Konzept quasi „opgewuess“ a sinn nach ëmmer der Meenung, datt mir ganz vill richteg maachen.

Foto: ALR

Wéi eng Neierungen a Projete stinn um Programm?

Eis Cellule de développement scolaire (CDS), déi ech scho säit e puer Joer viru mengem Wiessel presidéiert hunn, huet schonn eng ganz Rei Projeten an d'Weeër geleet:

Übungsplang: Den Übungsplang ersetzt de Wocheplang. Dat heescht, datt eis SchülerInne sech de Léierstoff iwwer e méi laangen Zäitraum uneegnen, bis e richteg verankert ass. Duerch méi laangfristegt Übe fërdere mir e méi nohaltegt Léieren.

ALLRaus: Dësen neie Projet d’établissement wëlle mir weiderentwéckelen an dofir suergen, datt e vun der ganzer Schoulgemeinschaft matgedroe gëtt. 

LLRaus bitt de SchülerInne d'Méiglechkeet, ausserhalb vum Klassesall ze léieren, interdisziplinär, an dobäi nei Erfarungen ze sammelen an hir sozial a perséinlech Kompetenzen ze stäerken.

FOLA-Stonnen (Follow-Up-Learning Activity): Déi gëtt et scho vun Ufank u bei eis, mee mir hu se elo fir dës Rentrée nei strukturéiert, fir eis SchülerInne méi fokusséiert a strukturéiert ze begleeden. Op eise 7e-Klassen hëllefen elo all Woch wärend zwou Stonnen e Mathés- an e Sproocheproff de SchülerInnen, gezielt mam Übungsplang un hire fachleche Schwächten ze schaffen. Dëse Modell kéint spéider eventuell och op aner Klassen ausgebaut ginn.

Epreuves communes internes (ECI): Dës gemeinsam Tester an den Haaptfächer sou wéi an de Naturwëssenschaften, bei deenen all d’Klasse vum selwechte Joergang déi selwecht Prüfung maachen, wëlle mir dëst Schouljoer iwwerschaffen, optiméieren a méi gezielt fir d'Orientéierung vun de SchülerInnen notzen. 

Wéi eng Wäerter wëllt Dir de Jonken nieft dem Schoulwësse mat op de Wee ginn?

Als Lycée begleede mir déi Jonk an hirem Alldag vun der Pubertéit bis an d'Erwuesseneliewen. D'Vermëttlung vu Wäerter ass dobäi allerdéngs eng Aufgab vun der ganzer Gesellschaft, net nëmme vun der Schoul. Eis Roll gesinn ech virun allem doran, de Jonken d'Bedeitung vun dëse Wäerter méi no ze bréngen. Wat bedeit Fräiheet? Firwat sinn all d’Mënsche gläich? A firwat ass Solidaritéit esou wichteg? Eis SchülerInne sollen dës Wäerter net nëmme kennen, mee och verstoe kënnen, fir se dann och ze liewen. Si si quasi all an enger fräier Welt gebuer, si kennen näischt Aneschtes. Mir mussen hinne kloer maachen, wat se verléieren, wann dës Wäerter op emol net méi zielen. 

Foto: ALR

Digitaliséierung a kënschtlech Intelligenz veränneren d'Schoulwelt. Wéi kann d'Schoul déi Jonk op hir Zukunft virbereeden?

Dës Verännerunge betreffen eis ganz Gesellschaft, an och d'Schoul muss sech ganz kloer dorun upassen. Eise Fokus bleift awer d'Vermëttlung vu Grondwëssen, och wann d'Methoden an all Generatioun anerer sinn an elo eben ëmmer méi digital ginn. Fir déi Jonk op hir Zukunft virzebereeden, musse mir zesumme mat den Elteren, der Politik an der Gesellschaft un engem Strang zéien.

Eng Schoul ass awer och kee Schnellboot, mir kënnen net direkt op all kleng Well reagéieren. Ech vergläichen d'Schoul gär mat engem Containerschëff, dat seng SchülerInnen hoffentlech sécher an den nächsten Hafe bréngt. An Zäite vu permanente Krise bitt sou e rouegt Schëff Stabilitéit a Sécherheet. 

Wéi wichteg ass Iech d'Verankerung vum ALR an der Regioun a wéi wëllt Dir dës Zesummenaarbecht weiderféieren?

D'Zesummenaarbecht mat den Acteuren aus der Regioun gehéiert zur DNA vum ALR, déi enk Zesummenaarbecht wëlle mir och an Zukunft weiderféieren.
Besonnesch um Häerz läit mir d'Kultur an der Regioun. Et ass dach erstaunlech, dass de Festsall vun engem Lycée dee gréisste Sall am Kanton ass an et am Fong kee richtegt Kulturhaus gëtt! Ech géif mir wënschen, dass d'Kultur méi staark gefërdert gëtt, fir dass de Wëlle Westen net méi wéi eng Kulturwüst wierkt. Do leeschte mir als ALR gär eise Bäitrag.

Deemnächst soll eng nei Europaschoul um Site vum ALR entstoen. Wat ass geplangt?

De Bau vun der neier École européenne de l’Ouest soll Ufank 2027 starten. Geplangt ass, datt si fir d'Rentrée 2028 operationell ass. D'Schoul gëtt a modulärer Holzbauweis gebaut a bitt Plaz fir 525 SchülerInnen. Et ass eng provisoresch Léisung, bis déi definitiv Europaschoul am Raum Stengefort steet. Duerno kéint den ALR d'Raimlechkeeten iwwerhuelen. 

Foto: ALR

An zum Schluss nach 3 perséinlech Froen: Wat maacht Dir gär an Ärer Fräizäit?

Ech reese fir mäi Liewe gär! Ech fannen et immens wichteg, reegelméisseg aus dem Alldag auszebriechen. Reese mécht d'Aen op an erweidert den Horizont. Dofir roden ech eise SchülerInnen och, fir hire Studium de Lëtzebuerger „Cocon“ ze verloossen an Erfarungen am Ausland ze sammelen. An der Vakanz ginn ech gär wanderen, do däerfen et da roueg och 25 Kilometer den Dag sinn.

Wat ass Är Liblingsplaz? 

Mäin Häerz schléit fir de Südtirol an d’Dolomiten – do muss ech einfach all puer Joer hin! Am Wanter stinn ech am léifste sou oft et geet um Snowboard an den Alpen. Mee et geet och näischt iwwer frësch Crevetten um Visserskaai zu Ostende, egal bei wéi engem Wieder!

Wat wënscht Dir Iech, dass d'SchülerInnen an d'Personal spéider iwwer Iech als Direkter soen?

Ech géif mir virun allem wënschen, datt eis SchülerInnen am Liewen eppes erreechen an dobäi mat Freed un hir Zäit am ALR zeréckdenken a soen: „Ech si gär do an d'Schoul gaangen an hu mech wuel gefillt!“ A wa meng Enseignanten dann och nach soen: „Ech hunn do wierklech gär geschafft!“, da wier dat fir mech als Direkter dat schéinste Kompliment. 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kinder und Jugend

Aktuelle Nachrichten