Alexis Schloesser
Den neien Direkter vum ALR stellt sech vir
23/11/2026
Vun der éischter Editioun am Dezember 2009 un huet de Chrëschtmaart vum Atert Lycée Réiden (ALR) sech permanent weider entwéckelt.
Dat éischt Joer goufen op ronn 30 Stänn, déi vun de Klassen ënnert der Leedung vun hire Régenten organiséiert goufen, d'Visiteuren an der Agangshal empfaangen.
Ugebuede goufe virun allem selwer gemaachte Chrëschtdekoratiounen, Bijouen, Kichelcher an aner kleng Produiten. Och déi klassesch Chrëschtspezialitéite wéi Glühwäin, waarme Schocki, Crêpen an Eisekuche waren deemools scho vertrueden. E puer Spillstänn hunn d'Offer flott ofgeronnt.
Am Laf vun de Joren ass de Chrëschtmaart, wéi de Lycée selwer och, ëmmer méi gewuess, souwuel wat d'Zuel vun de Stänn, déi 2025 bäi ronn 70 loung, wéi och d'Villfalt vun den Aktivitéiten ugeet.
Haut këmmeren sech d'Klassen aus dem Cycle inférieur haaptsächlech ëm kreativ Produiten a Spiller. Nieft Chrëschtdekoratiounen, Bastelaarbechten a selwer gemaachte Schneekereie ginn et ënner anerem Videospiller, sportlech Erausfuerderungen, Escape Games, ee Glécksrad, ee Mini-Casino a villes méi.
D'Klasse vum Cycle supérieur iwwerhuelen dogéint virun allem d'Iessen an d'Gedrénks. D'Offer ass mëttlerweil enorm: Nieft Crêpen, Eisekuchen a waarmem Gedrénks ginn et ënner anerem chinesesch Nuddelen, Kniddelen, Kaiserschmarrn, Corn Dogs, Croque-monsieur, Fritten, ee Barbecue a vill aner Spezialitéiten.
Och de Kader huet sech verännert. Nieft der Agangshal an dem Festsall fënnt de Chrëschtmaart haut och dobaussen ënnert dem Préau an an engem extra opgeriichten Zelt statt. Flott kleng Holzbuden, eng festlech Beliichtung an ee selwer gebauten Comptoir aus Holzpaletten suergen fir eng traditionnell Chrëschtmaart-Atmosphär.
Fir déi musikalesch Ënnerhalung suergen d'Museksschoul, d’Schüler-Band, d’Band vum Personal vum ALR an de Chouer vun den Enseignanten, déi mat verschiddenen Optrëtter d'Chrëschtstëmmung ënnersträichen.
Zanter e puer Joer gëtt och e Concours organiséiert. Eng Jury besicht d'Stänn a verdeelt Präisser fir dat bescht nohaltegt Produkt, dat schéinst Produkt, deen am schéinsten dekoréierte Stand an déi bescht Verkafsstrategie.
Och den Ëmweltschutz spillt eng wichteg Roll. D'Schüler ginn encouragéiert, Materialien ze recycléieren, ze reutiliséieren oder duerch Upcycling nei Produiten hierzestellen. Gläichzäiteg gëtt probéiert, sou mann wéi méiglech Offall ze produzéieren, beispillsweis duerch de Gebrauch vun de Mubowl’en.
Nieft der festlecher Atmosphär steet zanter dem Ufank virun allem de Gedanke vum Deelen an der Solidaritéit am Mëttelpunkt. Schonn 2009 war et den Organisateure wichteg, duerch de Chrëschtmaart och ëmmer de gudden Zweck ze ënnerstëtzen.
Eleng am Joer 2025 konnte 15.000 Euro als Spenden iwwerreecht ginn an insgesamt well iwwer 115.000 Euro.
Dës Zuele weisen, wéi vill mat dem gemeinsamen Engagement vun de Schüler, den Enseignanten an der ganzer Schoulgemeinschaft erreecht ka ginn.
Déi nächst Editioun vum Chrëschtmaart vum Atert Lycée Réiden fënnt en Donneschdeg, de 17. Dezember 2026, statt.
De Chrëschtmaart mécht um 11.30 Auer seng Dieren op. D'Verkafs- a Spillstänn maache géint 15.15 Auer zou, wärend d'Stänn mat Iessen a Gedrénks dobausse bis 20.00 Auer viru lafen.
Eng flott Geleeënheet, fir an enger gemittlecher Chrëschtatmosphär zesummenzekommen a gläichzäiteg e gudden Zweck z'ënnerstëtzen!
Alexis Schloesser
23/11/2026
Réidener Jugendtreff
17/08/2026
Halto
03/08/2026
Réidener Jugentreff
18/06/2026
Atert Lycée Réiden
13/04/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Deputéierten Kanton Réiden
23/11/2026
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Alexis Schloesser
23/11/2026
Dart-Club
23/11/2026