Lokal Ekonomie

Autisme Luxembourg Asbl

Veröffentlicht: 23/11/2026 - 16:20
Aktualisiert: 23/11/2026 - 16:34
5 Minuten
Foto: Autisme Luxembourg Asbl

Vu Gebeess iwwer handgemaachte Kaarte bis bei professionell Drock- an Digitaliséierungsaarbechten: An den Ateliere vun Autisme Luxembourg zu Biekerech an Useldeng entsteet eng erstaunlech Villfalt u Produiten a Servicer. Mee hannert dësen Aktivitéite stécht vill méi wéi just Aarbecht. Hei kréie Mënsche mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung d'Méiglechkeet, hir Talenter ze entdecken, hir Kompetenzen auszebauen an aktiv um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen. Mir hu mam Sarah Melcher, Responsabel fir Presse a Fundraising, an dem Direkter Marc de Geest iwwer d'Aarbecht, d'Offer an d'Erausfuerderunge vun der Associatioun geschwat. 

Wéi huet sech Autisme Luxembourg entwéckelt?

Zanter méi wéi 20 Joer si mir zu Biekerech, direkt nieft der Sportshal, etabléiert. Och zu Useldeng hu mir mëttlerweil e Standuert, wou ënner anerem e Grupp vun eisem Service de Formation Professionnelle an e Back-Office ënnerbruecht sinn.

Eis Geschicht geet awer nach vill méi wäit zeréck. Autisme Luxembourg gouf 1981 gegrënnt, mam ursprénglechen Zil, spezialiséiert Schoulklasse fir Kanner mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung ze schafen. Doraus ass den Institut pour enfants autistiques et psychotiques entstanen, deen 1988 an de Service de l'Éducation différenciée integréiert gouf.

Haut begleede mir betraffe Persounen an hir Familljen a ganz ënnerschiddleche Liewensberäicher. Eis Offer reecht vun der Beruffsausbildung an ugepassten Aarbechtsplazen iwwer betreit Wunnstrukture bis bei Hëllefs- a Fleegeservicer doheem.

Am Mëttelpunkt steet dobäi ëmmer de Mënsch: seng individuell Besoinen, säin eegene Rhytmus a virun allem seng Fäegkeeten. Eist Zil ass et, jidderengem déi beschtméiglech Chancen ze ginn, fir sech ze entwéckelen an e méiglechst selbstbestëmmt Liewen ze féieren.

Foto: Nader Ghavami

Wat fir Aktivitéite bidden Är eelef Atelieren un? 

E wichtege Schwéierpunkt vun eiser Aarbecht ass déi berufflech Inklusioun. Mir bedreiwen insgesamt eelef Atelieren, dovun zéng zu Biekerech an een zu Useldeng.

Eis Ateliere bidden eng breet Pallett u Produiten a Servicer un. An eiser Dréckerei produzéiere mir ënner anerem Kaarten, Flyeren a Broschüre fir Privatleit, Betriber a Verwaltungen. An der Bitzerei kréie Stoffer an aner Materialie mat vill Geschéck en neit Liewen. Am Gaardenatelier baue mir Friichten a Planzen un, déi deelweis am Kichenatelier weiderveraarbecht ginn. Donieft hu mir Ateliere fir Wäscherei, Pabeierproduktioun, Keramik, Confiserie, Info-Media a Laser-Tec.
Am Back-Office digitaliséiere mir zum Beispill al Fotoen, Dokumenter a Kassetten, fir wäertvoll Erënnerunge fir d'Zukunft ze erhalen.

Dës Aarbechten erfuerderen ënnerschiddlech Kompetenzen, vu Kreativitéit an handwierklechem Geschéck bis hin zu Genauegkeet, Gedold an techneschem Know-how.

Mee et geet eis ëm vill méi wéi d'Produktioun eleng. Mir bidden eise Beschäftegten e strukturéierten a wäertschätzenden Aarbechtsëmfeld, an deem si hir Stäerkten asetze kënnen. Duerch déi alldeeglech Aarbecht gewanne si u Selbstvertrauen, entwéckelen hir Fäegkeete weider a ginn ëmmer méi selbststänneg. 

Foto: Nader Ghavami

Wéi vill Mënsche mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung schaffe bei Iech?

Aktuell schaffen an den eelef Atelieren zu Biekerech an Useldeng ronn 93 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung, déi de Statut vum salarié handicapé hunn.

Si gi vun enger multidisziplinärer Ekipp ënnerstëtzt. Dozou gehéieren ënner anerem Fachleit, Educateuren, Infirmieren, Psychologen, Logopeden an Ergotherapeuten.

Mir leeë grousse Wäert op eng individuell Begleedung. Well all Persoun aner Fäegkeeten, Besoinen an Erausfuerderungen huet, versiche mir, d'Aarbecht esou gutt wéi méiglech un déi eenzel Persoun unzepassen.

Nieft den Ateliere spillt och d'Beruffsausbildung eng zentral Roll. Eise Service de Formation Professionnelle ass op zwou Gruppen opgedeelt, eng zu Biekerech an eng zu Useldeng. Enn 2025 hu mir hei 17 jonk Erwuessener op hiert spéidert Beruffsliewe virbereet. 

Foto: Autisme Luxembourg asbl

Wie sinn Är Clienten? 

Eis Produiten a Servicer sinn net nëmme bei Privatleit gefrot. Och Gemengen, Veräiner, Entreprisen, Administratiounen a Ministèrë gehéieren zu eise Clienten.

Ëmmer méi Organisatioune loossen individuell Produiten op Mooss bei eis hierstellen oder gräifen op d'Servicer vun eisen Atelieren zeréck.
Fir eis ass dat eng flott Entwécklung, well all Optrag bedeit net nëmmen Aarbecht fir eis Atelieren, mee gëtt eis och d'Méiglechkeet, d'Kompetenze vun eise Beschäftegten no baussen ze weisen.

An dat Bescht: Wien eppes bei eis bestellt, kritt net nëmmen e qualitativ héichwäertege Produit oder eng professionell Déngschtleeschtung, mee ënnerstëtzt gläichzäiteg eng méi inklusiv Aarbechtswelt.

Foto: Nader Ghavami

Wou kann een Är Produite kafen?

Direkt op eisem Site zu Biekerech hu mir e klengen Take-away-Shop, an deem Dir eng flott Auswiel u Produiten aus eisen Ateliere kafe kënnt. Och individuell Bestellungen op Mooss si méiglech. Eis Fachleit beroden Iech gär.
Doriwwer eraus si mir reegelméisseg op lokalen Hobby- a Konschtmäert vertrueden. All Joer si mir och ronderëm Ouschteren an der Belle Étoile mat engem grousse Stand dobäi.

Verschidde Produite fënnt een esouguer am reguläre Commerce, wéi zum Beispill:

  • Pall Center: lecker Gebeesszorten aus den Atelieren
  • Ernster an Naturata: handgemaachte Pabeierkaarten
  • Luxembourg House: originell Kaddoen aus den Atelieren
  • Wild Stuff an der Louvignysgaass: Pâtisserie vun Autisme Luxembourg

Et ginn also vill Méiglechkeeten, d'Associatioun duerch e Kaf ze ënnerstëtzen a sech selwer oder aneren dobäi eng Freed ze maachen

Foto: Nader Ghavami

Wat sinn Är Erausfuerderungen? 

Esou villverspriechend eis Aarbecht och ass, d'Erausfuerderunge bleiwen enorm.
D'Demande no ugepassten Aarbechtsplazen, spezialiséierter Begleedung a betreite Wunnméiglechkeeten ass grouss. Aktuell kënne mir an eisen Inklusiounsatelieren nëmme ronn 95 ugepassten Aarbechtsplazen ubidden. Dat geet bei Wäitem net duer, fir der grousser Demande gerecht ze ginn. Och am Beräich vum betreite Wunne besteet weider Handlungsbedarf.

Fir nach méi betraffe Persounen eng Perspektiv ze bidden, ass et wichteg, déi bestoend Strukturen ze stäerken an nei Méiglechkeete fir déi berufflech a gesellschaftlech Inklusioun ze schafen. 

Wéi finanzéiert Dir Iech?

Mir gi gréisstendeels iwwer Konventioune mat ëffentleche Partner finanzéiert, dorënner de Familljeministère, den Aarbechtsministère an d'ADEM. Fir verschidde Fleegeservicer besteet och eng Konventioun mat der Gesondheetskeess (CNS).
Dës ëffentlech Mëttel decke ronn zwee Drëttel vun de lafenden Aktivitéiten. Fir zousätzlech Projeten a speziell Besoine geet dat awer net ëmmer duer.
Dofir spille Spenden an den Erléis aus dem Verkaf vun de Produiten eng wichteg Roll. Si erlaben der Associatioun, konkret Projeten ze finanzéieren an do ze handelen, wou grad besonnesch Ënnerstëtzung gebraucht gëtt.

Wat wëllt Dir de Lieserinnen a Lieser vum Magazine „De Kanton Réiden“ mat op de Wee ginn?

Inklusioun fänkt am Alldag un, a jidderee kann eppes dozou bäidroen. Andeems mir eis Virurteeler hannerfroen, physesch an digital Barrièren ofbauen an oppe fir aner Mënsche sinn, kënne mir vill bewierken. Och Dir kënnt eis Aarbecht ënnerstëtzen: als Benevole, duerch de Kaf vun eise Produiten oder mat engem Don. All Bäitrag, och e klengen, hëlleft eis, Mënsche mat Autismus nei Perspektiven ze bidden an eng méi inklusiv Gesellschaft ze gestalten.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Wirtschaft

Aktuelle Nachrichten