Fussballcamp
AFVA - Sommer - Fussballcamp 2026 im Préizerdaul: Ein Erfolg
19/08/2026
Präzisioun, Konzentratioun an eng gutt Portioun Nervekraaft: Beim Dart geet et ëm vill méi wéi just Feiler op eng Scheif ze geheien. Den Dart-Club des 3 Frontières, deen 1987 gegrënnt gouf an haut zu Kaalmes doheem ass, zielt 24 aktiv Memberen an dräi Ekippen. Mir hunn eis mam Maurice Doornbusch, dem Veräinssekretär, iwwer d'Faszinatioun vum Dartsport, déi sportlech Erfolleger an d'Veräinsliewen ënnerhalen.
Den Dart-Club des 3 Frontières gouf 1987 zu Rodange gegrënnt. Am Laf vun de Joren huet de Veräin e puer Mol säi Standuert gewiesselt, bis mir schlussendlech an der Gemeng Sëll eng nei Heemecht fonnt hunn.
Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Dartsfederatiounen: d'FLD fir de Steeldart, bei deem mat Feiler mat enger Metallspëtzt gespillt gëtt, an d'EDFL fir den elektroneschen Dart. Mir sinn der FLD ugeschloss. An der FLD sinn aktuell 20 Veräiner aus dem ganze Land vertrueden. Gespillt gëtt a véier Divisiounen, änlech wéi am Fussball. An de leschte Joren huet den Dartsport zu Lëtzebuerg däitlech u Popularitéit gewonnen. Et ginn ëmmer méi Spiller an och ëmmer méi Veräiner.
Natierlech! Bei eis ass jidderee wëllkomm, egal ob Ufänger oder erfuerene Spiller. Et muss ee keng speziell Virkenntnesser matbréngen. Och Jonker kënne bei eis ufänken, allerdéngs eréischt ab 16 Joer, well verschidden Ekippen nach a Caféë spillen.
Mir zielen aktuell 24 aktiv Memberen, dorënner eng Spillerin, a sinn an dräi Ekippen opgedeelt. Eis éischt Ekipp spillt an der Nationaldivisioun, also an der héchster Spillklass vum Land. Eis zweet Ekipp huet et bis an d'Éierepromotioun gepackt, an eis drëtt Ekipp spillt momentan an der éischter Divisioun. Dorop si mir natierlech houfreg!
Eise Spillsall ass de Moment nach zu Kaalmes, mee mir wäerten d'nächst Joer plënneren. Mir trainéieren zweemol d'Woch, méindes an donneschdes.
Virun allem vill Gedold an de Wëllen, sech permanent ze verbesseren! Darts spille léiert een net vun haut op muer – ausser et heescht ee Luke Littler!
Et ass virun allem den Adrenalin, deen ee wärend de Matcher spiert. Besonnesch spannend gëtt et, wann Zuschauer dobäi sinn an d'Teamkolleegen ee bei all Worf ënnerstëtzen. Dat mécht de Sport fir mech esou faszinéierend.
Einfach Kontakt mat eis ophuelen! Dat geet iwwer eis Facebook-Säit, per E-Mail oder Telefon. Mir ginn de Leit gär weider Informatiounen a freeën eis ëmmer iwwer nei Interessenten.
Dart des 3 Frontières
Maurice Doornbusch (Sekretär)
maurice_doornbusch@hotmail.de
Tun Amlung (Responsable sportif)
Tel: +352 621 219 301
Fussballcamp
19/08/2026
Sport
18/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Albert Kerger
15/04/2026
Cycling Team Atertdaul
17/02/2026
Atert Lycée Réiden
20/01/2026
Atert Lycée Réiden
23/11/2026
Deputéierten Kanton Réiden
23/11/2026
Lokal Ekonomie
23/11/2026
Alexis Schloesser
23/11/2026
Duerfentwécklung
23/11/2026
Vision territoriale
23/11/2026