Duerfentwécklung
Eng nei Chargée de mission fir d’Duerfentwécklung
23/11/2026
Ech si 35 Joer al, sinn zu Koulbich grouss ginn a wunne mëttlerweil zu Hueschtert. Ech hu Maschinnebau a Fahrzeugtechnik studéiert a no der Uni 8 Joer an technische Beräicher geschafft. Ech war well als Conseiller a Schäffe politisch an der Eller Gemeng aktiv an hunn an der Zäit ee Stéck wäit d’Aktivitéite vum Syndikat Kanton Réiden kennegeléiert.
Ech leeden déi verschidden operativ Servicer vum Syndikat a stellen a menger Funktioun ee Bindeglied tëscht dem Terrain an der Politik duer. Meng Aufgab besteet doran, déi strategisch Decisiounen um Terrain ëmzesetzen. Eng vu menge Prioritéiten ass et, de Syndikat mat senge sëllige Servicer fir d’Bierger méi visibel ze maachen an dofir ze suergen, dass en no baussen eenheetlech an erëmerkennbar optrëtt.
Ech gesinn de Kanton als eng zentral Ulafstell fir villfältig Froen, déi sech am Alldag vun de Bierger stellen. De Syndikat ass an deene leschte Jore staark gewuess. Dofir ass et wichteg, dass mir eis mat der Vision territoriale eng kloer Richtung ginn hunn, fir dass all Mataarbechter dat selwicht Zil virun Aen huet. Ech wäert mech dofir asetzen, datt mir dëse Wee konsequent weiderginn fir de Bierger dee beschtméigleche Service ze bidden.
Ech hunn zwou gesond Hänn an déi wëlle genotzt ginn: Ech bauen de Moment doheem de Späicher aus a fannen och soss vill Freed un handwierklichen Aktivitéiten. Doriwwer eraus ginn ech nach gären zesumme mat menger Parternin lafen oder mam Hound spadséieren. Ausserdeem sinn ech scho ganz laang Percussioniste an der Musik Gemeng Ell.
Duerfentwécklung
23/11/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
Repair Café Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
21/10/2026
Kanton Réiden Administration
14/10/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
Zone d'Activités Solupla
23/11/2026
Gemeng Groussbus-Wal
23/11/2026
Duerfentwécklung
23/11/2026
Chrëschtmäert-Agenda
28/10/2026
E Stopp fir de Mupp
28/10/2026
Kultur-Agenda
27/10/2026