Duerfentwécklung
Unsere Dörfer gemeinsam gestalten
23/11/2026
Ee vun de Projete vun eiser Vision territoriale ass et, d’Zesummenaarbecht tëscht de Servicer vun de Membersgemenge vum Syndikat Kanton Réiden ze stäerken.
Dofir gi reegelméisseg Austauschtreffen tëscht de Mataarbechter aus deene selwechte Fachberäicher organiséiert, dorënner Sekretariat, Recette, Kommunikatioun, Ressources humaines a Service technique. Well d’Gemengeservicer am Alldag dacks mat änlechen Erausfuerderunge konfrontéiert sinn, ass et besonnesch wäertvoll, Erfahrungen a Wëssen auszetauschen, vuneneen ze léieren a gemeinsam Léisungen ze fannen.
Bis elo hu sechs esou Austauschtreffe stattfonnt, déi vum Liette Mathieu vum Ministère de l’Aménagement du Territoire a vum Personal vum Syndikat Kanton Réiden begleet goufen. D’Treffe ware ganz produktiv an hunn zu interessanten Diskussiounen gefouert, déi fir all d’Participante beräichernd waren.
Donieft ginn am Kader vun dësem Projet och Formatioune fir d’Gemengepersonal direkt zu Réiden organiséiert. Esou kënnen d’Mataarbechter sech weiderbilden, ouni dofir bis an d’Stad mussen ze fueren.
Folgend Formatioune goufe bis elo ugebueden: Paieprogramm APSAL mam SIGI, Eventfotografie mat enger professioneller Fotografin, Deele vu Stroum aus erneierbaren Energien op Gemengenniveau mat der Klima-Agence, Noperschaftskonflikter mam Maître Krieger a Verkéiersberouegung mat Vertrieder vum Mobilitéitsministère.
Dës Austauschtreffen a Formatioune wäerten och d’nächst Joer weidergefouert ginn, fir d’Zesummenaarbecht tëscht eise Gemengen ze stäerken an d’Gemengepersonal a senger deeglecher Aarbecht ze ënnerstëtzen.
Duerfentwécklung
23/11/2026
Duerfentwécklung
23/11/2026
Kanton Réiden Administration
23/11/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
Repair Café Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
21/10/2026
Duerfentwécklung
23/11/2026
Zone d'Activités Solupla
23/11/2026
Gemeng Groussbus-Wal
23/11/2026
Duerfentwécklung
23/11/2026
Kanton Réiden Administration
23/11/2026
Chrëschtmäert-Agenda
28/10/2026