Kanton Réiden Vivre Ensemble
Zesumme liewen, Kulturen deelen: Wat verbënnt eis?
27/10/2026
De Jacques Gilbert vu Räichel ass zënter den Ufäng beim Repair Café Kanton Réiden dobäi a léisst sech kee Rendez-vous entgoen.
Ech sinn Ingenieur an der Pensioun a war schonn ëmmer e passionéierte Bastler. Ech hunn ëmmer gär Saachen auserneegeholl, fir ze verstoen, wéi se funktionéieren. Dat Wëssen hëlleft mir haut, Apparater ze flécken, wann se net méi richteg funktionéieren.
Ech këmmere mech haaptsächlech ëm elektromechanesch Apparater, wéi zum Beispill Staubsauger oder Kaffismaschinnen.
Ech hu keng besonnesch Virléiften. Am léifste flécken ech awer Saachen, déi net ze vill Zäit an Usproch huelen. Esou kann ech méiglechst ville Leit hëllefen.
Ech schätzen déi gemittlech Atmosphär an déi géigesäiteg Hëllef ënnert de Repairer. An natierlech ass et ëmmer nees schéin, wann d'Leit mat engem Laachen an hirem gefléckten Apparat nees heemginn.
Jidderee ka Repairer ginn, jiddereen op sengem Niveau. D'Repair Caféë sinn och Plazen, wou ee vill bäiléiere kann. Wien en Apparat matbréngt a beim Flécke matschafft, kann dobäi nei Fäegkeeten entwéckelen an eppes fir d'Zukunft léieren.
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
21/10/2026
Kanton Réiden Administration
14/10/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
28/09/2026
Chrëschtmäert-Agenda
27/10/2026
Kultur-Agenda
27/10/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
HPPA Redange
27/10/2026
Kanton Réiden Tourisme
23/10/2026