Duerfentwécklung

Eng nei Chargée de mission fir d’Duerfentwécklung

Veröffentlicht: 23/11/2026 - 11:25
Aktualisiert: 23/11/2026 - 12:28
2 Minuten
Foto: Kanton Réiden

Nodeems d’Joëlle Ferber no knapp zwee Joer eng nei berufflech Erausfuerderung an hirer Heemechtsregioun, dem Éislek, ugeholl huet, huet d’Magali De Rocco hir Plaz als Chargée de mission fir d’Duerfentwécklung iwwerholl. Mir stellen déi nei Duerfentwécklerin kuerz vir.

Magali, kanns du dech kuerz virstellen?

Ech sinn d’Magali De Rocco, 41 Joer al, bestuet a Mamm vun engem 7-järege Meedchen. Gebierteg sinn ech aus dem Minett, mee zënter ronn siwe Joer wunnen ech mat menger Famill zu Beschdrëf. Ech hunn e Master an der Sozialer Aarbecht/Sozialer Innovatioun an hunn déi lescht 15 Joer virun allem am Sozialwiese geschafft. Dobäi konnt ech Erfarungen an der économie sociale et solidaire, am soziale Wunnengsbau, an der Partizipatioun souwéi an der Kanner- a Jugendhëllef sammelen. De roude Fuedem duerch meng Aarbecht war ëmmer d’Partizipatioun an d’Begleedung vu Bedeelegungsprojeten.

Wat huet dech un dëser neier Aufgab gereizt?

LEADER hunn ech schonn 2011 duerch meng Aarbecht beim RESONORD kennegeléiert. Wéi ech dës Annonce gesinn hunn, hunn ech mech direkt ugesprach gefillt. Ech fannen et spannend, d’Gemengen an hirer Entwécklung ze begleeden an dobäi d’Siicht vun de Leit mat anzebezéien.

Wouranner besteet deng Aarbecht?

Ech begleeden d’Gemenge bei hiren Entwécklungsprojeten: vum Ermëttele vun hire Besoinen iwwer d’Informatioun zu finanzielle Fërderméiglechkeeten an d’Demande vu Subsiden bis zur Ëmsetzung vu Bedeelegungsprojeten. Donieft schaffen ech och u LEADER-Projete mat. Duerfentwécklung a LEADER ergänze sech dobäi ideal.

A wat méchs du an denger Fräizäit?

Meng Fräizäit verbréngen ech am léifste mat menger Famill an an der Natur, zum Beispill beim Spadséiere mam Lotti, eisem Hond. Donieft engagéieren ech mech benevole an eiser Gemeng a schaffen an eisem Gemeinschaftsgaart mat.

Mir wënschen dem Magali vill Freed an Erfolleg bei hirer neier Aufgab a vill spannend Projeten an eisen Dierfer!

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Syndikat

Aktuelle Nachrichten