Atert Lycée Réiden

D’Internat vum Atert-Lycée Réiden

Veröffentlicht: 13/04/2026 - 15:03
Aktualisiert: 27/04/2026 - 15:46
5 Minuten
Foto: ALR

Um Campus vum Atert-Lycée Réiden befënnt sech en Internat, wou Schüler aus dem Lycée vu méindes bis freides wunnen a vun der engagéierter pedagogescher Ekipp vum Internat bei hirer schoulescher a perséinlecher Entwécklung begleet ginn. 

Mir hunn eis mat der Coordinatrice vum Internat, der Madamm Anne Grzelak an dem Här Christian Chastrette, Educateur, ausgetosch. 

Ween dierf an d’Internat goen?

Als ëffentlecht Schoulinternat si mir oppe fir all Schülerin a Schüler vu 7ᵉ bis 1ʳᵉ. Viraussetzunge sinn eng Admissioun am Atert-Lycée an de Jonke muss op fräiwëlleger Basis bei eis kommen. Och élèves à besoins spécifiques si bei eis wëllkomm, dobäi schaffe mir enk mam Lycée zesummen. Den Direkter vum Lycée ass och eisen Direkter. De Wunnuert spillt keng Roll – mir hu beispillsweis och Jonker vu Réiden. 

Firwat geet een an d’Internat?

D’Grënn si villsäiteg: de Wunnuert ass ze wäit ewech, feelend Rou doheem, de Wonsch, mat Gläichaltregen zesummenzeliewen, Elteren/Tuteuren, déi Schichte schaffen, ... 
Et ass och méiglech, fir nëmmen eng begrenzten Zäit am Internat ze wunnen, z. B. fir Premièresschüler oder am Fall vun enger Hospitalisatioun vun den Elteren. 

Wéi vill Schüler sinn de Moment am Internat? 

De Moment liewe ronn 40 Schüler bei eis. Dës Zuel erlaabt eis, eng héich Qualitéit an der Betreiung ze garantéieren an op all eenzelne kënnen anzegoen.

Wat kascht d’Internat?

D’Käschte belafe sech op 3.600 € pro Joer. Famillje mat nidderegem Akommes profitéiere vun enger Reduktioun vun 10 %. Am Präis abegraff sinn d’Moies- an d’Owesiessen an der Kantin vum Lycée. Och fir Geschwëster gëtt et eng Remise.

Foto: ALR

Wéi vill Personal schafft am Internat?

Eist Team besteet aus 8 Educateuren, enger Psychologin, engem Concierge an dem pedagogesche Begleethond Cooper, dee sporadesch am Internat ass.

Wéi gesäit et mat der Zëmmeropdeelung aus?

Fir méi jonk Bewunner si meeschtens Duebelzëmmere virgesinn, Schüler aus méi héije Klassen hunn an der Reegel en Eenzelzëmmer. All Zëmmer huet en eegent Buedzëmmer (Lavabo, WC an Dusch). Zousätzlech verfüügt d’Internat och iwwer behënnertegerecht Zëmmeren.

Wéi gesäit een typeschen Dag am Internat aus? 

Nom Moiesiessen an der Kantin vum Lycée ginn d’Schüler an hir Klassen. Wann d’Schoul um 15:30 Auer eriwwer ass, bidde mir kleng Snacks, wéi Uebst a Geméis, un. Vu 16:00 bis 17:30 Auer ass de Moment fir ze léieren. Tëscht 18:00 an 19:00 Auer fënnt d‘Owesiessen an der Kantin statt. Duerno hunn eis Bewunner Fräizäit a kënnen un Aktivitéiten deelhuelen, bis zur Nuetsrou.

Wéi gesäit eng Etüd aus?

D’7ème-Schüler léieren zesummen an engem Raum, mat 2 Erzéier. Si kréie bësse méi Ënnerstëtzung bei der Organisatioun a léieren ze léieren. Déi anere Schüler léieren an hirem Zëmmer. Si schaffe méi selbstänneg a kënnen op d’Hëllef vun den Erzéier zréckgräifen. Zousätzlech bidde mir een Appui duerch Proffen aus dem ALR un. Eng fräiwëlleg Etüd ass och all Dag tëschent 20:00 a 21:30 méiglech, fir déi Schüler, déi méi wëlle léieren. 

Foto: ALR

Wat gëtt an der Fräizäit ugebueden?

All Dag ginn zwou bis dräi fräiwëlleg Aktivitéite proposéiert, woubäi déi Jonk och selwer Iddie kënne mat abréngen. Zur Verfügung stinn d’Sportinfrastrukture vum ALR, Vëloen a Go-Karten, e klenge Fitnessraum, wéchentlech Visitten an der Réidener Schwämm, e Mol- a Bitzatelier, eng Bibliothéik, e klenge Kino, eng Gemeinschaftskichen, e groussen Openthaltsraum mat Billard, Dart a Gesellschaftsspiller, Hochbeeter an eisem Gaart a Reit-Nomëtteger am Reitstall zu Martelinville. Eemol an der Woch besteet eng Zesummenaarbecht mam Äerdschëff. Zousätzlech organiséiere mir Informatiounsowenter, Ausflich, Olympiaden, Partyen a Projete mat aneren Internater. Et dierft also kengem langweileg ginn! 

Wat fir Wäerter an Ziler verfollegt Dir an der Betreiung?

Eis Betreiung baséiert op Vertrauen, Transparenz, Verantwortung a respektvollem Zesummeliewen. All Schüler soll sech wuel fillen; wann néideg schütze mir dowéinst och déi méi schwaach Bewunner. Mir hu kloer Reegelen a Respekt souwéi sozial Kompetenze gi virausgesat. Bei Konflikter begleede mir d’Schüler als Mediateuren, fir datt si léieren, selwer Léisungen ze fannen. Eng gesond Balance tëschent Léieren, Fräizäit a Bildschiermzäit ass den Erzéier wichteg. Dowéinst ginn d’Bewunner, jee no Alter, hiren Handy zu bestëmmten Zäiten of – wärend der Etüdszäit, beim Iessen an an der Nuecht.

Foto: ALR

Wat sinn Ärer Meenung no, déi gréisst Virdeeler, déi d’Schüler duerch d’Liewen am Internat gewannen?

D’Internat bitt e gereegelte Kader mat enger professioneller pedagogescher Betreiung. Duerch d’Liewen an der Gemeinschaft entsti Frëndschaften, déi dacks wäit iwwer d’Schoulzäit eraus bestoen.
Ee vun eise Bewunner huet et eemol esou ausgedréckt: „Hei am Internat kritt jidderee wat e brauch fir een autonomen a verantwortungsbewossten Erwuessenen ze ginn.“

Besonnesch an der Pubertéit – enger Phas, an där d’Bezéiung tëscht de Jugendlechen an Elteren net ëmmer einfach ass – profitéieren eis Jonk vun enger strukturéierter a kompetenter Begleedung op hirem Wee an d’Erwuesseneliewen. Déi breet Panoplie un Aktivitéiten erméiglecht et hinnen, Neies kennenzeléieren an hir Fäegkeete weiderzeentwéckelen.

Wéi gesäit d’Zesummenaarbecht mat den Elteren/Tuteuren aus?

Eng enk a vertrauensvoll Zesummenaarbecht mat den Elteren/Tuteuren ass eis wichteg. Am Ufank ass e reegelméissegen Austausch erwënscht, zousätzlech ginn et zweemol am Joer strukturéiert Bilanen. All Schüler kritt e Referenzerzéier, dee reegelméisseg am Kontakt mat den Elteren a mam Regent steet. Sou ass e konsequente Suivi garantéiert. 

Wéi leeft et of, wann een interesséiert ass?

Interesséiert Schüler kommen sech zesumme mat hiren Elteren d’Internat ukucken – bei der Porte Ouverte den 18. Abrëll 2026 oder op Rendez-vous. Wann d’Interesse bestoe bleift, ass deen nächste Schratt een Interview. Eng definitiv Zouso gëtt eréischt gemaach, wann eng Plaz am Atert-Lycée disponibel ass. 

Wat plangt Dir fir d’Zukunft? 

Mir dokteren un engem Konzept, fir d’Iddie vun eise Bewunner nach méi staark afléissen ze loossen, besonnesch wat d‘Aktivitéiten an d‘Gestaltung vum Internat ugeet. 

Kontakt

Internat ALR
T. 26 2 32 700
internat@alr.lu
www.alr.lu 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kinder und Jugend

Aktuelle Nachrichten