Sporting Club Ell

Sporting Club Ell – Méi wéi nëmmen e Fussballveräin

Veröffentlicht: 06/08/2026 - 15:38
Aktualisiert: 06/08/2026 - 16:23
9 Minuten
Foto: SC Ell

Zënter Joerzéngte gehéiert de Sporting Club Ell zu de feste Gréissten am Veräinsliewe vun der Gemeng Ell. Mat senger aktiver Jugendaarbecht, engem staarke Veräinsgeescht an enger Dammesektioun, déi sech och op nationalem Niveau en exzellente Ruff opgebaut huet, spillt de Veräin eng wichteg Roll – net nëmmen am sportlechen, mee och am gesellschaftleche Liewe vum Kanton Réiden.

Eng Persoun, déi dës Entwécklung iwwer vill Jore matgepräägt huet, ass de Paul Wilwerding. Als Matgrënner vun der Dammesektioun, laangjäregen Trainer a Sekretär vum Veräin huet hien déi gréisste sportlech Erfolleger vum SC Ell net nëmme materlieft, mee och aktiv matgestalt. Mir hu mat him iwwer d'Geschicht vum Veräin, d'Entwécklung vum Dammefussball an d'Zukunft vum Sporting Club Ell geschwat.

Kënnt Dir Iech kuerz virstellen a wéi laang sidd Dir schonn am SC Ell aktiv?

Ech sinn zu Uewerkolpech an der Gemeng Ell opgewuess a wunnen zënter 2014 zu Nojem zesumme mat menger Fra Tina Bourg an eisen zwee Kanner, Hanna an Noah. Mam Fussball hunn ech am Alter vun zéng Joer ugefaangen, an zënter 1989 sinn ech beim SC Ell lizenzéiert. Bis 2019 war ech aktiv Spiller. Zënter 2005 sinn ech Sekretär vum Veräin, an zënter 2007 Trainer vun den Dammen. Donieft hunn ech och d'Jeunes Filles an d'Cadettes trainéiert. 

Foto: SC Ell

Kënnt Dir eis e kuerzen Abléck an d'Geschicht vum Veräi ginn?  

Wann een iwwer d'Geschicht vum Fussball zu Ell schwätzt, kënnt een net laanscht den Numm Jean Roeder. Hie war gebierteg vu Rued aus der Eller Gemeng an ass 1902 no sengem Studium op der University of London zeréck op Lëtzebuerg komm. Hie bruecht zwou deemools nach bal onbekannt Sportaarte mat: Lawn-Tennis a Fussball.

Als Professer zu Esch-Uelzecht huet hien seng Schüler fir de Fussball begeeschtert. Trotz Widderstand vun der Kierch an Deeler vum Léierpersonal – de Fussball gouf deemools als ze brutal ugesinn – huet hien den 9. Dezember 1906 mam Football and Lawn Tennis Club, der haiteger Fola Esch, den éischte Lëtzebuerger Fussballveräi gegrënnt. Déi éischt Fussballfederatioun gouf 1908 gegrënnt. Bis an d'1920er Jore sollt et awer daueren, bis den éischte Fussballveräin zu Ell entstanen ass. Wéi laang dëse bestanen huet, ass net iwwerliwwert.

1936 gouf en zweete Veräi gegrënnt, deen awer mam Ausbroch vum Zweete Weltkrich verschwonnen ass. Den drëtte Versuch war de FC 46 Ell, dee vun 1946 bis 1950 aktiv war. De véierte Versuch war dee richtegen: 1971 gouf de Sporting Club Ell gegrënnt, deen haut nach besteet. Eng ganz wichteg Etapp an der Veräinsgeschicht war d'Grënnung vun der Dammesektioun am Joer 2005. Domat huet de Veräin en neit Kapitel opgeschloen. 

Foto: SC Ell

Op wéi eng sportlech Erfolleger ass de Veräi besonnesch houfreg?

An de leschte Joerzéngte konnte souwuel d'Männer- wéi och d'Dammenequippen eng ganz Rei Erfolleger feieren. Bei de Männer huet de Veräin 1983/84 als Champion den Opstig an d'3. Divisioun gepackt. An der Saison 1996/97 ass de SC Ell als Champion an d'2. Divisioun opgestigen. Och 2004/05 an 2007/08 ass den Opstig an d'1. Divisioun gelongen, wou de Veräin sech all Kéier eng Saison behaapte konnt.

Als gréisste sportleche Succès vun der Männerekipp gëllt de Parcours an der Coupe de Luxembourg an der Saison 2004/05. Den SC Ell huet et bis an d'Véierelsfinall gepackt an ënnerwee Veräiner aus der Éierepromotioun an der Nationaldivisioun eliminéiert. Eréischt géint den FC CeBra 01 war no enger knapper 4:5-Néierlag Schluss. Och d'Dammesektioun kann op eng aussergewéinlech Bilanz zeréckblécken. D'Jeunes Filles goufe sechs Mol Champion vu Lëtzebuerg an hunn dräi Mol de Futsal-Championnat gewonnen. D'Cadettes konnten dräi Championstitele feieren.

Déi éischt Dammenequipe ass 2009 als Champion an déi héchst Lëtzebuerger Liga opgestigen an huet sech do dauerhaft etabléiert. Véier Coupefinallen, de Gewënn vun der Coupe de Luxembourg am Joer 2012 an de Championstitel 2014 gehéieren zu de gréissten Erfolleger an der Veräinsgeschicht. Och déi zweet Equippe konnten sech behaapten. D'zweet Männerekipp huet et bis an d'2. Klass gepackt, wärend d'zweet Dammenequipe haut an der Ligue 2 spillt.

Ginn et Anekdoten oder Erënnerungen aus der Veräinsgeschicht, déi Iech besonnesch am Kapp bliwwe sinn?

No esou ville Joren am Veräi sammelt sech natierlech eng ganz Rei Geschichten un. Et goufe schwéier Momenter. Den 4. November 2010 ass eis Spillerin Christiane Majerus no engem Häerzstëllstand am Training verstuerwen. Den 1. Mee 2023 huet de Ben Schaaf op tragesch Aart a Weis säi Liewe verluer. Béid hunn de Veräi staark gepräägt a bleiwen onvergiess.

Glécklecherweis ginn et och onzieleg schéin Erënnerungen. Wa sportlech Erfolleger gefeiert goufen, ass och mol bis spéit an d'Nuecht zesumme gefeiert ginn. Onvergiess bleiwen eis Fester no de Coupematcher, d’Spaghettie bei der Famill Rasqué, eis Fester beim Chalet zu Nidderkolpech wéi och déi vill flott Owender am Café des Sports – besser bekannt als „beim Margot“.

Besonnesch bei de Finale vun eisen Damme war d'Stëmmung aussergewéinlech. Déi mof Faarwe vum SC Ell hunn d'Tribünen an d'Ëmgéigend vum Terrain dominéiert a fir eng eenzegaarteg Atmosphär gesuergt. Dat si Momenter, déi weisen, wéi staark de Veräi vu senge Supporteren an der ganzer Gemeng gedroe gëtt.

D'Wiertsfra Margot war dobäi iwwer vill Joren eng Schlësselfigur am Veräinsliewen. Mat hirer Häerzlechkeet an hirem Engagement huet si de Veräin entscheedend matgepräägt. Ouni si wier de SC Ell sécher net dee selwechte Veräi ginn. 

Foto: SC Ell

Wat bedeit de SC Ell fir d'Gemeng Ell an de Kanton Réiden?

Fir mech ass de SC Ell vill méi wéi nëmmen e Fussballveräin. Mir wëllen eng Plaz sinn, wou jidderee wëllkomm ass – onofhängeg vum Alter, vum Niveau oder vum sportlechen Talent.Mir sti fir Respekt, Gläichberechtegung an Toleranz. Dës Wäerter maachen eis zu engem Aushängeschëld fir d'Gemeng Ell. Hei geet et net nëmmen ëm zesumme spillen, mee virun allem ëm zesumme liewen, schaffen an zesummenhalen.

E grousse Merci geet och un d'Gemeng Ell. Ouni hir Ënnerstëtzung wier dat alles net méiglech.

Wéi vill Memberen, Spillerinnen a Spiller zielt de Veräin haut?

De Veräin zielt ronn 200 aktiv Spillerinnen a Spiller. Dobäi kommen nach tëscht 150 an 200 inaktiv Memberen an eng grouss Zuel vu Supporteren, déi de Veräin nieft dem Terrain ënnerstëtzen.

Foto: SC Ell

Den SC Ell ass besonnesch fir seng Dammesektioun bekannt. Wéi huet sech den Dammefussball zu Ell entwéckelt?

D'Iddi ass 2005 entstanen. Meng deemoleg Frëndin Tina Bourg – haut meng Fra – wollt Fussball spillen. Zesumme mat Frëndinnen ass d'Iddi opkomm, eng Dammenequipe zu Ell ze grënnen. Ënnert dem Motto „Kick it like Beckham zu Ell“ hu mir mat Flyeren a Plakater Reklamm gemaach. Sozial Medie gouf et deemools nach net. De Succès war enorm. Beim éischten Training ware vill Interesséiert do an den Alain Even an ech hunn zesummen den Training geleet. No e puer weideren Trainingen an engem Frëndschaftsmatch géint Ettelbréck, dee viru ronn 300 Zuschauer gespillt gouf, war kloer: D'Meedercher wollten eng Equipe.

Den 10. Juni 2005 huet de Comité offiziell gréng Luucht ginn. Zënterhier ass d'Dammesektioun kontinuéierlech gewuess. 2010 koum eng zweet Dammenequipe dobäi. 2012 war de SC Ell ee vun de Grënnerveräiner vum Championnat Jeunes Filles. Haut huet de Veräin Equippen an de Kategorië WU11, WU13, WU15, WU17 souwéi zwou Dammenequippen.

Wéi wichteg ass d'Jugendaarbecht fir de Veräin, a wéi probéiert Dir Kanner a Jugendlecher fir de Fussball ze begeeschteren?

Si ass de Fundament vun eiser Philosophie. Eist Zil ass et, esou vill wéi méiglech Jonker selwer auszebilden an hinnen de Schrëtt an eis Aktivekippen ze erméiglechen. Bei eis ass jidderee wëllkomm. Mir wëllen de Kanner a Jugendlechen d'Méiglechkeet ginn, sech sportlech a mënschlech weider z'entwéckelen – onofhängeg vun hirem Niveau.

Mir setzen op eng qualitativ Ausbildung, Schnupper- a Prouftrainingen an e positiivt Veräinsëmfeld. Natierlech komme punktuell och nei Spillerinnen oder Spiller dobäi, mee mir bauen net op deier Transferten. Eis Prioritéit bleift d'Ausbildung vun eisen eegenen Talenter.

Si ass essenziell.

Eis Philosophie ass et, esou vill wéi méiglech Meedercher selwer auszebilden an hinnen de Wee an eis éischt, respektiv zweet Dammenequipe opzemaachen. Bei eis ass jidderee wëllkomm. Mir schécke keen heem. Mir setzen op Schnuppertrainingen, Prouftrainingen, Ausbildung an e gutt Veräinsbild. Natierlech maache mir och punktuell Transferten. Mir bezuelen awer keng Gehälter u Spillerinnen oder Spiller. 

Foto: SC Ell

Vill Veräiner liewe vum Benevolat. Wéi vill Fräiwëlleger engagéieren sech beim SC Ell, a wéi wichteg ass hiren Asaz?

Benevolat ass d'Häerzstéck vun all Veräin. Ouni déi vill Leit, déi hir Fräizäit investéieren, géif kee Veräi funktionéieren.  

Beim SC Ell engagéiere sech nieft dem Comité vill Trainer, Spillerinnen, Spiller, Elteren a Frënn vum Veräin. Dat huet sech ënner anerem beim Barragematch tëscht der Alliance Äischdall an dem FC Harel/Tarchamps gewisen. D'Organisatioun gouf vu ville Säite gelueft – e Succès, deen nëmme méiglech war, well eng grouss Zuel vu Benevolle mat ugepaakt huet. Dëse staarke Veräinsgeescht ass eng vun de grousse Stäerkte vum SC Ell.

Mat wéi engen Erausfuerderunge gesäit sech e ländleche Fussballveräin haut konfrontéiert?

D'Erausfuerderunge ginn ëmmer méi grouss. Nieft den infrastrukturellen a finanzielle Froe spillen och d'Mobilitéit, sportlechen Erfolleg eng wichteg Roll.

Fir e Veräin um Land ass et net ëmmer einfach, mat de Méiglechkeete vu méi grousse Stadveräiner ze konkurréieren. Ëmsou méi wichteg si kloer Wäerter, eng gutt Organisatioun an eng staark Gemeinschaft.

Wéi gesäit d'Zesummenaarbecht mat den Nopeschveräiner an der Regioun aus?

Mir schaffen am Kader vun der Jeunesse Atertdaul ganz enk mam FC Biekerech an dem FC Préizerdaul/Réiden zesummen. Dës Partnerschaft erméiglecht et eis, de Kanner an de Jugendlechen eng qualitativ Ausbildung unzebidden an hinnen eng gutt sportlech Entwécklung ze garantéieren. E grousse Merci geet un d’Traineren, de Jugendcomité, déi immens vill schafft an un déi dräi Veräiner, déi dës Zesummenaarbecht mat vill Engagement droen. 

Foto: SC Ell

Wat sinn déi aktuell Ziler a Projete vum SC Ell?

Mir wëllen nach méi Spillerinnen a Spiller aus eiser Jugend an eis Aktivekippen integréieren an eisem Ausbildungswee trei bleiwen. Bei de Männer ass d'Zil, sech dauerhaft an der 2. Divisioun ze etabléieren an op mëttel Siicht nees ëm den Opstig matzespillen. Bei den Damme wëlle mir déi zweet Ekippen an der Ligue 2 stabiliséieren. Mat der éischter Equipe ass d'Zil, de Champion's Play-off z'erreechen an an der Coupe esou wäit wéi méiglech ze kommen. An engem Coupewettbewerb ass ëmmer eng Iwwerraschung méiglech.

Gläichzäiteg musse mir fir nei Iddien oppe bleiwen, well de Fussball sech permanent weiderentwéckelt.

Wat mécht de SC Ell aus Ärer Siicht eenzegaarteg?

Natierlech eis mof-wäiss Veräinsfaarwen. Mee virun allem eis Philosophie. Mir liewen d'Gläichberechtegung am Sport a bidde jiddwerengem d'Méiglechkeet, säi Platz am Veräin ze fannen. Mir bleiwen eise Wäerter trei a leeë grousse Wäert op Respekt, Zesummenhalt an Teamgeescht. Dat ass et, wat de Sporting Club Ell zënter Joren auszeechent.

Wat wëllt Dir de Leit aus dem Kanton Réiden iwwer de SC Ell mat op de Wee ginn?

Ënnerstëtzt Veräiner! All Veräi lieft vu Leit, déi sech benevolle engagéieren. Wie sech an engem Veräin asetzt mécht net nëmme Sport méiglech. Hien investéiert an d'Liewen am Duerf, an d'Jugend an an de gesellschaftlechen Zesummenhalt. Et ass net nëmmen de Veräin, dee vun dësem Engagement profitéiert. Och ee selwer kritt vill zeréck: Frëndschaften, flott Erënnerungen an d'Gefill, eppes Sënnvolles fir seng Gemeinschaft bäizedroen. 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Sport

Aktuelle Nachrichten