Réidener Jugendtreff

Martine a Maïte, déi dreiwend Kräften hannert dem Jugendtreff

Veröffentlicht: 23/11/2026 - 18:00
Aktualisiert: 23/11/2026 - 18:58
6 Minuten
Foto: Réidener Jugendtreff

220 ageschriwwe Jonker, 30 bis 40 Visiteuren den Dag an eng Ekipp vu sechs Leit: De Réidener Jugendtreff ass vill méi wéi just eng Plaz, wou ee seng Fräizäit verbrénge kann. Fir munch Jugendlecher ass en en zweet Doheem, eng Plaz, wou si ëmmer en oppent Ouer fannen, Vertraue kréien an hir Dreem verwierkleche kënnen. Mir hunn eis mam Martine Thielmanns a mam Maïté Schroeder ënnerhalen, zwou engagéierte Mataarbechterinnen, déi mat vill Häerzblutt fir déi Jonk do sinn. 

Martine a Maïté, wéi laang schafft Dir scho mat Jugendlechen a wat begeeschtert Iech un Ärem Beruff?

Martine: Ech hu bal alles am Jugendtreff materlieft: déi verschidden al Gebaier, déi ënnerschiddlech Buergermeeschteren a virun allem ganz Generatioune vu Jonken! Verschiddener sinn haut selwer Elteren an hir Kanner kommen elo bei eis an de Jugendtreff. Dat ass scho witzeg! Ech hunn ee Studium an der Psychologie ofgeschloss an déi Jugendlech ware schonn ëmmer déi Altersgrupp, mat där ech am léifste schaffen. Wat mir besonnesch gefält, ass, datt mat hinnen alles méiglech ass. Et gëtt ni eng Routine. Mir kënnen eis ëmmer nees eppes Neies afale loossen, kreativ sinn, nei Projeten op d'Bee stellen an deene Jonke virun allem weisen, datt si och grouss dierfen dreemen. 

Maïté: Ech kommen ursprénglech vu Réiden a wunnen haut zu Biekerech. Ech hunn zéng Joer am Jugendtreff geschafft, duerno siwe Joer am Atert-Lycée, éier ech virun zwee an engem hallwe Joer nees zeréckkomm sinn. Ech hunn dee perséinleche Kontakt mat de Jonke gär. All Dag bréngt nei Iwwerraschungen: Wien kënnt haut bei eis an de Jugendtreff? Wéi eng Fro oder Erausfuerderung waart op eis? Et ass en immens spannende Beruff, well an deem Alter nach näischt festgeluecht ass. Ech kann deene Jonke wierklech eppes fir hiert weidert Liewe mat op de Wee ginn.

Foto: Réidener Jugendtreff

Dir beschreift de Jugendtreff dacks als en zweet Doheem. Wat mécht dës Plaz esou besonnesch?

Martine: Mir sinn eng kleng Struktur mat enger konstanter Ekipp an hunn et hikrut, eng bal familiär Atmosphär ze schafen. Fir vill Jonker si mir wichteg Bezuchspersounen. Si wëssen, datt si bei eis komme kënnen, ouni bewäert oder beurteelt ze ginn, fir Zäit mat anere Jonken ze verbréngen, oder mat eis iwwer eppes ze schwätzen, wat hinnen um Häerz läit. Verschiddener gesinn eis bal wéi Familljememberen. Dat ass eng grouss Verantwortung, awer och eng immens Beräicherung.

Maïté: Am Géigesaz zu der Schoul, wou et gewësse Verflichtunge gëtt, kommen déi Jonk fräiwëlleg bei eis. Si entscheede selwer, wéini si kommen, mat wiem si schwätzen a wat si eis uvertraue wëllen. Dës Fräiheet ass immens wichteg, fir eng richteg Vertrauensbasis opzebauen.

Wéi gewënnt een d'Vertraue vun engem Jugendlechen?

Maïté: Andeems een authentesch an disponibel ass a virun allem konsequent an zouverlässeg bleift. Déi Jonk brauchen Erwuessener, op déi si sech verloosse kënnen. Et muss een och spieren, wéini de richtege Moment ass, fir e Gespréich ze féieren. Heiansdo seet e Jugendleche wochelaang näischt, an op eemol mécht en sech op a vertraut engem seng Suergen un. Da muss ee genee an deem Moment fir hien do sinn.

Martine: Mir kennen eis Jonker a mierken normalerweis, wann eppes net stëmmt. Mir lauschteren hinnen no, ouni si ze urteelen. A wa mir e Problem net selwer léise kënnen, siche mir zesumme mat anere Fachleit no enger Léisung. Dat Wichtegst ass, datt kee Jugendleche mat senge Schwieregkeeten eleng gelooss gëtt.

Foto: Réidener Jugendtreff

Hunn d'Suergen an d'Problemer vun de Jonke sech am Laf vun de Jore verännert?

Martine: Jo, am Ufank stoungen haaptsächlech den Accueil an d'Aktivitéiten am Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht. Haut hu mir et ëmmer méi dacks mat komplizéierte familiären a perséinleche Situatiounen ze dinn. Eis sozial Roll ass däitlech méi grouss ginn. Dat verlaangt vill Erfarung, reegelméisseg Weiderbildungen an d'Fäegkeet, sech ëmmer nees un nei Situatiounen unzepassen.

Maïté: Zanter der Pandemie stelle mir och fest, datt déi Jonk méi oppen iwwer hir Gefiller an hir mental Gesondheet schwätzen. Dat ass eng positiv Entwécklung, och wann d'Situatiounen, mat deene mir konfrontéiert ginn, heiansdo schwiereg sinn. Et gëtt kee Patentrezept: All Jugendlechen ass anescht a mir mussen eis Aarbecht ëmmer nees hannerfroen.

Wéi eng Wäerter wëllt Dir de Jonke mat op de Wee ginn?

Martine: De Respekt viru sech selwer a virun deenen aneren, awer virun allem d'Vertrauen an déi eege Fäegkeeten. Mir wëllen hinne weisen, datt si vill méi erreeche kënnen, wéi si sech selwer zoutrauen.

Maïté: An datt si authentesch bleiwen! Als Jugendleche probéiert een dacks, eng Roll ze spillen, fir vun aneren akzeptéiert ze ginn. Mir wëllen de Jonke vermëttelen, datt si däerfe sinn, wee si sinn. Jiddereen huet seng Talenter a verdéngt d'Chance, dës ze weisen an ze entfalen.

Foto: Réidener Jugendtreff

Är Projete ginn heiansdo wäit iwwer déi üblech Aktivitéite vun engem Jugendhaus eraus. Wéi entstinn esou Iddien?

Martine: Alles fänkt mat de Wënsch an den Iddie vun de Jonken un. Heiansdo hu si eng zimlech verréckt Iddi, ouni ze wëssen, wéi si déi ëmsetze kënnen. Eis Aufgab ass et dann, si dobäi ze begleeden, Partner a Finanzéierungsméiglechkeeten ze fannen an aus hirem Dram e richtege Projet ze maachen. Mir hëllefen hinnen also, hir Iddien ze verwierklechen. Eise Message ass ganz einfach: „Dir däerft grouss dreemen!“

Maïté: Mee si mussen och selwer mat upaken! Mir wëllen hinne weisen, datt ee mat Engagement an Asaz aussergewéinlech Saache fäerdegbrénge kann. Duerch dës Projete léiere si, iwwer sech selwer erauszewuessen, nei Horizonter ze entdecken a méi Vertrauen an déi eege Fäegkeeten ze kréien.

Wat vun Ärer Aarbecht ass Iech besonnesch an Erënnerung bliwwen?

Martine: Ouni ze zécken, eis Rees a Kanada am Joer 2005! Zesumme mat Jonken aus Lëtzebuerg, der Belsch an Holland hate mir en Theaterstéck mam Titel Le tour de l'Europe en 80 minutes op d'Bee gestallt. Duerno si mir domat duerch Kanada op Tournée gaangen, mat eise Kostümer, Dekoren a sechs Minibussen! Fir vill vun de Jonke war et déi éischt Rees mam Fliger. Jugendlecher aus verschiddene Kulturen, déi ënnerschiddlech Sprooche geschwat hunn, hunn zesummen eppes Aussergewéinleches op d'Been gestallt. Dat war einfach magesch! Verschiddener schwätzen haut nach dovun.

Maïté: Et gëtt e fréiere Jugendlechen, deem seng Geschicht mech besonnesch beréiert. Wéi hien nach net richteg wousst, wat e mat sengem Liewe ufänke sollt, hat ech hien encouragéiert, eraus an d'Welt ze goen. Hien ass dunn an Neiséiland schaffe gaangen an huet duerno zu New York eng Ausbildung als Barman gemaach. Haut schafft hien op deene verschiddenste Plazen op der Welt. Bei engem Treffen tëscht fréiere Jugendtreff-Jonken huet hie mir erzielt, datt eis Gespréicher him d'Loscht ginn hätten, d'Welt ze entdecken. Hien huet verstanen, datt ee mat Motivatioun an haarder Aarbecht seng Dreem verwierkleche kann. Genee esou Momenter ginn eisem Beruff säi Sënn!

Foto: Réidener Jugendtreff

A wat sinn Är nächst Dreem a Projeten?

Martine: Mir preparéieren ënner anerem en humanitäre Projet an Tansania fir den nächste Summer. Un neien Iddie feelt et eis ni! Mee nieft all de Reesen a Projeten ass eis gréisste Freed nach ëmmer, fréier Jugendlecher no ville Joren erëmzegesinn a festzestellen, datt si hire Wee fonnt hunn.

Maïté: D'Verbindungen, déi hei entstinn, halen dacks nach laang un, nodeems déi Jonk de Jugendtreff verlooss hunn. Verschidden Anciene kommen eis reegelméisseg besichen, anerer bidden de Jonke Stagen an de Betriber un, an deene si haut schaffen. Esou entsteet iwwer d'Generatiounen e richtegt Netzwierk vu Solidaritéit.

Wat wëllt Dir den Elteren an den Awunner vum Réidener Kanton mat op de Wee ginn?

Martine a Maïté: Vertraut eis och weiderhin! An deene Jonke stécht immens vill Potenzial. Si brauchen Erwuessener, déi hinnen nolauschteren, si encouragéieren a begleeden, mee déi hinnen och de Fräiraum loossen, hir eegen Erfarungen ze maachen. Mir wëllen och d'Zesummenaarbecht mat de ville Strukturen a Veräiner am Kanton weiderféieren an ausbauen. Zesumme kënne mir de Jonken nach vill méi Dieren opmaachen. 

Kontakt:

Jugendtreff a.s.b.l. 
13, Grand-Rue
L-8510 Redange-sur-Attert
(+352) 23 62 06 57
martine@mjredange.lu

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kinder und Jugend

Aktuelle Nachrichten