Musée de l'Ardoise
Europäesch Deeg vum Patrimoine 17-18/10/2026
28/09/2026
Den 385th Bomb Group Museum zu Pärel ass vill méi wéi eng Sammlung vun Objeten aus dem Zweete Weltkrich. Hannert all Uniform, all Fallschierm an all perséinlechem Géigestand stécht eng, meeschtens dramatesch, Liewensgeschicht.
Mir hu mam Max Feller, Enkel vum Musée-Grënner Roger Feller, a mam Carlo Pavani iwwer nei Projeten, aussergewéinlech Visitten an hir Motivatioun geschwat.
Max Feller: Dat si ganz emotional Momenter. Mir kréien nach dacks Besuch vu Familljemembere vu Besatzungsmemberen, deenen hire Fliger hei an der Géigend erofgefall ass. Viru Kuerzem war de Neveu aus Australie vun engem Besatzungsmember bei eis, deem säi Fliger bei Rammerich ofgestierzt war. An eiser Ausstellung hu mir nach säi Stiwwel – e beweegend Erënnerungsstéck.
Mir hunn och de Fallschierm vun engem amerikanesche Pilot, deem säi Fliger bei Maartel erofgaangen ass. Hien huet de Crash iwwerlieft an huet als Merci säi Fallschierm engem Bauer ginn, deen him gehollef hat. Aus deem Stoff gouf spéider e Kommuniounskleed gemaach. Esou Geschichte maachen d'Geschicht op eng ganz besonnesch Aart lieweg.
Carlo Pavani: Mir hunn d'Ausstellung nei strukturéiert an e feste Parcours ugeluecht. Donieft hu mir nei Beräicher ageriicht. Besonnesch houfreg si mir op eng nogebaute Barack, an där een ënner anerem d'Ausbildungsmaterial vun de verschiddene Besatzungsmembere vun enger Boeing B-17 entdecke kann.
D'B-17 „Flying Fortress“ war ee vun de bekanntste schwéiere Bomber vum Zweete Weltkrich. Den 12. Juli 1944 sinn zwou esou Maschinnen iwwer Pärel aus bis haut net komplett gekläerte Grënn ofgestierzt. An deenen zwou Maschinne waren am Ganzen 20 Besatzungsmemberen. 18 vun hinnen hu beim Crash hiert Liewe verluer, nëmmen zwee hunn iwwerlieft.
Carlo Pavani: Genee. Vill Leit kënne sech guer net virstellen, ënner wéi enge Konditiounen dës jonk Männer geflu sinn. Hir komplett Ausrüstung huet dacks bis zu 40 Kilogramm gewien. A grousser Héicht hunn extrem Minusgrade geherrscht. Wann ee seng Händschen nëmme kuerz ausgedoen huet, konnte Fanger bannent e puer Sekonnen erféieren. Dobäi koumen d'Sauerstoffmasken an déi immens enk Plazverhältnisser. Mir wëllen de Visiteuren e Gefill dofir ginn, wat dës Männer duerchgestanen hunn.
Max Feller: Et gëtt nach vill ze maachen. Mir wëllen zwou rar Uniforme vun der Fräiwëllege Kompanie virum Krich mat Mannequinen an enger neier Vitrinn presentéieren. Och d'Vitrinn vun de Jonken aus eiser Gemeng, déi agezu goufen an de Krich iwwerlieft hunn, soll nei gestalt ginn.
Ganz extra ass och eis Gielemännechersuniform. Well déi meescht Uniforme vun de Collaborateuren nom Krich verbrannt goufen, ass esou e Stéck haut eng richteg Raritéit.
Carlo Pavani: Esou vill wéi eis Familljen eis ginn! Mir treffen eis all Mëttwochowend am Musée, fir Projeten ze plangen an un der Ausstellung ze schaffen. Wa gréisser Aarbechte lafen, ginn dacks och Weekender an Nuechten drop.
Bei eiser Porte ouverte, déi all Joer ëm den 12. Juli stattfënnt, hëllefen eis ganz Famillje mat. Ouni si wier dat alles net méiglech. Mir si wierklech dankbar fir dës Ënnerstëtzung.
Max Feller: Ech interesséiere mech scho säit menger Kandheet fir den Éischten an Zweete Weltkrich. Mäi Bop, de Roger Feller, huet mech ëmmer mat an de Musée geholl. Ech si praktesch hei opgewuess.
Et ass eis ganz wichteg, datt de Charakter vum Musée erhale bleift an datt vill vun deem, wat mäi Bop mat esou vill Léift opgebaut huet, och fir déi nächst Generatioune bestoe bleift. Eng ganz Rei vun den Ausstellungsstécker huet hien deemools vun der amerikanescher Militärbasis zu Spangdahlem kritt.
Max Feller: Dat ass richteg. Mir haten iwwer d'Joren héichrangeg Generäl, Ambassadeuren an aner wichteg Perséinlechkeeten op Besuch. Net seele si si mat gepanzerte Limousinnen an enger ganzer Sécherheetsescorte bei eis ukomm.
Eréischt dëst Joer hate mir eng Delegatioun vun der US Air Force, déi an Europa stationéiert ass, am Musée.
Max Feller: Eise wichtegste Message ass Fridden. Nom Motto „This shall not happen again” wëlle mir dozou bäidroen, datt esou e Krich sech ni méi widderhëlt.
Gläichzäiteg wëlle mir drun erënneren, datt d'Amerikaner eng entscheedend Roll bei der Befreiung vu Lëtzebuerg vum Naziregimm gespillt hunn.
An déi 18 Männer, déi den 12. Juli 1944 hiert Liewen iwwer Pärel verluer hunn, däerfen ni vergiess ginn: „As long as we live, they will live also.“
De Musée ass all 2. Sonnde vum Mount op :
1. Abrëll – 31. Oktober : 10h00-17h00
1. Oktober – 31. Mäerz : 10h00-16h00
Wa mir op sinn, sti mir selbstverstandlech fir Féierungen zur Verfügung.
385th Bomb Group Museum
6, rue de l’Eglise
Perlé
https://www.385bg.lu
385bgmm@gmail.com
Musée de l'Ardoise
28/09/2026
Gemeng Sëll
28/09/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Geschichtsfrënn
05/08/2026
Schiefermuseum
30/06/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026
Zone Industrielle Solupla
28/09/2026
Repair Café Kanton Réiden
28/09/2026
Musée de l'Ardoise
28/09/2026
Gemeng Sëll
28/09/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026