Musée de l'Ardoise

D'Villa Rother am Musée de l'Ardoise

Veröffentlicht: 06/08/2026 - 16:41
Aktualisiert: 06/08/2026 - 17:08
15 Minuten
Foto: Capsule

De Musée de l‘Ardoise vu Maartel ass ëm eng bedeitend Attraktioun méi räich ginn. No enger ëmfaassender Restauratioun steet déi historesch Villa Rother de Visiteuren elo op a léisst si an d‘Liewe vun der fréierer Besëtzerfamill vun de Schiefergrouwen andauchen. Besonnesch lieweg gëtt dës Rees duerch déi aussergewéinlech Fotossammlung vum Bungerefer Fotograph Nic. Molitor, engem Frënd an Associé vum August Rother. 
Am Gespréich erzielen d'Doris Thilmany, Administratrice déléguée vum Musée de l'Ardoise an de Patrick Diederich, Architekt-Conservateur beim INPA (Institut national pour le patrimoine architectural), wéi dëse bedeitende Projet Realitéit ginn ass.

Wat war Iech bei dëser ëmfangräicher Restauratioun besonnesch wichteg? 

Patrick: Fir eis als Denkmalschützer ass et ëmmer wichteg, dass déi klasséiert historesch Gebailechkeeten den zukünftege Generatiounen erhale bleiwen. Heibäi gëllt et natierlech souvill wéi méiglech historesch Baustrukturen ze konservéieren a no de Reegelen aus der Denkmalfleeg ze sanéieren. Och spillt natierlech den ökologesche Volet eng Roll. Ech perséinlech sinn e Frënd dovunner, dass sou mann wéi méiglech ofgebaut an entsuergt gëtt. Fir mech hunn d’Baudeeler aus all Epochen hir Chance verdéngt erhalen ze bleiwen, vu dass d’Evolutiounsgeschicht vun historeschen Haiser och Deel vun der Geschicht sinn. 

Ëmsou méi flott ass et dann natierlech, wann sou Elementer wéi zum Beispill en historesche Linoleum aus dem Ufank 20. Joerhonnert entdeckt ginn a fachgerecht restauréiert gëtt. Hei freet et mech besonnesch, dass mir een Deel dovunner hanner Muséesglas de Visiteure kënne weisen. De Recht ass propper geschützt ënnert dem neie Buedembelag, sou dass näischt dru kënnt an d’Konservéierung garantéiert ass. Dat selwecht gëllt fir déi besonnesch wäertvoll Tapéiten aus Seid aus dem Salon an Iessraum vun der Villa Rother, déi vu Spezialiste mat grousse Méi a villen Aarbechtsstonne restauréiert gi sinn. Dëst si sou Elementer déi vum Räichtum vun der Villa Rother berichten an elo duerch eis Restauratioun geséchert fir d’Zukunft der Nowelt kënne gewise ginn.

Firwat ass d’Villa Rother esou bedeitend fir den industriellen a kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg?

Patrick: D’Villa Rother ass en typescht Beispill vun der Industriegeschicht aus där Zäit. Am 19. an 20. Joerhonnert war et ganz normal, dass d’Patron’e vun der Industrie op hirem Site wou geschafft ginn ass och gelieft hunn. Natierlech awer ënner ganz aner Konditioune wéi de normalen Aarbechter. Déi sozial Ënnerscheeder hunn hei eng grouss Roll gespillt a goufen och demonstrativ jidderengem gewisen. D’Villa vum Patron war méi grouss, oft aus aner Materialien, aneschters ugestrach an dekoréiert, a war vun engem grousse private Park ëmginn, an deem d’Herrschafte gemittlech mat engem frësche Gedrénks vun der Terrass vum Schwäizer Pavillon aus den Aarbechten op hirem Industriesite konnten nokucken. 

Dës Sozialgeschicht, déi oft un d’Adelsstänn aus dem Mëttelalter erënneren, sinn um Schiefermusée zu Uewermaartel nach ganz gutt ze erkennen, besser wéi op all aner Industriesite bei eis am Land. Mir hunn hei wierklech déi grouss Chance, dass vum Patron senger Villa, den Industriegebaier (den Atelier’en, dem Spalthaus, der Forge, der Kantin, de Sozialgebaier oder d’Administratiounsgebai) och d’Aarbechterhaiser am Faubourg nach erhale sinn. Hei loossen sech déi sozial Ënnerscheeder och nach bildlech weisen: d’Villa vum Patron trount iwwert den Aarbechterhaiser vum Faubourg, jo souguer d’Stëtzmauer déi den Terrain vun der Villa Rother mam Park a Pavillon droen, ass esou ausgefouert dass se wéi eng Festungsmauer d’Aarbechter vun der privater Parzell ofgrenze soll.

Wat waren déi gréissten Erausfuerderunge bei den Aarbechten?

Doris: Fir mech perséinlech war déi gréissten Erausfuerderung an der Villa, op engem relativ klenge Raum esou vill verschidde Geschichte kënnen ze erzielen. All eenzelt Narrativ hätt eigentlech eng eege Presentatioun verdéngt, mee wéinst de begrenzte Raimlechkeeten an den Ufuerderunge vum Denkmalschutz war dat net méiglech.
Mir haten nach vill méi Iddien an eng Rei weider Objeten, déi mir gär gewisen hätten. Schlussendlech huet een awer e roude Fuedem an eng Geschicht, déi ee konsequent erzielt. Do muss een e gutt iwwerluechte Choix treffen – souwuel bei den Objeten, déi ausgestallt ginn, wéi och bei der Quantitéit un Informatioun an der Längt vun den Texter.

Patrick: Änlech wéi Doris dat gesäit, war et eng immens Erausfuerderung op dësem dach relativ enkem Raum, souvill Aarbechte gläichzäiteg maachen ze loossen. Et ware méi wéi 50 verschidden Entreprisen a Büro'en un dësem Projet bedeelegt, a virun allem an de leschte Woche gouf hei mat groussen Ekippen un de leschte Finitioune quasi ee widdert deem anere geschafft. Dëst ze organiséieren an ze delegéiere war eng immens Erausfuerderung, virun allem fir den Architekt an d'Ingenieure vun dësem Projet. 

Wee war den Nic. Molitor, a firwat ass säi fotographescht Wierk esou wäertvoll?

Doris: Den Nic. Molitor war Restaurateur an Hotelier zu Bungeref. Hie war net nëmmen eng wichteg Perséinlechkeet am Duerfliewen, mee och wäit iwwer d'Regioun eraus bekannt. Hie gouf 1872 gebuer an huet fir déi Zäit am Éislek en aussergewéinlecht Liewe gefouert. Schonn am Alter vun 20 Joer ass hien an Amerika gereest, hien huet vill Ausflich an d'Nopeschlänner gemaach an huet zu deenen éischte Leit aus der Géigend gehéiert, déi mat engem motoriséierte Gefier ënnerwee waren.

Seng grouss Passioun war awer d'Fotografie. Schonn viru méi wéi 130 Joer huet hie mat sengem Fotoapparat de Liewensalldag am Éislek festgehalen. Duerch seng Frëndschaft mam August Rother vun den Uewermaarteler Schifergrouwen, hat hien en eenzegaartegen Zougang zur Schiferindustrie. Hien huet eis mat senge Fotoen een Abléck an eng Zäit erméiglecht déi weder vum Thema nach vun der Géigend hir üblech war,

Seng Sammlung, déi aus ronn 2.000 Negativer op Glasplacken an ongeféier 1.000 Pabeierofzich besteet, ass haut e richtege Kulturschatz. Hien huet net nëmme seng Famill fotograféiert, mee och d'Liewen am Duerf: Fester, Kanner beim Spillen, d'Leit bei der Aarbecht an och Bungeref wärend den zwee Weltkricher. Besonnesch wäertvoll fir eis sinn eben och seng Fotoe vun de Leekollen, de Leekëpperten an hirer Aarbecht. 

Patrick: Och fir eis vum INPA huet d‘Collectioun Molitor e grousse Wäert. Sëllege Fotoe vum Nic. Molitor si fir eis wichteg Zäitzeie fir d’Geschicht vun der Baukultur an den Eislécker Dierfer ze verstoen. Den Nic. Molitor huet wierklech bal alles dokumentéiert, vum Bau vum Päreler Waassertuerm bis hin zu Fotoe vun den Haiser virun a nom zweete Weltkrich, dëst alles an enger Regioun, vun där mir net vill Fotoen aus där Zäit hunn.

Foto: Capsule

Wéi koum et, dass de Musée de l‘Ardoise Besëtzer vun dëser aussergewéinlecher Fotosammlung gouf?

Doris: Dat ass eng flott Geschicht. E gudde Kolleeg aus mengem Heemechtsduerf Houltz, de Romy Gaspas, ass am Kader vu senge ville Recherchen a Bicher op d'Negativer vum Nic. Molitor gestouss. Zesumme mam Gréitchen Molitor-Schonckert, der Schnauer vum Nic. Molitor, huet hien déi Sammlung op hirem Späicher nei entdeckt.

D'Gréitchen ass an der Regioun ganz bekannt. Vill Leit erënnere sech nach un den Hotel-Restaurant Molitor zu Bungeref oder un hire Restaurant zu Flatzbour, deen si iwwer vill Jore gefouert huet. Wärend menger Studentenzäit hunn ech selwer do geschafft. Sou hunn ech d’Gréitchen gutt kannt. Scho viru 25 Jor hat si mir fir de Frënn vun der Lee hirt Archiv e puer Pabeierofzich vum Nic. Molitor geschenkt. Mee keng Iddi, wéi grouss a wéi wäertvoll déi ganz Sammlung tatsächlech war. 

Am Réckbléck mécht dat alles Sënn. A ville Broschüren a Publikatiounen aus de fréiere Gemenge Pärel, Bungeref a Rammerech sinn ëmmer nees Fotoe vum Nic. Molitor opgedaucht. Si goufen dacks benotzt, ouni datt säin Numm iwwerhaapt ernimmt gouf. Wéi mir d'Bedeitung vun där Sammlung erkannt hunn, hu mer eis zesumme gesat an iwwerluecht wéi een d‘‘Sammlung am Beschten am Sënn och vum Nic. Molitor a senger Famill kéint en Valeur setzen. Si ass e wäertvolle Bestanddeel vum kulturelle Patrimoine vun eiser Regioun. Op Wonsch vum Gréitchen sollt se fir d’Géigend net verluer sinn an hei um Liewe gehale ginn. Sou si mer op de Musée de l'Ardoise komm. 

Foto: Collection Molitor

Gëtt et eng Foto, déi Dech perséinlech besonnesch uschwätzt?

Doris: Et ass schwéier, just eng erauszepicken. Wat mech ëmmer nees beandrockt, ass déi aussergewéinlech Qualitéit an déi absolut Schäerft vu de Fotoen. Virun allem d'Portraite hunn eng onheemlech Déift. Déi roueg Blécker, d'Würde an d'Präsenz, déi d'Leit ausstralen wann se sech ofzéie geloos hu, si wierklech beandrockend.

A wann ech méi genee hikucken, da bleiwen ech ganz oft un Detailer hänken. Dat kënnen zum Beispill hir Hänn sinn. Si leie roueg am Schouss, mee si erzielen eng ganz Geschicht. Et si grouss, staark Hänn, gepräägt vu vill Aarbecht an engem haarde Liewen. Si erënnere mech ëmmer un d'Hänn vu menger Boma.
Ech fannen, datt grad dës Fotoen eppes ausdrécken, wat ee kaum a Wierder faasse kann. Si schwätze vu Fleeg, Aarbecht, Verantwortung, Ausdauer an engem Liewen, dat net ëmmer einfach war. Haut siche mir no ëmmer neien Erliefnesser a sinn ëmmer um Tour fir méi Liewensqualitéit. Awer wann ech dës Fotoe kucken, hunn ech d'Gefill, datt hei méi Liewenserfarung, Maturitéit a méi Essenz stécht wéi an eiser Onmass vu flüchtege Momenter, déi mir sammele wëll mer soss soi-disant net liewen.

Foto: Capsule

Wat erwaart d’Visiteuren an der neier Dauerausstellung an der Villa? 

Doris: D'Visiteuren kënnen d'Ausstellung op verschidde Manéieren entdecken. Op den éischte Bléck ass et eng faszinéierend Fotoausstellung – eng richteg Fënster an d'Éislek tëscht 1900 an 1950.
Mee wann een e bësse méi déif grueft, entdeckt een nach vill méi. Et léiert eng Patronne kennen, déi schonn am Alter vun 35 Joer d'Leedung vun enger Schifergrouf an enger ausschliisslech vu Männer gepräägter Welt iwwerholl huet. Et krit een och en Abléck an den Alldag vun de Leit, déi an der Villa geschafft a mat der Herrschaft an hire klenge Marotte gelieft hunn. Gläichzäiteg weist d'Ausstellung déi staark Géigesätz tëscht dem Liewe vun de Besëtzer an deem vun de Leekëpperten, zwou ganz ënnerschiddlech Liewenswelten, déi hei op engem ganz klenge Raum nieftenee bestanen hunn.
Doriwwer eraus entdeckt een d'Ufäng vun der Fotografie an d'Entwécklung vun den éischte fotografeschen Techniken. An natierlech erzielt och d'Villa selwer hir Geschicht. Iwwer bal 200 Joer huet si sech ëmmer nees verännert a mat der Zäit entwéckelt. Och dat mécht d'Gebai zu engem spannenden Deel vun der Ausstellung.
Patrick: Nieft dëser aussergewéinlecher a wäertvoller Fotoskollektioun erwaarden d’Visiteuren och eng gelonge Restauratioun vun engem historesche Gebai an tauchen an d’Welt vun de Patron’e vun enger Groussindustrie vun Ufank dem 20. Joerhonnert an, mat all hire Facetten ewéi zum Beispill och d’Gespréicher an déi intim Gedanke vum Hauspersonal.

Firwat ergänzen d’Geschicht vun der Famill Rother an d’Fotoe vum Nic. Molitor sech esou gutt?

Doris: D'Liewensweeër vum August Rother an dem Nic. Molitor hu sech ëmmer nees gekräizt. Duerch hir Frëndschaft hat den Nic. Molitor en eenzegaartegen Zougang zur Welt vun de Schifergrouwen an huet vill vun dëse Momenter mat senger Kamera festgehalen.
Gläichzäiteg ass vun der Famill Rother selwer leider net vill Perséinleches erhale bliwwen. Nom Doud vun der Christiane Rother gouf et keng direkt Nokomme méi, an domat ass och vill vun hirer Familljegeschicht verluer gaangen. Nieft e puer perséinlechen Objeten an e puer Fotoe gëtt et nëmme wéineg, wat eis direkt vun hinnen iwwerliwwert gouf.

Awer et gouf ëmmer déi vill Geschichten, déi sech d'Leit an der Regioun erzielt hunn. An dat Spannend ass, datt vill vun dëse Geschichten duerch d'Fotoe vum Nic. Molitor op eemol eng visuell Bestätegung kréien. Si ginn de Mënschen e Gesiicht an de Geschichten eng nei Dimensioun.
Genee dat mécht dës Ausstellung esou besonnesch. Si erzielt net nëmmen d'Geschicht vun enger Famill oder vun enger Industrie, mee virun allem d'Geschicht vu Mënschen. An ech mengen, et ass grad dat, wat d'Visiteure beréiert a wat dës Ausstellung esou lieweg mécht.

Firwat ginn d’Originalfotoen am Centre national de l’audiovisuel (CNA) konservéiert?

Fir d’Gréitchen an hir Famill war et ganz wichteg, datt d'Kollektioun vum Nic. Molitor erhale bleift an och fir zukünfteg Generatiounen zougänglech ass. De Schiefermusée war dofir déi richteg Plaz, well d'Fotoen hei am Kontext vun der Geschicht vun de Schifergrouwen hir ganz Bedeitung entfalen.

Gläichzäiteg schaffe mir schonn zanter den 1990er Jore mam Centre National de l'Audiovisuel, dem CNA zu Diddeleng, zesummen. Ënner hu si eis Touninterviewe mat fréiere Leekëpperten an hire Familljen digitaliséiert a konservéieren dovunner haut nach déi original Tounträger. Et war also eng logesch Weiderféierung vun där Zesummenaarbecht. Den CNA ass egal wéi déi national Referenz, wann et ëm d'Konservéierung vu sou empfindleche Glasnegativer geet. Do sti speziell Raim a modern Infrastrukturen zur Verfügung, fir dës wäertvoll Dokumenter ënner optimale klimatesche Bedéngungen dauerhaft ze konservéieren.

Zanter 2019 gëtt d'Kollektioun do professionell versuergt a gouf och do komplett propper gemaach an digitaliséiert. Mat der Erëffnung vun der Villa Rother kann d'Ëffentlechkeet dës aussergewéinlech Sammlung elo am Schiefermusée entdecken a konsultéieren. Esou si gläichzäiteg den Erhalt vun den Originaler an den Zougang fir d'Visiteure garantéiert.

Foto: Capsule

Ass d’Villa och accessibel fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit? 

Patrick:  Den Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) leet, wéi all aner ëffentlech Administratioun hei zu Lëtzebuerg, besonnesch Wäert drop, dass och Leit mat ageschränkter Mobilitéit kënnen dëse Patrimoine kucken an erliewen. Leider ass dëst awer duerch déi baulech Ëmstänn net ëmmer méiglech. Do wou et geet, loosse mir Adaptatiounen zou, a schaffen enk mat den Institutiounen aus dësem Beräich zesumme fir eng Accessibilitéit ze garantéieren. 

D’Ausstellungsraim vun der Villa Rother si fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit zougänglech. Och hu mir de fréiere Vestiaire vun der Villa sou ëmgebaut, dass mir eng PMR-Toilett konnten an d’Gebai abauen.

Wat wënscht Dir Iech, dass d’Visiteuren no enger Visite vun der Villa an de Grouwe mat heem huelen? 

Doris: Ech géif mir wënschen, datt d'Visiteuren de Musée mat deem selwechte Gefill verloossen, dat mir ganz dacks héieren: datt Uewermaartel wéi eng Fënster an d'Vergaangenheet ass, e richtegen Zäitsprong.
Ech hoffen, datt si virun allem de Mënschen hannert deem begéine wat mir weisen an zougänglech maachen an datt si d‘Geschichten, d'Fotoen, d'Atmosphär an d'Emotiounen nach eng Zäit laang mat sech droen. Genee dat ass och de Geescht vun eisem Motto: „Lieweg Geschicht – Geschicht erliewen.“ Wann d'Leit mat deem Gefill heem ginn, dann hu mir eist Zil erreecht.

Schafft Dir schonn un neie Projeten, op déi sech d'Visiteure freeë kënnen?

Doris: Ee Projet, deen eis als Schiefermusée ganz besonnesch um Häerz läit an un deem mir schonn zanter e puer Joer mat de Frënn vun der Lee schaffen, ass déi zukünfteg permanent Ausstellung am fréiere Spalthaus Johanna.
Wéi mir tëscht 2019 an 2022 d'Ouverture vum ënnerierdesche Biergwierk virbereet hunn, war eis schonn däitlech, datt mir do ënnen net d‘Geschicht vun de Leekolle kéinte vermëttelen. De Souterrain soll virun allem eng authentesch Erliefnisplaz sinn. Dofir ass bei eis am Kapp déi grouss permanent Ausstellung méi wéi eh und je präsent. Do wëlle mir d'Geschicht vun der Schiferindustrie an hirer ganzer Villfalt erzielen: vun der Geologie a Mineralogie iwwer d'Entwécklung vun de Schifergrouwen am 19. Joerhonnert bis bei déi sozial a kulturell Aspekter.

Natierlech wäert och d'Handwierk am Mëttelpunkt stoen. Mir wëllen eis Sammlung vun Objeten weisen, d'Aarbecht vum Leekëppert an déi verschidde Beruffer ronderëm d'Schiferindustrie mat dem Savoir-faire vermëttelen, deen dëse Beruff esou besonnesch gemaach hunn.
Dës Ausstellung wäert d'Visitt vum ënnerierdesche Biergwierk an déi aner Beräicher vum Site ideal ergänzen. Esou kënnen d'Visiteuren net nëmmen d'Schifergrouf erliewen, mee och d'Geschicht, d'Mënschen an de Know-how hannert dësem aussergewéinleche Patrimoine nach besser verstoen.

Patrick: Nieft den Entretiensaarbechten um Site (et sinn hei méi wéi 20 historesch Gebaier erhalen no deene mir kucke mussen), hu mir als Bauhär, mam Här Kulturminister a Schiefermusée zesummen och schonns Iddi’en an e Masterplang ausgeschafft, wat fir prioritär Projet’en deemnächst wäerten ustoen.
Ganz konkret schaffe mir aktuell un engem Avant-projet détaillée fir en neien Accueil mat Shop, deen an d‘Gebai vun der fréierer Schräinerei soll integréiert ginn. Och hei, wéi bei all eise Projet’en, soll eng douce Restauratioun vum Gebai gemaach gi bei där sech déi nei Elementer kloer vum Bestand ënnerscheeden. 
Duerch dëse Projet garantéiere mir de Visiteuren an Zukunft eng besser Accessibilitéit a wäerten dem Schiefermusée den Alldag vereinfachen.  
Aner Iddi’e sinn, fir dass de Visiteur e ganzen Dag op der Leekoll verbrénge kann, d’Amenagement vun engem klenge Restaurant. Och hei si mir mat de Pré-Etuden amgaangen.

Den Tobias Gieb ass zoustänneg fir den neien Dokumentatiounszentrum, an deem d’Visiteuren déi komplett digitaliséiert Kollektioun vum Nic. Molitor kënnen entdecken. 

Tobias, ween huet déi dausende Fotoen a Glasplacken digitaliséiert?

Tobias: Fir all di Fotoen anzescannen a richteg ze stockéieren huet di richteg Platz hei am Musée gefeelt an och d’Kënnen dat Ganzt fachgerecht ze traitéieren an ze digitaliséieren. D’Fotoen a d’Glasplacken, d’Originaler also, goufen dofir vum CNA, dem Centre national audiovisuel, zu Diddeleng héichwäerteg agescannt, an déi sinn och do korrekt stockéiert a archivéiert.

Wat bitt den Dokumentatiounszentrum den interesséierte Visiteuren? 

Tobias: Den Dokumentatiounszenter erlaabt et den interesséierte Léit en digitalen Accès op di ganz Kollektioun vun 3669 Fotoe vum Nic. Molitor; an domadder och eng Entdeckungsrees op verschidden Niveauen. Engersäits een Abléck op d’Geschicht vun eisem Land, un eis Bräich, Fester an de Dierfer, mee och an den zweete Weltkrich an seng Zerstéierungen am Weste vum Land. An och eng geographesch Entdeckungsrees, op Bungeref, op Esch-Sauer, an de Mëllerdall, an d’Natur vun eisem Land, mee heiansdo och bëssi méi weit an d’Ausland op Paräis zum Beispill. A wann ee méi Zäit am Dokumentationszenter verbréngt, wann een d’Kollektioun länger ukuckt, fänkt een un och ee Gefill vum Kënschtler Nic. Molitor ze kréien, an et ass een op eng Kéier op eng artistesch Entdeckungsrees: d’Technik vun der Fotografie an de Bléck vum Nic. Molitor op seng Matmënschen, op seng Regioun, säi Choix vu Motiver an der Inzenéierung, déi him ganz eege sinn. 

Wéi kann een Zougang zu de sëllege Fotoe vum Nic. Molitor kréien? (op RDV, Auerzäiten, Präis, Droit d’Auteur)? 

Den Zougang ass nëmmen iwwer Rendez-vous ze kréien. Ee Visiteur deen no senger Visitt am Souterrain den Dag selwer gesäit, dat et do een Dokumentatiounszenter gëtt, fir nach mei Fotoen ze kucken, ka leider net direkt kommen. Mee d‘Prozedur bleift ganz einfach: am Viraus eng Email schécken op info@ardoise.lu mat Ärem Numm, dem gewënschten Datum an d‘Auerzäit fir d’Kollektioun kucken ze kommen an dann äntwerten ech oder ee vun den Mataarbechter fir de Rendez-vous ze organiséieren. Dat kann an der Woch oder Weekends stattfannen, vun 8h bis 18h, och Méindes, wou de Musée normalerweis fir de Public zou ass. A wat richteg flott ass fir d’Léit: den Accès kascht näischt, mir froe just den Droit d’Auteur ze respektéieren: dat ass eng einfach Mentioun beim Bild sëlwer. Dat kritt den Interesséierten oder Chercheur awer den Dag selwer vun eis gewise wei dat genau geet. Virum oder nom Rendez-vous kann den Interesséierten awer natierlech d’Grouf entdecke goen oder eppes Klenges am Bopebistro nach drénke, falls mir eis an de regulären Ëffnungszäite befannen!

Wat steet déi nächsten Zäit nach op Denger To-Do-Lëscht? 

D’Kollektioun Nic. Molitor ass lo accessibel fir de Public: dat ass schonn eng grouss Errungenschaft, mee et kann nach ganz vill Recherche a Bestëmmungsaarbecht gemaach ginn op Basis vun dene Fotoen. Wou a wéini genau ass di Foto gemaach ginn, oder wie sinn déi Leit op der Foto? Do ass natierlech och all Hëllef vu bausse gefrot, och vun den interesséierte Léit selwer, déi d‘Fotoe wéilte kucke kommen. Vläit erkennt jo een seng Bomi oder säi Bopa op di eng oder aner Foto! Nieft der Kollektioun Nic. Molitor sinn awer och eis Archiver nach opzeschaffen. All di Dokumenter vun der Firma, d’Leschten mat de Nimm vun den Aarbechter a villes méi. Ech freeë mech scho mir déi Zeit ze huele fir mech do mam Kapp no vir ranzestierzen, och a Präparatioun fir eis zukünfteg Dauerausstellung am Spalthaus iwwer d’Schiferindustrie sëlwer!

Kontakt:

Musée de l‘Ardoise
Haut-Martelange
(+352) 23 640 141   www.ardoise.lu

 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kulturerbe und Geschichte

Aktuelle Nachrichten