Musée de l'Ardoise
Europäesch Deeg vum Patrimoine 17-18/10/2026
28/09/2026
De Georges Even vun Ell huet an de leschte Joerzéngten eng ganz Rei Bicher iwwer d'lëtzebuergesch Geschicht am Zweete Weltkrich publizéiert. A senge Wierker beschäftegt hie sech ëmmer nees mat manner bekannte Kapitelen aus där Zäit a recherchéiert d‘Schicksaler vun deenen, déi dës Besatzung materlieft hunn.
A sengem neiste Buch widmet sech de Georges engem besonnesch sensibelen a laang Zäit wéineg beliichte Kapitel vun eiser Geschicht: de Lëtzebuerger, déi an der Waffen-SS gedéngt hunn, enger militärescher Organisatioun vum nationalsozialistesche Regimm, déi fir hir Brutalitéit berüchtegt war.
Ech schaffe beim Staat, si bestuet, an hunn dräi Kanner. Zënter ville Jore beschäftegen ech mech intensiv mat der lëtzebuergescher Geschicht, besonnesch mam Zweete Weltkrich.
Et ass ee vun deene wéinege Kapitelen aus der Lëtzebuerger Geschicht, dat nach ëmmer net am Detail erfuerscht ass. Genee dat huet mäin Interessi erwächt a mech motivéiert, fir mech mat dësem Thema auserneenzesetzen.
Ech hat net erwaart, datt ronn 100 Persoune vu Lëtzebuerg an der Waffen-SS waren. Et ass awer wichteg ze betounen, datt all Eenzelen seng eege Geschicht hat, déi am Buch dokumentéiert gëtt. Vun dësen ongeféier 100 Persoune sinn der ronn 20 fräiwëlleg der Waffen-SS bäigetrueden. Ronn zéng dovu kënnen als iwwerzeegt Nationalsozialisten agestuuft ginn.
Et ware Leit aus de verschiddenste Schichte vun der Gesellschaft. Vill hunn op der Schmelz oder an der Landwirtschaft geschafft. Ënnert hinne waren awer och Schlesser, Bäcker, Studenten an en Architekt.
Jo, 4 waren aus dem Kanton Réiden.
Bal all hu se sech nom Krich virun engem lëtzebuergesche Geriicht misse verantworten. Vill vun hinne goufen zu héije Prisongsstrofe verurteelt.
Et ass wichteg, sech bewosst ze sinn, wéi séier ee selwer an d’Fäng vun enger Besatzungsmuecht gerode kann, aus där et schwéier oder esouguer onméiglech ass, erëm erauszekommen. Et soll een och ni ze séier iwwer aner Mënsche jugéieren, well all Eenzelne seng eege Geschicht an eege Beweeggrënn hat.
D’Lieser solle sech d’Fro stellen: Wéi hätt ech selwer an där Situatioun reagéiert?
Ech hunn nach déi eng oder aner Iddi fir weider Projeten zum Thema Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg.
D'Buch ass an alle Librairien zu Lëtzebuerg oder direkt bei mir ze kréien. Et ëmfaasst 160 Säiten am DIN-A4-Format a kascht 45 Euro.
Georges Even Mail: evengeorges@hotmail.com
Fir eng Bestellung, wgl genau d'Liwweradress uginn: Tel.621 721 715 (payconiq); Iwwerweisung : LU85 1111 0879 2543 0000
Musée de l'Ardoise
28/09/2026
Gemeng Sëll
28/09/2026
Musée de l'Ardoise
25/09/2026
Leader Wëlle Westen
25/09/2026
385th Bomb Group Museum
23/09/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Chrëschtmäert-Agenda
28/10/2026
E Stopp fir de Mupp
28/10/2026
Kultur-Agenda
27/10/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
HPPA Redange
27/10/2026