Musée de l'Ardoise
Europäesch Deeg vum Patrimoine 17-18/10/2026
28/09/2026
Am Kader vum Kommemoratiounsdag ass d’Wanderausstellung „Spott dem Naziregime“ vum Musée National de la Résistance et des Droits Humains am Festsall zu Sëll ze gesinn.
D’Ausstellung beschäftegt sech mam Widderstand géint den Nazi-Regimm duerch Satir, Karikatur a kënschtlereschen Ausdrock. Dobäi weist si, wéi Humor a Konscht als Forme vu Resistenz agesat goufen, a stellt gläichzäiteg d’Bedeitung vu Meenungsfräiheet, Demokratie an Erënnerungskultur an de Mëttelpunkt.
Déi offiziell Ouverture ass e Freiden, den 9. Oktober um 19:00 Auer. Bei dëser Geleeënheet hält de Frank Schroeder, Direkter vum Musée National de la Résistance et des Droits Humains, eng Konferenz a gëtt en interessanten Abléck an den historesche Kontext an d’Thematik vun der Ausstellung.
E Samschden, den 10. Oktober, vu 14:00 bis 18:00 Auer ass d’Ausstellung fir de Public op.
D’Adress vum Festsall ass: 7, route d'Arlon. L-7471 Saeul
Jiddereen, dee sech fir Geschicht, Demokratie an d’Bedeitung vun der Meenungsfräiheet interesséiert, ass häerzlech invitéiert, laanschtzekommen.
Musée de l'Ardoise
28/09/2026
385th Bomb Group Museum
23/09/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Geschichtsfrënn
05/08/2026
Schiefermuseum
30/06/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026
Zone Industrielle Solupla
28/09/2026
Repair Café Kanton Réiden
28/09/2026
Musée de l'Ardoise
28/09/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026