Musée de l'Ardoise

D'UNESCO GEODIVERSITY DAYS 2026 zu Lëtzebuerg

Veröffentlicht: 25/09/2026 - 12:40
Aktualisiert: 29/09/2026 - 12:53
2 Minuten

Eng weltwäit Aktioun, fir déi geologesch Schätz vun eisem Planéit ze entdecken an ze schützen.

Samschdes, den 3. Oktober 2026 : DRÄI SCHIEFERGROUWEN – DRÄI VERSCHIDDEN NOTZUNGEN

Vum Patrimoine bis zur Innovatioun: Entdeckt, wéi eemoleg Schiefergrouwen eis Regioun och haut nach prägen.

Guidéiert Visitt, organiséiert vum Musée de l’Ardoise (FR / LU)

Wat geschitt mat enger fréierer Schiefergrouf, wann den Ofbau bis agestallt gëtt? Wéi kënnen dës Plazen, déi Zeie vun eiser industrieller Vergaangenheet sinn, och an Zukunft nach eng Roll spillen?

Am Kader vun de Geodiversity Days kënnt Dir op engem guidéierte Spadséiergang vu ronn 6 km dräi emblematesch fréier Schiefersitten entdecken. Jidderee vun hinne weist eng aner Manéier, wéi dësen aussergewéinleche Patrimoine haut anescht genotzt an opgewäert ka ginn.

Den Tour start beim Musée de l‘Ardoise, wou de Patrimoine erhalen, erfuerscht a vermëttelt gëtt.

Duerno geet et bei déi fréier Schiefergrouf Donner zu Martelange an der Belsch. Dës sinn haut Deel vun engem ambitiéise Energiespäicher-Pilotprojet, bei deem dat grousst Potenzial vun den ënnerierdesche Galerien a Kummeren genotzt gëtt.

Zum Schluss féiert den Tour op de Site Geo-Energy zu Martelange-Rombach. Hei ënnersicht d'Uni Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Rammerich d'Potenzial vum Ënnergrond, fir nohalteg Léisunge fir d'Heizen an d'Ofkille vum zukünftege Quartier op der Roumicht ze entwéckelen.

Op all Etapp deelt eng Fachpersoun hiert Wëssen an hir Erfarung:

  • Jacques Windeshausen, Proprietär a Gestionnaire vun de fréiere Schiefergrouwe Donner
  • Dr Natascha Kuhlmann, Geologin op der Uni Lëtzebuerg
  • Doris Thilmany, administratrice déléguée vum Schiefermusée a laangjäreg Benevole bei de Frënn vun der Lee asbl.

De ganze Wee iwwer gitt Dir méi iwwer d'Geschicht vum Schieferofbau an der Regioun gewuer an entdeckt d'Verbindungen tëschent dësen dräi Sitten.
Dëse Spadséiergang weist, wéi dat selwecht Ierwen haut ganz ënnerschiddlech Forme unhuele kann: d'Erënnerung un en traditionellt Handwierk erhalen, d'wëssenschaftlech Fuerschung virubréngen an d'Energieléisunge vu muer entwéckelen.

Eng eenzegaarteg Geleeënheet, fir d'Landschaften, déi vum Schieferofbau gepräägt goufen, mat aneren Aen ze gesinn an ze entdecken, wéi Patrimoine, Geologie an Innovatioun sech ergänze kënnen, fir gemeinsam d'Zukunft ze gestalten.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kulturerbe und Geschichte

Aktuelle Nachrichten